Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ i look: Net vergiessen, déif Loft ze huelen

Konscht

i look: Net vergiessen, déif Loft ze huelen

"i look" heescht eng Ausstellung mat Wierker vun der Katarzyna Kot an dem Jean Luc Koenig. An der "Piazza Sixthfloor" an der Neimillen, kuerz hanner Käerch, hunn déi zwee Kënschtler e Raum fonnt, deen hirer enormer Komplicitéit zegutt kënnt.

auto_stories

7 min

Katarzyna Kot a Jean Luc Koenig op der Invitatioun (D'Aen si vertosch)

D’Alliteratiounen "Katarzyna Kot / Jean Luc Koenig / i look" kënne kaum all vu laanger Hand geplangt sinn. An dach füge si sech quasi natierlech zesummen. A schonn de Wee fir an d’Expo enthält déi eng oder aner verstoppt Spillerei, déi engem op den zweete Bléck an d’A spréngt.

Et gesäit ee Bëschlandschaften am Schnéi, filigran dekoréiert Doudekäpp, eng prachtvoll Pissblumm am avancéierte Stadium, also wou de Som prett ass fir fortzefléien, déi vun enger elegant geschwongener Hand ënnert enger gliese Klack gedroe gëtt. Wousst Dir, datt d’Pissblumm als Heelplanz fréier ënner anerem vill benotzt gouf, fir A-Krankheeten ze heelen?

Wichteg Motiver

Verschidde Motiver dauchen ëmmer erëm op: Hänn zum Beispill, an Doudekäpp. Si kombinéiere sech mat Skulpturen aus Holz, Metall, an Eecheblieder. En Eenzelbett (ass et e Kannerbett?) e Gestell aus roude Staangen, mat amplaz vun enger Matrass enger grousser Schicht doudegen Eecheblieder drop, steet virun enger grousser ronner Skulptur aus lauter Äscht, mat Moos bewuess, a bluttrout ugestrach, déi un der Mauer hänkt. Wéi een Natur-noe Mandala oder en Ausschnëtt aus engem System vu Bluttzirkulatioun. Dat zyklescht, dat Vergänglecht, kuerz: d’Natur, ass omnipresent.

Dreams

Am ​Ausstellungs-Raum vum Sixthfloor féieren d’Aarbechte vun deenen zwee K-en een intensiven Dialog mateneen. An och wann een hir jeeweileg Virléiften, Themen an Obsessiounen aus vergaangenen Expoe kënnt, wien déi ausgestallten Objete just iwwerflitt dierft sech froen, wat ass hei Kot, a wat Koenig?

D'Artiste si frou doriwwer, datt hir Aarbechte matenee verschmëlzen. Ausserdeem wär et manner wichteg, vu wiem e Wierk wär, sou de Jean Luc Koenig, dat Wichtegst wär d'Aarbecht u sech.

​Den Zyklus vun der Natur

Et ass opfälleg, wat fir eng grouss Inspiratiounsquell d’Natur fir déi 2 Kënschtler ass: allebéid schreiwe hir eng sakral Roll zou, an insistéiere gläichzäiteg op d’Vergänglechkeet vum Liewen. "Déi véier Joreszäiten, dat ass d'Liewen an den Doud", seet de Jean Luc Koenig. "D'Natur ass fir mech d'Relioun. Si ka ganz schéi sinn, mee si kann och ganz, ganz déidlech sinn."

D'Katarzyna Kot erkläert, datt och an hirer Aarbecht den Zyklus vun der Natur eng wesentlech Roll spillt. "Dat weist sech a mengem Leitmotiv: d'Blat vum Bam gëtt herno selwer zum Kompost, zum Dünger fir aner Planzen. Also mécht de Krees sech zou."

Dës Interpretatioun géif awer elo mol virun allem hire Sensibilitéiten entspriechen, ënnersträichen d’Artisten. Villäicht géifen déi déi, Ausstellung kucke kommen, nach ganz aner Saachen gesinn oder empfannen. Fir si selwer wär "i look" ganz vill mat Gefiller verbonnen.

Bloodstream of Nature

Méiglecherweis schwätzt et verschidde Leit net un, well et onbequem ass un den Dout ze denken. Dobäi ass en omnipresent. Awer d'Katarzyna Kot erkläert, datt et ëmmer nees eng Operstéiung gëtt an alles sech vum selwe revitaliséiert. "Dofir ass eis Presentatioun och net ganz morbid."

Wat bei aller Vanitas a besonnesch beim Jean Luc Koenig ni feelt ass déi eng oder aner zolidd Prise Humor. Ganz besonnesch, wann och net exklusiv, a Kombinatioun mam sakralen. Villäicht an der Form vun engem klengen Detail bei enger gemeinsamer, imposanter Installatioun.

Dialog mam an am Raum

D’Räimlechkeete vum Sixthfloor sinn absolut appropriéiert fir den Dialog tëschent den Aarbechte vun der Katarzyna Kot an dem Jean Luc Koenig an Zeen ze setzen. D'Kënschtler luewen d'Flexibilitéit vum Espace.

Déi Komplicitéit an Harmonie an déi komplett Absence vu Konkurrenz war net ofgeschwat, net geplangt, si ass awer ganz séier entstan. Kennegeléiert hunn déi zwee Artiste sech op engem Vernissage, och wann deen een deem anere jeeweils anere seng Saache virdru schonn um Radar hat.

Nëmmen zwou Wochen dauert "i look": Finissage ass den 12. Juni. D’Ausstellung wäert awer dokumentéiert ginn, an d’Kënschtler hätten och Wëlles "e Bichelchen ze maachen", sou de Jean Luc Koenig.

One Flew - Extrait


Sixthfloor: http://www.sixthfloor.lu/about.php
Jean Luc Koenig: http://royalement.eu/
Katarzyna Kot​ http://www.kotkart.lu/