Literatur "Heiansdo sinn et d'Affer, déi musse verzeien"

Um Ohrid-Séi a Mazedonien huet déi bulgaresch Schrëftstellerin Kapka Kassabova hir eege Familljegeschicht an allgemeng d'Quelle vum mënschleche Leed am Balkan exploréiert. D'Resultat ass e faszinant Buch: "To the lake. A Balkan journey of war and peace".

Michel Delage

Saint-Malo 2022 Kapka Kassabova
Kapka Kassabova

De ganzen Interview lauschteren


Als Jugendlech ass déi 1973 zu Sofia gebuere Kapka Kassabova mat den Elteren an Neiséiland ausgewandert. Spéiderhin huet si de Wee zréck an Europa fonnt fir sech a Schottland nidderzeloossen, wou si zanterdeem lieft.

Zënter dem Enn vun den 90er Jore publizéiert si Gedichter, Romaner an Essaien, ëmmer op Englesch. An hirem leschte Buch "To the lake. A Balkan journey of war and peace" beschreift si hir Rees a Mazedonien, tëschent den Zwillingsséien Ohrid a Prespa.

Am Gespréich mam Michel Delage erkläert d'Kapka Kassabova, firwat si sech op d'Spuere vun hirer Famill gemaach huet. Si schwätzt iwwer d'Ursaache vun der Tyrannei am Balkan, iwwer déi patriarchalesch Gesellschaften, iwwer den ethnesche Mix, iwwer Krich mee och iwwer Schéinheet, Léift an Hoffnung.


"To the lake" gëtt et och op franséisch: "L'Echo du lac. Guerre et paix à travers les Balkans" (Editions Marchialy) an och an enger däitscher Iwwersetzung: "Am See. Reise zu meinen Vorfahren in Krieg und Frieden" (Hanser Verlag).

Méi zum Thema

Gousel Iakhina Saint-Malo 2022
Literatur

Fir hiren historesche Roman "Les Enfants de la Volga" knäppt déi russesch Schrëftstellerin Gousel Iakhina un d'Traditioun vun den däitsche Märercher un. De Michel Delage huet si zu Saint-Malo begéint.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen