Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch"

Kultur

"Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch"

"Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch" ass den Titel vum neie Buch vum Guy Rewenig, dat bei Éditions Guy Binsfeld eraus komm ass. Eelef Geschichten an Erzielungen mat hire ganz aussergewéinlechen an op déi eng oder aner Aart a Weis beréierende Protagonisten, huet d'Valerija Berdi gelies.

auto_stories

3 min

"The same procedure as last year, Miss Sophie?

"The same procedure as every year, James."

Mir sinn am Guy Rewenig senger Geschicht" Plakeg Mécken" net am bekannte Sketch "Dinner for One", mee op enger Familljefeier. Et ass Neijoerschdag, d'Tattaen a d'Monnie sinn invitéiert an de klenge Kimmy huet gekacht. Et ass schonn eppes Besonnesches, wann e Kand vun néng Joer ganz eleng Paté a Jelli mécht, Bounenzalot a gebrode Gromperen an dann nach eng Aprikosemousse.

D'Invitéë si begeeschtert an dem Kimmy seng Eltere besonnesch houfereg. Zemools de Papp, deen dem Bouf säin Talent mat ganz vill Schampes, Wäin an Drëppe feiere muss ...

Wat sech op den éischte Bléck no esou dacks typeschem Lëtzebuerger Klamauk unhéiert, ass eng batterbéis Geschicht. E Zenario, dee sech all Joer widderhëlt, all Joer déi selwecht Gäscht, de selwechte Menü, de selwechte Kimmy. Just all Joer gëtt een e bësse méi iwwer d'Famill gewuer, an iwwer de Misär mam Kimmy sengem Papp ...

Kee Geschnörkels a keng Friemwierder

A wéi an der Geschicht mam treffenden Titel "Plakesch Mécken", kuckt de Guy Rewenig a sengen Erzielungen hanner d'Fassade vun de Lëtzebuerger Haiser.

Et begéint ee Mënschen, déi en Deel vun der Gesellschaft sinn, an awer iergendwéi um Bord vun dëser stinn. Den Här Müller, deen dem Buch och den Titel ginn huet, ass en eeleren Här, dee mat sengem Puschi - en Hond, denkt een den éischte Moment, zesummelieft. Den Här Müller sëtzt an engem Rollstull, de Stot kritt hie vum Amanda gemaach an d'Iesse vum Djamal geliwwert. E Gaardenzwerg an d'Petunië sinn dem Här Muller seng Passiounen an och hei kléngt alles e bësse verréckt, an och hei sinn et d'Dialogen, déi d'Protagoniste Schicht fir Schicht ausdoen an hir Wiesenszich zum Virschäi bréngen.

De Rewenig huet säin onverkennbare Stil, deen de Räichtum vum Lëtzebuergeschem opweist awer och d'Häert vun der Sprooch. Et gëtt kee Geschnörkels a keng Friemwierder, d'Säz an d'Mënsche si graff, ouni Erbaarmen an awer verstoppt sech hanner all Gesiicht eng Zerbriechlechkeet an eng Sensibilitéit, déi net soll no bausse gewise ginn. Et geet och ëm de Verfall, de bewossten oder onbewossten, an engem Altersheem oder op engem Parking zu Mamer, wou sech zwee fréier Schoulkolleegen, 50 Joer no hirer Première duerch Zoufall begéinen a sech an hirer Vergaangenheet verléieren. Eng vun de stäerkste Geschicht an dësem Band, well se voller Uspillungen ass, déi net just eppes iwwer déi zwee schnéiwäiss Männer, mee iwwer d'Entwécklung vun der Gesellschaft, vun den eenzelen Acteuren an dëser Gesellschaft verroden.

Kee gutt verdaulecht Buch

Den absolutten Héichpunkt ass awer d'Diskussioun mam Här Wolak iwwer deem säin Haass géigeniwwer Bibliothéiken. Kann e Bicher nach liesen oder soll ee se iessen? An "Eatable books" gëtt dat Ganzt Gedeessems ronderëm "Let's make it happen" an d'Vermurkse vun der Lëtzebuerger Sprooch op eng ganz typesch Rewenig-Manéier op d'Schëpp geholl.

Ob alle Fall ass "Den Här Müller spréngt iwwer säi Schiet a land am Guinnessbuch" kee gutt verdaulecht Buch, dofir soll een et lues a ganz opmierksam liesen.