Guy Helminger -Die Lombardi-Affäre E kuerzweilege Genoss

A sengem neie Roman "Die Lombardi-Affäre" weist de Guy Helminger, wéi en Afloss de berüümte Sak Räis, deen a China ëmfält, déi Lëtzebuerger Konschtzeen beaflosst, an do feelt et net u méi oder nach méi bekannte Protagonisten. E kuerzweilege Genoss, fënnt d'Valerija Berdi.

Valerija Berdi

Guy Helminger

"Das mit dem Fuβ war keine Absicht. Ich wollte den Polizisten nicht treffen. Die andere Sache würde ich als Notwehr bezeichnen, auch wenn Sie mir daraus einen Strick drehen werden, wobei das der falsche Ausdruck ist, denn die Todesstrafe ist bei uns seit 1979 abgeschafft. Wussten Sie das?"

Schonn deen éischte Saz am Guy Helminger sengem neie Roman "Die Lombardi-Affäre" verréit vill iwwer dëst Buch: en dréchenen Humor, Informatiounen, déi verstoppt iwwerraschen, Absurditéiten, déi hir eege Logik hunn an Evenementer, déi hir eege Wouerecht hunn.

Mee, ëm wat geet et?

E Lëtzebuerger Schrëftsteller a Fernsee-Moderateur mam Numm Georges Husen huet säin Noper erschoss, e Pensionnaire, dee soss näischt ze dinn hat, wéi den Husen permanent ze observéieren a sech ze beschwéieren iwwer ze vill Kaméidi, iwwer d'Poubelle, déi ze laang dobausse steet, asw.

Hien ass fest geholl ginn an ass bei engem Psycholog, fir iwwer seng Dot ze schwätzen.

Et stellt sech eraus, datt dëse Crime just eng logesch Folleg ass vun allem, wat den Husen erlieft huet, mee net just hien, och seng Virfaren, an net just seng.

An dëst Spannennetz probéiert den Husen dem Psycholog ausenaner ze wiewen, all eenzele Protagonist net just a senger Géigewaart, mee och a senger Vergaangenheet duerzestellen, déi mol Joerzéngten, mol Joerhonnerten zeréckgeet.

Alles hänkt zesummen

"Auch wenn die Wirklichkeit durch diesen Text schimmert, so ist er doch Literatur", schreift den Helminger direkt am Ufank. Et liest een jo dacks a Romaner, datt d'Änlechkeet mat reelle Persoune just Zoufall ass, mee wéi seet de Husen, et gëtt keen Zoufall.

A well et keen Zoufall gëtt, hänkt alles zesummen, virun allem, wisou zu Lëtzebuerg Konscht a virun allem zäitgenëssesch Konscht en Domän ass, dee weder Gefalen nach Gnod fënnt.

Villes gëtt ugedeit, villes kloer ausgeschwat. Nieft der "Lady Rosa of Luxembourg", Uspillungen un de Roger Manderscheid an Henry Miller, fir just déi ze nennen, ass et d'Affär Lunghi, déi hei u sech den Dréipunkt vum Roman ass. Unhand vun der Analys vun dësem Evenement an den "eegenen" Erfarunge vun Georges Husen weist den Helminger, déi aktuell Perceptioun vun der Konscht an de Kënschtler zu Lëtzebuerg.

E sproochlecht Spannennetz

Skurill Geschichten an aussergewéinlech Personnagë vermësche sech mat triviale Charakteren a bekannte Gesiichter.

E Spannennetz, dat och sproochlech grad esou komplex ass, d'Geschicht vun der jonker Fra a China erënnert un dem Gao Xingjian seng "La montagne de l'âme". Ganz atmosphäresch a beréierend, dann äiskal an analytesch Begebenheeten hei am Land, eniichter a minutiéis d'Dialogen tëschent dem Husen an den Psycholog.

Wat dëse Roman nach esou besonnesch mécht, ass de Fait, datt praktesch al Saz net just ee Sënn huet, datt et der wäert ass, sech anzeloossen, stoen ze bleiwen, nozedenken, an dann awer dat gesamt ze gesinn. E Buch mat ville Wouerechten a mat villen Dimensiounen. E wichtegt Buch, dat een net verpasse soll!

Méi zum Thema

D'Schrëftstellerin Nathalie Ronvaux an d'Schrëftstellerin an Editrice Susanne Jaspers
Lëtzebuerger Literatur

Schrëftsteller hätten haut nach ëmmer mat ville Virurteeler ze kämpfen, datt hiert Schreiwen als e léiwen, awer onwichtegen Hobby ugesi gëtt. Wéi geet et dem Lëtzebuerger Buch?

Lëtzebuerger Buchpräis
Lëtzebuerger Literatur

An engem ganz klenge Kader goufe gëschter Owend an der Nationalbibliothéik d'Gewënner vum Lëtzebuerg Buchpräis ausgezeechent. Fënnef Präisser fir dräi Bicher, de grousse Gewënner ass d'Verlagshaus Binsfeld.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen