Radioen

On air

De Moien  |  Culture The Kid - Glass Walls

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grouss Dreem a kleng Ambitiounen

Literatur

Grouss Dreem a kleng Ambitiounen

E Stierweskranke léisst et an der Wüüst vun Nevada auskléngen... De Bob Kieffer setzt a senger Kuerzgeschicht "Rachel" (Kremart/Timba) en desillusionéierte Lëtzebuerger Banquier an Zeen.

auto_stories

3 min

De Pol, ee mat sengem Liewen onzefriddene Banquier, ass grad gescheet ginn. Kiischt um Kuch: säin Dokter gëtt ëm net méi laang ze liewen. Den Avancë vu senger attraktiver belscher Aarbechtskolleegin Rachelle nozeginn traut e sech net. Hie gesäit just een Auswee: op Las Vegas reesen an et do ausklénge loossen.

De Bob Kieffer, Joergang 1978, selwer e fréiere Banquier, schafft zanter enger Rei Joren als héije Beamten am Finanzministère. Wann en Auteur mat deem Profil, dee bis dohin haaptsächlech a Fachzäitschrëften Aufsätz iwwer Finanzrecht publizéiert huet, eng Kuerzgeschicht mat engem Bukowski-Zitat ufänkt, da gëtt ee stutzeg.

Et freet ee sech, wat den Hank deemools wuel vun esou engem gehalen hätt. An et kënnt een zur Conclusioun, datt e jo net d'Individue verurteelt hat, mee de System ouni Sënn a Verstand, deen se wéi an engem Hamsterrad lafen a lafen a lafe léisst...

Endstatioun Las Vegas?

Hei schéngt et och elo manner ëm de Banquier ze goe wéi ëm de Lëtzebuerger am allgemengen, dee vu Famill, Frënn a Gesellschaft drop getrimmt gëtt, sech eng sécher ze sichen. Mee, wéi seet den Ech-Erzieler Tom: ''Grouss Dreem a kleng Ambitioune passen net gutt zesummen.''

Las Vegas als lescht Statioun fir al oder krank Elefanten ass natierlech e grousse Cliché, Deel vun enger amerikanescher Mythologie, déi sech Europäer haaptsächlech aus Filmer a Serie ugëeegent hunn. Wann een, wéi den Tom, näischt méi ze verléieren huet, dann ass een an engem Casino, wou ee seng lescht Stonge beim Poker, fir deen deierste Burger vun der Welt a fir e gudde Château Petrus verpolvere kann, net méi schlecht opgehuewe wéi soss anzwousch.

Rachel, Nevada

Wichteg ass am Bob Kieffer senger Erzielung och manner d'Luxusoas an der Wüüst vum US-Staat Nevada wéi déi kleng Uertschaft Rachel, nërdlech vu Las Vegas, eng Héichbuerg vun den Ufologen. An dat bréngt eis zeréck an d'Joer 2015, wéi de Bob Kieffer eng éischt Kuerzgeschicht iwwer dat Thema verëffentlecht hat: ''Roswell. Mystère zu Miedernach um Virowend vum Nationalfeierdag'' (Serie Smart vu Kremart).

De Protagonist vun der neier Kuerzgeschicht ''Rachel'', bekennenden Amateur vu Science-Fiction, ka sech esouguer un deen Text erënneren :

"Déi Geschicht zu Miedernach deemools ? De Kieffer ? Deem ass et mat der Fantasie duerchgaang. Hält sech fir den nächste Gernsback."

Also deen an Amerika ausgewanderte Lëtzebuerger Hugo Gernsback, deen de Begrëff ''Science-Fiction'' an d'Liewe geruff hat. ''Rachel'' huet elo näischt mat deem literaresche Genre ze dinn, ass éischter - vun der Stëmmung hir - un engem Charles Bukowski inspiréiert. Gutt ze wëssen, datt am Finanzministère grad esou Desillusionéierter sëtzen.