Filmfestival 2016 Gespréich mam President vum Filmjury

Zensur interesséiert hien net: De Wang Xiaoshuai presidéiert den internationale Jury beim Filmfestival. Hie schwätzt iwwer den Opschwong vum Kinosmarché a China. An iwwer d'Perspektive fir Lëtzebuerg.

Cléo Thoma / ys

Wang Xiaoshuai

A China boomt de Kino, seet de Wang Xiaoshuai. Virun allem fir kommerziell Produktioune géif et e grousse Marché. Fir independent Cineasten an den Autore-Kino wär et allerdéngs méi schwéier. Souwuel un de Keesen, wéi och bei der Zensur.

An de spéiden 90er Joere gouf d'Filmförderung a China reforméiert. De Cineast erkläert, virun der Reform wär et just ëffentlech Ënnerstëtzung ginn. "Wann s du do ee Film wollts maachen, war s de op Sue vum Staat ugewisen. No der Reform koumen ëmmer méi privat Gelder an de Kino. Mëttlerweil ass d'ëffentlech Subventionéierung komplett verschwonn."

Awer och privat finanzéiert Wierker missten a China nach duerch d'Zensur. Dat géif hien awer net dovun ofhalen, déi Filmer ze maachen, déi hien interesséieren.

De Cineast huet Präisser zu Cannes a bei der Berlinale gewonnen a gëtt dacks op Festivalen invitéiert. De Lëtzebuerger Filmfestival wär net an enger Kompetitioun. "Et ass net grouss. Doduerch kënnen d'Leit sech wierklech op d'Filmer konzentréieren. Dat ass d'Stäerkt vum Festival."

Méi zum Thema

Svetlana Alexievitch
Nobel-Laureatin um LuxFilmFest

D’Gewënnerin vum Literatur-Nobelpräis 2015 Svetlana Alexievitch war de leschte Weekend am Land fir d’Verfilmung vun hirem Tschernobyl-Buch “La Supplication” vum Pol Cruchten mat ze presentéieren.

Alexis Juncosa.JPG
Filmfestival 2016

Dësen Donneschdeg leeft déi sechst Editioun vum Luxembourg City Film Festival un. De Programmkoordinator vum Festival, Alexis Juncosa, erkläert wat um Ecran a ronderëm leeft. A geet och op de Budget vum Festival an. 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen