Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geopoesie - Eng Bréck tëschent Mënsch an Ëmwelt?

Mënsch an Natur

Geopoesie - Eng Bréck tëschent Mënsch an Ëmwelt?

Geopoesie: dat ass eng Aart a Weis fir de Mënsch an d'Natur méi no ze bréngen. Den Naturwëssenschaftler Robert Weis an d'Schrëftstellerin Ulrike Bail hunn zesummen op ee geopoetesche Spadséiergang am Minett invitéiert.

auto_stories

3 min

D'Geopoeten Ulrike Bail a Robert Weis. (Foto: Joé Birchen)

Zanter méi wéi 2.000 Joer gëtt an der westlecher Philosophie de Mënsch an d'Natur zum gréissten Deel als Zweeërlee ugesinn. Et ass ee Bléckwénkel, deen de Mënsch dacks an de Mëttelpunkt stellt, an doduerch d'Natur dem Mënsch ënneruerdent. Eng méiglech Konsequenz dovun ass, dat de Mënsch laanscht d'Natur lieft, an datt hie sech vun der Ëmwelt distanzéiert.

Ursprong am "Ecocriticism"

An zanterdeem datt den Impakt vum Mënsch op d'Natur méi grouss gëtt, kritt dëse Point de Vue ëmmer méi Widderstand. Nieft neie politesch a soziale Stréimungen, entstinn och nei Philosophien, déi de Mënsch an d'Natur nees méi no beienee wëlle bréngen. De Mënsch an d'Ëmwelt sinn nämlech net onbedéngt ee Widdersproch. Béid hunn eng Relatioun.

An et gëtt een Denk-Usaz, dee sech mat dëser Relatioun beschäftegt: "Ecocriticism" heescht deen, a gëtt zanter de 70er Joren an etlech Philisophie-Kreeser bedriwwen. Et ass eng Tendenz, an där ee gläichzäiteg an der Ekologie a Literatur analyséiert, wéi d'Natur duergestallt gëtt.

Huet de Mënsch just negativ Impakter?

Doraus ass dann d'Geopoesie, och bekannt als d'Ecopoesie, entstanen. Eng Literaturform, an där et méi ëm de Mënsch an seng Experienz vun der Ëmwelt geet. Si verursaacht, datt een der Natur méi no komme kann, an dat d'Sensibilitéit vis-à-vis vun der Natur an d'Luucht geet.

Nieft der Geopoesie ass spadséiere goen och eng Aart a Weis fir d'Ëmwelt ze erliewen. Bei engem Tuer um Lalléngerbierg zu Schëffleng huet d'Schrëftstellerin Ulrike Bail eng Rei vun hire Gedichter virgelies. Dobäi huet de Geowëssenschaftler Robert Weis op verschiddene Plazen erzielt, wéi Mënsch an Natur matenee funktionéieren. D'Wëssenschaft versicht Kloertext ze schwätzen: De Mënsch huet dacks een negativen Impakt op Ëmwelt a Biodiversitéit. Wei eis de Robert Weis erkläert, ass dat awer net ëmmer sou.

D'Lyriker:inne setze sech schonns zanter enger Éiwegkeet mat der Natur auserneen. Dat ass fir d'Ulrike Bail näischt Neies. Et wier awer eppes Neies, Gedichter an der Natur virzedroen, an dat zesumme mat engem Naturwëssenschaftler, deen och Poesie mécht. Well do zwee verschidde Milieuen - also dee vun der Wëssenschaft a Poesie - zesumme kommen, verännert sech d'Experienz vum Gedicht an dem Trëppelen. Béid gi vill méi intensiv.

Kee Konkurrenzkampf tëschent Wëssenschaft a Poesie

Mat hëllef vun der Geopoesie mierkt een och, datt d'Relatioun tëschent dem Mënsch an der Natur eng staark ass. Et entsteet eppes Neies. Eng nei Erkenntnis.

Wann een un Geopoesie denkt, kommen eng Rei Binären a Fro: Mënsch an Natur. Rationalitéit an Intuitioun. Wëssenschaft a Poesie. De Robert Weis erkläert, datt do net onbedéngt ee Konkurrenzkampf entsteet, wann een als Wëssenschaftler Poesie mécht. Well schlussendlech vermëscht a verbënnt d'Geopoesie all déi verschidde Beräicher, kreéiert Brécken a schléit nei Dieren op.

Wéi wäit kënnt ee mat der Geopoesie, respektiv der Ecopoesie? An ass et méiglech, mat hir den Ecart tëschent Mënsch an Natur méi kleng ze maachen?