Radioen

On air

Webinar  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Fluides Herz" vum Tom Weber

Gedichtband

"Fluides Herz" vum Tom Weber

Dem Tom Weber säi Gedichtband "Fluides Herz" ëmfaasst Gedichter iwwer d'Welt dobaussen an d'Welt an engem bannen dran. Et ass een erfrëschend Buch vun engem jonken Auteur, op deem seng literaresch Zukunft een dierft gespaant sinn.

auto_stories

3 min

D'Angscht vum Auteur virum wäisse Blat ass wuel esou al, wéi d'Literatur selwer an ass ëmmer erëm e Sujet, esou och beim jonken Auteur Tom Weber.

Hie mécht sech Gedanken iwwer d'Schreiwen, iwwer de Sënn vum Schreiwen, iwwer Talent an de Besoin sech der Welt matzedeelen:

geburt des saboteurs

da ist sand im getriebe

längst schon schéint es mir klar

es knackst und knistert

in der groβen maschine

da ist sand im getriebe

ich fühle es in mir

es rattert und reibt

in meinen gelenken

da ist sand im getriebe

und nicht nur ein wenig

in meinen gedanken

ein zischen

ein zeichen

und dann

das weiβe blatt papier

Datt et dierf, awer net ëmmer muss déifgrënneg sinn, dat weess den Auteur och selwer, trotzdeem ass déi Sich no wuel beduechte Wierder, nom Sënn vun der Welt an hire méi oder manner schéine Formen dach en Uleies oder just e Versuch, deen net gelénge kann?

"dieses gedicht ist ein platzhalter

ja, im ernst

hier sollte eigentlich was

tiefgründiges hin"

"in die kurve des nachthimmels hinein

flüstere ich einen wunsch

einen wunsch dass im morgentau

sich mir die welt erkläre"

Humor am Inhalt an an der Form

Den Tom Weber ass en Dichter dee seriö schreift, sech selwer awer net ze seriö hëlt a seng an der Welt hier Onzougänglechkeeten op d'Schëpp hëlt.

Dat Humorvollt ass dann och oft typographesch ënnermoolt, wann d'Buschtawen ufänken aus der Rei ze danzen.

"Aus den augen rinnt" ... do geet d'Wuert rinnt dann och bierg of - "eine Seele zersprengt" - do entsteet natierlech eng Explosioun vu Buschtawen.

Niewent dem Gespills mat de visuelle Formen, ass et och e Gespills mat Gedanken a Wierder:

"meine brille lege ich ab

in meinen träumen sehe ich immer gut"

Fazit

"Fluides Herz" ass eng Sammlung vu ganz ënnerschiddleche Gedichter a Gedichtformen, mol witzeg, mol eescht, ëmmer éierlech a ganz heiansdo schruppt den Tom Weber grad laanscht de Kitsch, zum Beispill wann hie vum "Ozean der Ignoranz" schwätzt.

Dat lescht Kapitel mam Titel" leerheit" besteet aus Fënnefzeiler oder enger Zort Aphorismen, déi net ëmmer besonnesch originell, dofir awer sympathesch sinn.

Ob alle Fall ganz erfrëschend, een nach jonken Auteur, op deem seng literaresch Zukunft een dierft gespaant sinn.