Radioen

On air

Al Schanken  |  Al Schanken

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Auszeechnung fir een, deen d'Welt a Fro stellt

Europäesche Literaturpräis

Auszeechnung fir een, deen d'Welt a Fro stellt

De Lëtzebuerger Schrëftsteller Gast Groeber ass mam Literaturpräis vun der Europäescher Unioun ausgezeechent ginn, dat fir säi Buch “All Dag verstoppt en aneren”. Fir dëse Präis gouf an zwielef Länner dat beschte Wierk vun engem Jury ausgewielt.

auto_stories

4 min

(©euprizeliterature.eu/

An enger éischter Reaktioun huet den Auteur Gast Groeber sengem Editeur Gollo Steffen Merci gesot, datt hien u säi Buch gegleeft huet. De Lauréat vum Europäesche Literaturpräis 2016 huet awer och senge Lieser, senge Frënn an dem Jury Merci gesot.

Zur Persoun

De Gast Groeber war laang Enseignant am Fondamental, zënter e puer Joer ass hien de Chef vum "Centre technolink", deen zur Schoulverwaltung vun der Stad Lëtzebuerg gehéiert. 2010 huet hien mam Jugendroman "De Griss" beim Verlag "Op der Lay" säin éischt Buch publizéiert: Zënter 2012 schreift hien och fir Erwuessener. Mat sengem Roman "Manu" war hien 2013 fir de Lëtzebuerger Buchpräis nominéiert.

2012 gouf dem Groeber seng Erzielung "Eng Duerfidyll" beim nationale Literatur-Concours ausgezeechent. Dësen Text gouf zesumme mat anere Kuerzgeschichten ënner dem Titel "All Dag verstoppt een aneren" publizéiert. Wéi den Direkter vum Nationale Literaturzentrum Claude D. Conter am Lëtzebuerger Autorelexikon schreift, gëtt an deem Band "eng Welt a Fro gestallt, an där Materialismus a Wirtschaftsdenken dominéieren".

Zum Präis

De Präis ass mat 5000 Euro dotéiert a gëtt vun der EU-Kommissioun iwwerreecht. D’Zeremonie ass d'Editioun 2016 ass den 31. Mee zu Bréissel. De Literaturpräis vun der EU huet als Zil, datt zäitgenëssesch Literatur an Europa iwwer d'Lännergrenzen ewech gelies ginn. Nieft den 28 EU-Memberen maachen Island a Norwegen, grad ewéi sechs EU-Bäitrëttskandidaten bei dësem Concours mat. An engem Roulement ginn all Joers Auteuren aus zwielef Länner ausgezeechent. Déi viregt Laureaten aus Lëtzebuerg waren den Tullio Forgiarini mat sengem Roman Amok (2013), an de Jean Back mat "Amateur" (2010).

Aner Laureaten vum EU-Literaturpräis 2016 sinn d'Tanja Stupar-Trifunović (Bosnien-Herzegovina), de Christophe Van Gerrewey (Belsch), den Antonis Georgiou (Zypern), de Bjørn Rasmussen (Dänemark), de Paavo Matsin (Estland), d'Selja Ahava (Finnland), den Nenad Joldeski (Mazedonien), de Benedict Wells (Däitschland), de Claudiu M. Florian (Rumänien), d'Jasmin B. Frelih (Slowenien) an de Jesús Carrasco (Spuenien).