Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frëndschaft an de Bierger

Een Theema, e Buch

Frëndschaft an de Bierger

An eiser Serie iwwer Abenteuerliteratur geet et dës Kéier an d'Bierger. Mat sengem Roman "Le otto montagne" war dem italieenesche Schrëftsteller Paolo Cognetti 2016 en internationale Bestseller gelongen.

auto_stories

5 min

Et ass d'Geschicht vun zwee Kolleegen, déi sech an der Kandheet kennegeléiert hunn. De Pietro ass an der Stad, zu Mailand opgewuess, de Bruno an de Bierger, an engem Duerf an der Valle d'Aosta. Vum Alter vun zéng Joer un ass de Pietro mat sengen Elteren all Summervakanz an dat Duerf verbrénge gaangen. Do si sech béid Bouwe lues a lues méi no komm an hunn dunn eng Frëndschaft geschloss, déi sech bis an den Erwuessenenalter sollt halen.

Verbonnen huet déi zwee eng änlech zeréckhalend Perséinlechkeet, eng Léift fir d'Bierger, an dann dem Pietro säi Papp, dee sech fir de Bruno mat der Zäit zu engem Ersatzpapp entwéckelt huet. Op eng Manéier sinn de Pietro an de Bruno wéi zwee Bridder ...

Präisgekréinte Bestseller

Mat sengem éischte Roman ''Le otto montagne'' vun 2016 hat de Paolo Cognetti dat grousst Lous gezunn. Geschriwwen hat den deemools 38-Joer alen, zu Mailand gebuerene Schrëftsteller, schonn zanter méi Laangem. Verëffentlecht hat hie bis dohi Kuerzgeschichten a Reesberichter, nieft senger Aarbecht als Filmdokumentarist.

Mat ''Le otto montagne'' gouf hien 2017 mam Premio Strega, engem prestigiéisen italieenesche Literaturpräis ausgezeechent an a Frankräich mam Prix Médicis étranger. An der internationaler Literaturzeen gouf den Numm Cognetti séier e Begrëff.

De Papp bléit an de Bierger op

D'Geschicht vu ''Les Huit montagnes'' oder ''Acht Berge'', wéi déi respektiv Iwwersetzunge betitelt sinn, spillt sech gréisstendeels am fiktiven Duerf Grana of. Wärend de Summervakanzen huet de jonke Pietro eng Facette vu sengem Papp entdeckt, déi him bis dohi verstoppt bliwwe war. Dee soss an der Stad granzegen, onzefriddene Mann bléit op eemol op, wéi hie sech am Laf vu senge laangen Trëppeltier d'Bierger eropschrauft, fir d'éischt eleng, duerno zesumme mat sengem Fils:

''Ringiovaniva, forse, tornando ad altre montagne e altri tempi. Anche il suo passo sembrava perdere peso e ritrovare un'agilità perduta.''

(Vläicht gouf hien a seng Jugend zeréckversat, op aner Bierger an aner Zäiten. Och säi Schrëtt schéngt méi liicht ginn ze sinn an eng verluere Beweeglechkeet erëmfonnt ze hunn.)

De Bruno wollt e "montanaro" bleiwen

Mat der Zäit gouf dunn och de Bruno matgeholl. Deem säi Papp schafft an enger Groussstad an ass praktesch ni doheem, iwwer déi Relatioun wëllt de Jong souwisou net schwätzen. Hie wiisst op bei senger Mamm, sengem Monni an de Kéi, déi hie mat hidde muss. Et ass eng begrenzte Welt, mee et ass seng Welt. De Versuch vum Pietro sengen Elteren, fir dem Bruno eng korrekt Ausbildung ze erméiglechen, scheitert. De Bruno gesäit sech virun allem als ''montanaro'', als Biergmann, nëmmen do fillt hie sech glécklech, méiglechst héich, méiglechst eleng.

Fir de Personnage vum Bruno schéngt sech de Paolo Cognetti un enger reeller Persoun inspiréiert ze hunn. A sengem rezenten Himalaya-Reesbericht "Senza mai arrivare in cima" erzielt hie vum Remigio:

"Remigio est un ami un peu plus âgé que moi. Il est né dans ce village dans les Alpes italiennes, Estoul, où je vis à 2.000 mètres d'altitude. Il m'a accompagné au Népal, c'était la première fois pour lui. Voir le Népal avec ses yeux était comme faire un voyage dans le temps et réussir à voir les Alpes d'il y a 40 ans. Il retrouvait des choses de son enfance qu'il avait oubliées.''

D'Häip an de Bierger als Symbol

D'Geschicht vu "Le otto montagne'' erstreckt sech iwwer 30 Joer, eng laang Zäit, an där sech d'Personnagen entwéckelen, sech mol méi no sinn, mol sech ausernee liewen. Wéi säi Papp stierft, gëtt de Pietro gewuer, datt hien eng a Ruine gefalen Häip geierft huet, an den Héichte vu Grana. Et war dem Papp säi Wëllen, datt de Bruno, mëttlerweil e geléierte Steemetzer, d'Bud zesumme mam Pietro erëm mat opbaue sollt:

''l'eredità che avevo ricevuto mi sembrò piuttosto un risarcimento, o una seconda possibilità, per la nostra amicizia interrotta. Era questo che moi padre aveva voluto regalarmi ?

(D'Ierwen, dat ech krut, huet mer éischter ewéi en Ausgläich geschéngt, oder eng zweet Méiglechkeet fir eis ënnerbrache Frëndschaft. Ass et dat, wat mäi Papp mir wollt schenken?)

D'Häip an de Bierger symboliséiert d'Frëndschaft tëschent den zwee Männer, mee och d'Undenken un dem Pietro säi verstuerwene Papp, deem seng perséinlech Geschicht hien eréischt nodréiglech entdeckt, ënner anerem d'Relatioun tëschent deem Papp a sengem Frënd Bruno.

Frësche Bléck op d'Bierger

Den Haaptpersonnage vum Paolo Cognetti sengem staark autobiographesche Debut-Roman, dat sinn d'Bierger, d'Ëmgéigend vum prächtege Monte Rosa mat all de 4.000er, op déi den Auteur e frësche Bléck geheit. Fir den Erzieler Pietro sinn d'Alpen awer nëmmen eng onvollstänneg Versioun vun der idealer Biergketten, vum Himalaya, deen hie spéiderhi sollt exploréieren.

An der mythologescher Weltopfaassung vun den Tibetaner sinn d'Bierger, déi aacht Bierger aus dem Romantitel, den Zentrum vun der Welt. De Paolo Cognetti selwer huet zu de Bierger eng ambivalent Bezéiung, net eleng doduerch, datt hien iwwer 3.000 Meter krank gëtt ...:

"Je n'ai pas réussi à devenir un vrai montagnard! Vivre toute l'année dans ma petite maison à 2.000 mètres d'altitude est trop difficile pour moi, surtout pendant l'hiver - alors je rentre en ville. Mais j'aime également la vie en ville, la rencontre avec les autres, la diversité, la capacité humaine à faire quelque chose de beau aussi là-bas ... Je n'aime pas que la nature. Donc je cherche un équilibre entre les deux mondes, ce qui n'est pas facile. Je suis constamment déchiré par ce conflit intérieur."

Et ass genee dee Konflikt, deen de Paolo Cognetti op eng bewonnerenswäert Aart a Weis a sengem Roman "Le otto montagne" duergestallt huet.