Radioen

On air

De Moien  |  Fatoumata Diawara - Nsera Feat. Damon Albarn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Free State of Jones: Robin Hood op Amerikanesch?

Filmkritik

Free State of Jones: Robin Hood op Amerikanesch?

“Free State of Jones” thematiséiert eng ongewéinlech a bis ewell gréisstendeels onbekannt Episod aus dem amerikanesche Biergerkrich. De Matthew McConaughey spilt een tockskäppegen, sougenannte "klenge Mann", dee géint de Stroum schwëmmt.

auto_stories

4 min

"Free State of Jones" ass e Portrait vun enger Epoch. Foto: STX Movies

"Free State of Jones" ass en historeschen Tableau, iwwert eng Epoch déi an deene leschte Joren e puer Kéieren a Filmer zur Sprooch koum. Wéi zum Beispill am Steven Spielberg sengem "Lincoln" vun 2012 oder an "12 Years a Slave" vum Steve McQueen. Et war eng prägend Zäit fir déi Vereenegt Staaten, déi riskéiert haten auserneen ze falen, nodeems d’Südstaate aus der Unioun ausgetruede waren. Du koum dee bluddege Biergerkrich, vun deem een am Ufank vu "Free State of Jones" direkt eng anstänneg Prise mat op de Wee kritt.

Zaldote vun de Confederates marschéieren am Takt iwwert e Schluechtfeld, op deem schonns eng etlech vun hire Komerode leien. Si erreechen d’Spëtzt vun engem Hiwwel. Vis-à-vis gi si vun Unionist-Truppen erwaart, déi aus der Distanz op si schéissen. A regelméissegen Intervallen gëtt déi jeeweils éischt Linn néier gemaach, iwwerdeems déi nächst noréckelen.

De Personnage vum Matthew McConaughey huet d’Charge, fir déi Blesséiert anzesammelen an an ee Lager ze bréngen. Do gëtt gerett gëtt, wat ze retten ass. Oder haaptsächlech alles, wat futti ass, ewech geschnidden

De McConaughy als eng Zort Robin Hood

De McConaughey heescht am Film Newton Knight. Hien ass en aarme Farmer aus dem Mississippi, deen net an de Genoss vun der sougenannter "Twenty Negro Law" komm ass. Dëst Gesetz beseet, datt all Wäissen, dee méi wéi 20 Sklaven huet, net muss an d'Arméi. De Knight hat iwwerhaapt keng. An hie war och allem Uschäin no géint d’Sklaverei. Quitt datt hien op der Säit vun de Sudiste gedéngt huet. Wéi säi jonken Neveu am Biergerkrich ëmkënnt, decidéiert hien, deem seng Läich bei d’Famill heem ze bréngen. A gëtt doduerch de facto zum Deserteur.

Hie verstoppt sech an engem fir net-Initiéierter onzougängleche Bësch, an deem och scho Sklaven, déi fortgelaf sinn, eng Bleif fonnt hunn. De Newton Kinght solidariséiert sech mat hinnen. Aner Zaldote vun de Confederates desertéieren, iwwerdeems d’Arméi där aarmer Bevëlkerung systematesch alles ofknäppt, wat déi huet.

Lues a lues wiisst sou eng ganz Communautéit ëm de Newton Knight, vu Leit déi näischt méi ze verléieren hunn. Datt hien hire Chef gëtt, eng Zort amerikanesche Robin Hood, hänkt domat zesummen, datt hie glafwierdeg ass an treffend Wierder fënnt, fir d'Ongerechtegkeeten, déi begaange ginn.

A sou entsteet am stack-konservativen a rassistesche Mississippi eng Enclave, de "Free State of Jones", an där tatsächlech Hautfaarf an deels esouguer d'Geschlecht net bestëmmen, wéi ee vun deenen anere behandelt gëtt. D'Communautéit zitt de Fändel vun den Nordstaaten op, weess sech géint d’Ugrëff vun der Confederéierter Arméi ze wieren a schléit zeréck. Am Film ergëtt dat deen een oder anere Sergio Leone-Moment.

Den amerikanesche Biergerkrich an déi Zäit duerno

Dem Gary Ross säin historeschen Drama limitéiert sech net dorop, fir dës abenteuerlech Episod aus dem amerikanesche Biergerkrich z'erzielen. Hie suivéiert de Knight, an eng Partie vu senge Genossen a Genossinnen, och an de Joren no der Defaite vun de Confederates. Zu där Zäit also, zu där d’Sklaverei ofgeschaaft an d’Land erëm opgebaut sollt ginn. De Ku Klux Klan gëtt grad esou thematiséiert, wéi, an enger Rei Flash-Forwarden, d’Gesetzgebung am Mississippi 1948. Deemools konnt een, dee noweislech net honnertprozenteg rengrasseg war, an de Prisong komme wann hie sech mat enger wäisser Fra bestuet huet.

Schonn a sengem erfollegräiche Film “Seabiscuit” vun 2003 hat de Gary Ross e Portrait vun enger ganzer Epoch, deemools den Depressiouns-Joren, unhand vun e puer individuelle Schicksaler erzielt. Och hei gëtt d’Geschicht op dës Manéier gewisen.

Dat funktionéiert virun allem dowéinst, well een dem McConaughey dee charismatesche Personnage vum Knight ofkeeft. Mat der Gugu Mbatha-Raw, dem Mahershala Ali, an der Kerri Russell a wichtege weidere Rollen ass hie gutt encadréiert. Eng Rei Kritike geheien "Free State of Jones" vir, de Film géif ze vill eng déck Tranche Geschicht erzielen, mat ville verschiddene Sujeten.

Et hätt een och méi ee fokusséierten, eenheetleche Film maache kënnen. Mee déi rau Zäite waren net eenheetlech. An ugesichts der Komplexitéit vun engem historesche Personnage wéi dem Newton Knight, huet de Ross eigentlech nach villes op der Säit gelooss.