Et gëtt zwou Manéiere fir un dem Bernd Marcel Gonner seng Kuerzgeschichten am Buch ''Volk der Freien'' erun ze goen. Déi eng ass eng konzentréiert, lues Lektür, bei där een dacks zeréck bliederen an eng Hellewull u Referenze nokucke muss an der Hoffnung, sou eppes wéi den Duerchbléck ze kréien. Déi aner Manéier ass : riicht duerch liesen, relativ schëtzeg, vum Sproochfloss gedroen, well déi zéng Kuerzgeschichte sinn - mat där enger oder anerer Ausnam - praktesch Prosagedichter, déi sech och grad esou gutt fir Poetry Slam kéinten eegenen.
D'Erzielungen am ''Volk der Freien'' huelen eis mat an d'Welt vun Punkeren, vu Marginalen, vu Mënschen, déi fräiwëlleg mat der norméierter, konformistescher Gesellschaft an enger mat konkrete Knëppelen duerchgesate Staatsgewalt op Distanz ginn, fir hiren Dram vun engem fräie Liewen hei an elo ze erfëllen. Den ''hei'' ass gréisstendeels Berlin, wärend den ''elo'' d'Zäit vun der Weimarer Republik, d'70er Joren oder nach d'Period ëm de Mauerfall ka sinn.
Fiktiv a reell Personnagen
An engem grad esou kuerze wéi - well en de Schlëssel zu senge Geschichte liwwert - wäertvolle Virwuert schreift den Auteur vu ''Wiedergänger'', dat heescht Mënschen, déi am Laf vun der Geschicht am Fong ëmmer erëm dat selwecht wollten. Et si fiktiv Personnagen oder ganz reeller, méi oder manner bekannte Figuren aus dem intellektuelle Liewen, dorënner déi grouss DDR-Schrëftstellerin Anna Seghers ("Das Siebte Kreuz", "Transit"), de Philosoph Ernst Bloch, Auteur vun engem monumentale ''Prinzip Hoffnung'', de Schrëftsteller Gustav Regler oder nach den hermeteschen Dichter Ernst Meister.
Alles Kommunisten, oder Anarchisten - zwou politesch Astellungen, déi sech eigentlech ausschléissen, mee bei deenen et och Beréierungspunkte gëtt. E libertäre Geescht, deen de Bernd Marcel Gonner a sengen Erzielungen opliewe léisst, zum Beispill iwwer eng Kritik vun de politesche Verhältnesser, iwwer déi fräi Duerstellung vun homosexueller Léift, och emol zu méi wéi zu zwee.
Anarchesche Stil
Libertäre Geescht da virun allem och iwwer säi Stil, deen alles anescht ewéi klassesch deskriptiv mat enger novollzéibarer Handlung ass. E kaleidoskopesche Stil, kéint ee soen, mat sengen duerch Associatioune viru gedriwwe Wuertlawinen, eng dacks mëndlech, vum Berliner Dialekt gepräägten Ausdrocksweis, eng Mëschung aus Dialogen a Stream of consciousness, wat alles an allem beim Lieser Biller ouni Enn am Kapp opkomme léisst.
Et versteet ee firwat de Bernd Marcel Gonner 2017 fir säin deemools nach onverëffentlecht Manuskript mam zweete Präis vum Nationale Literaturconcours belount gi war. Mee op dës experimentell Literatur muss ee sech schonn aloossen, an ech verweisen nach eemol op déi zwou Manéieren, wéi ee menger Meenung no un déi zéng Erzielunge vu ''Volk der Freien'' kann erugoen.