Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Food for your senses" kënnt op de Kierchbierg

Festival

"Food for your senses" kënnt op de Kierchbierg

De Museks-Festival “Food for your senses” soll am Summer 2017 op engem Kierchbierger Site nieft den RTL-Gebaier organiséiert ginn. Do wou d’Rolling Stones am Kulturjoer 1995 opgetruede waren.

auto_stories

2 min

Foto: cedricletsch.com

De President vum Fong Kierchbierg Patrick Gillen huet eis confirméiert, datt de "Food for your senses" op dee Site um Kierchbierg kënnt. De Fong (FUAK) ass Proprietaire vum Terrain. Virum geplangte Museksfestival ass vum 18. bis den 28. Juli 2017 den internationale Guiden- a Scoutscamp “Go Urban” um selwechte Site.

Prinzipiellen Accord vum Ministère

Aus Ëmweltgrënn géif et kee KO-Critère gi fir e Museksfestival do z’organiséieren, heescht et am Ëmweltministère. Et géif schonn e prinzipiellen Accord ginn. Déi néideg Autorisatioune fir den Organisateur wiere sou gutt wéi fäerdeg. Verschidden Naturschutz-Oplage mussen erfëllt ginn. D’Konzept vun engem méi alternative Konzept vum Festival géif dem Ministère gutt gefalen, heescht et.

“Food for your senses” fir wéi laang um Kierchbierg?

De Luka Heindrichs vun der asbl. Food for your senses hofft, am September dëst Joer Detailer vum Festival 2017 kënnen z’annoncéieren. Fir wéi vill Joer de “Food for your senses” um geplangten neie Site um Kierchbierg kann organiséiert ginn ass nach net kloer. Den Terrain läit net méi an der zone verte. En ass awer Deel vum aktuelle Bebauungsplang (PAG) vun der Stad Lëtzebuerg, als Reserve fir de Bau vu Wunnengen, respektiv engem Lycée.

Ufank vun dësem Joer haten d’Organisateur ugekënnegt, datt 2016 kee Food for your senses organiséiert gëtt, well nach ëmmer keen Terrain fonnt gi war. De “Food for your senses” gouf vun 2007 bis 2012 zu Tënten organiséiert an an de béide Joren duerno zu Biissen. Well d’Organisateure och scho fir 2015 keen Open-Air-Site fonnt hate, war d’lescht Joer als Alternativ de Festival “Capital Sounds” an de Rotonden an der Stad.