Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flanderen an Holland emol literaresch

Frankfurter Buchmesse 2016

Flanderen an Holland emol literaresch

Flanderen an Holland deele sech d'Mier, en Horizont, eng Sprooch a vill verschidde Vuen. "Dies ist was wir teilen" ass hire Motto als Éieregaascht op der Frankfurter Buchmesse. Am Kader vun der Serie New Wave stellt den duebelen Éiregaascht aktuell Gréissten aus dem Literaturbetrieb vir. Esou zum Beispill d'flammännesch Schrëftstellerin Saskia de Coster an den hollänneschen Auteur Tommy Wieringa.

auto_stories

3 min

Éiregaascht Holland a Flanderen. Foto: Frankfurter Buchmesse / Alexander Heimann

D'Saskia de Coster ass eng vun de SchrëftstellerInnen, déi den duebelen Éiregaascht Flanderen an Holland am Kader vun der New Wave Serie op der Frankfurter Buchmesse 2016 virstellen. Do erzielt si vun hirer Familljekronik "Wir und ich" déi schonn 2013 erauskomm ass - e Bestseller dee fir bal all hollänneschsproocheg Literaturpräisser nominéiert gouf.

An dësem Roman beschreift déi flammännesch Schrëftstellerin d'Geschicht vun enger privilegéierter Famill, déi an engem gëllene Käfeg wunnt, awer laang net glécklech ass. Déi neurotesch Mamm kënnt aus enger fréierer adeleger Famill, kämmt awer haut d'Fränjele vum Tapis an der Villa fir sech z'entspanen. De Papp hëlt et mat der Bedeitung vu Kontroll vill ze eescht. D'Groussmamm hitt Geessen. An der Mamm hire Brudder quartéiert sech am deieren Doheem vun de Vandersandens an, well hie grad Fräigang am Prisong huet. Et ass dëse Monni deen der Sarah - d'Meedche vum gutt gestallten Haus Vandersanden - verklickert, datt et och nach aner Welte gëtt, wéi de langweilegen Universum an dësem gëllene Käfeg, an deem all d'Villercher op hier Manéier eng mat der Broutschéiss hunn.

Och den hollänneschen Auteur Wolfgang Wieringa ass op der Frankfurter Buchmesse present. "Dies sind die Namen" ass den däitschen Titel vu sengem Wierk vun 2012, fir dat de Schrëftsteller 2013 de Librispräis fir de beschten hollännesche Roman krut. Hien beschreift doran e Flüchtlingsdrama a gouf opgrond vun dësem Wierk schonn dacks als prophetesch qualifizéiert: Dat, well hien 2012 schonn en Zeenario beschriwwen huet. deen een haut ze dacks net a Romaner, mee an der Press liest.

Zwee ganz ënnerschiddlech Wierker

Allebéid hu sech un der aktueller Situatioun op der Welt inspiréiert. D'Saskia de Coster, Schrëftstellerin vun "Wir und Ich", gleeft dorun, datt Auteuren am Fong "Déif vun der Wierklechkeet" sinn. Fir hiert Buch huet si 18 Joer laang an der Géigend, an där si opgewuess ass, recherchéiert.

A beim Tommy Wieringa huet en Artikel an der Zeitung déi initial Iddi fir de Roman bruecht. 2002 huet hien an der Zeitung en Artikel iwwert Flüchtlinge gelies, déi sech méintelaang duerch d'Ukraine gequäält hunn. An déi esou guer d'Schanke vun engem vun hinnen derbäi haten. Den Tommy Wieringa huet doraus eng Analogie zum Jousef senger biblescher Geschicht gesinn.

Figure mat engem eegene Liewen

Datt Figuren, Personnagen a Romaner wie "Wir und Ich" an "Dies sind die Namen" op emol en Eegeliewen entwéckelen a selwer erzielen ass fir béid Auteuren e Cliché. Et wier ëmmer nach haart Aarbecht e Roman ze schreiwen, eng Aarbecht déi d'Saskia de Coster op eng speziell Manéier ugeet: An zwar huet si mam Schluss vum Buch ugefaangen. Dat wier hir Manéier fir ze schaffen, esou d'Flammännerin. Si schreift den Ufank ëmmer zum Schluss an als allerlescht eréischt den Titel vum Roman, well dat ass fir d'Saskia de Coster dat schwéierst.

Den Titel vum Tommy Wieringa sengem Roman "Dies sind die Namen" baséiert op engem Zitat aus der Bibel. Fir den Tommy Wieringa ass d'Relioun dat wichtegst an dësem Buch, well et mat enger reliéiser Iddi ugefaangen huet. De Auteur huet probéiert d'Iddien vun engem franséischen Reliounsphilosoph, de René Girard, op eng literaresch Manéier z'illustréieren. De René Girard huet dem Schrëftsteller no nämlech eng grandios Theorie wéi eng Relioun ufänkt: An zwar mat engem Sënnebock, deen et fir d'éischt fäerdeg bréngt eng Communautéit ze splécken. A wann hie bis dout ass, kënnt d'gemeinschaft neess zesummen, esou d'Theorie vum Girard. Also huet dee Sënnebock eng duebel Muecht, erkläert den Tommy Wieringa.


"Wir und Ich" (Wij en ik); Saskia De Coster (Tropen Auflage)

"Dies sind die Namen" (Dit zijn de namen); Tommy Wieringa (Carl Hanser Verlag)