Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Filmindustrie fuerdert méi finanziell Mëttelen

Lëtzebuerger Dag zu Cannes

Filmindustrie fuerdert méi finanziell Mëttelen

D'Lëtzebuerger Filmproduzente sinn onzefridden. De Secteur wier an enger konjunktureller Krise an et wieren net genuch Suen do huet et e Freiden zu Cannes um traditionelle Lëtzebuerger Dag geheescht. Den Ament géif un engem neie Modell geschafft ginn fir d'Suen anescht ze verdeelen.

auto_stories

3 min

Dräi Problemer géife sech momentan stellen, esou den Nicolas Steil Generalsekretär vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Filmproduzenten ULPA an enger offensiver Ried e Freideg um traditionelle Lëtzebuerger Dag um Filmfestival zu Cannes. Éischtens hätte sech 35 Prozent méi Produktiounsfirmen zu Lëtzebuerg installéiert, de Budget hätt sech awer net geännert. Den zweete Problem wier déi digital Revolutioun.

D'Lescht Joer wieren an Amerika 450 nei Serien op de Marché komm. Dësen Trend géif elo och an Europa ufänken, seet den Nicolas Steil. Mat Animatiounsfilmer a mat der virtueller Realitéit kéimen nach méi Defien op d'Industrie zou. "Déi Gesellschaften, déi et säit laangem gëtt brauche Suen a Projete fir sech weider ze entwéckelen a weider Aarbechtsplazen ze schafen. Déi jonk brauche Geld fir ze starten", seet den Nicolas Steil.

Drëttens hätten d'Nopeschlänner wéi Frankräich, Däitschland an d'Belsch méi Sue kritt fir géint d'Kompetitivitéit vu Lëtzebuerg ze goen.

An der Belsch géif et fir Tax Shelteren am Wäert vu ronn 500 Milliounen Euro, a Frankräich géif et vill méi Aide Regionale, klot den Nicolas Steil. An Däitschland wier den Tax Shelter "65 Prozent an d'Luucht gesat ginn", während zu Lëtzebuerg nach ëmmer "dee selwechte System ass, deen net méi fonctionnéiert." Lëtzebuerg bräicht een System dee méi kompetitiv ass.

Et hätt een d'Regierung scho viru fënnef Joer drop opmierksam gemaach, datt net genuch Suen do wieren, kritiséiert de Produzent Nicolas Steil. No den zwou vu fënnef Sëtzunge vum Comité wieren dëst Joer schonn iwwer zwee Drëttel vun de ronn 30 Milliounen Euro verdeelt ginn, seet den Nicolas Steil.

Dem Guy Dahleiden no, géif de Secteur zu 80 bis 90 Prozent vu staatlechen Hëllefen ofhänken. Deemno misst ee kucke mat deene Suen déi d'Regierung zur Verfügung stellt eens ze ginn. Datt een en neien interne Finanzéierungsmodell bräicht, där Meenung ass och de Direkter vum Filmfong. Et wier ee ganz no un engem Accord.

Waarden op d'Politik

Zesumme mat de Produzenten a mat deenen aneren Associatioune wier een am Gaang ze kucken, wéi een d'Suen méi flexibel kéint ausginn. Et misst een awer dofir suergen, datt d'Suen och tatsächlech an déi Lëtzebuerg Filmwirtschaft fléissen. De Kuch wier net méi grouss ginn, seet de Guy Dahleiden.

Den 9. Mäerz hat d'Unioun vun de Lëtzebuerger Film-Produzenten e Bréif un de Premier- a Medieminister geschéckt fir ze wësse wéi et am Secteur soll weider goen. Den Nicolas Steil bedauert datt de Xavier Bettel, nach net reagéiert huet.

Am Bréif stéinge net nëmme Revendicatiounen, mee och "Contenu politique". Et géif sech d'Fro stellen, wéi eng Roll d'Politik an de nächste Joren an der Lëtzebuerger Filmindustrie sollt spillen.

Et wier een enttäuscht, datt een nach ëmmer keng Äntwert kritt hätt. "Wa mir musse waarde bis déi nächst Wahlen, dat wier katastrophal fir dee ganze Secteur", seet den Nicolas Steil.