Claire Schmartz - <bug> Falsch programméiert, perfekt geschriwwen

Eng nei Stëmm an der Lëtzebuerger Literatur mécht sech mam Roman <bug>, deen elo bei Hydre Editions eraus koum, ganz positiv bemierkbar. D'Valerija Berdi huet der jonker Schrëftstellerin Claire Schmartz hiren Debutroman gelies.

Valerija Berdi / cbi

Claire Schmartz - <bug>
Foto: Bigstock / msdnv & Hydre Éditions

E Roboter, deen eis duerch den Alldag begleet: keen, deen eis e Partner, Kolleeg oder Famill ersetzt, mee deen all déi Saache mécht, déi eis prioritär net esou begeeschteren.

Esou ee Roboter, deen de ganze Stot perfekt an der Rei hält, an derbäi kacht, zerwéiert an hannendru raumt, huet d'Professore an der Claire Schmartz hirem Roman <bug> erschafen.

Eng Maschinn ouni Gefiller

Keen neie Sujet an der Literatur: fir elo op méi rezent Bicher hinzeweisen, esou ass et de Ian McEwan, deen a sengem Roman "Machines like me" (2019) e humanoide Roboter kreéiert, bei deem d'Léift eng Haaptroll spillt.

Beim Kazuo Ishiguro a sengem "Klara and the sun" (2021), ass et e Roboter, deen d'Kanner frou maachen an hire Spillkolleeg soll sinn.

Bei der Claire Schmartz ass de BUD, och wann den Numm eppes aneschtes suggeréiert: eng Maschinn, déi just wéi de Mënsch ausgesäit, well dat fir seng Kompetenze wichteg ass, an op kee Fall iergendwellech Gefiller entwéckelen oder beim Mënsch soll ausléisen.

De Roboter mécht net, wéi e soll

De Roboter BUD ass och den eenzegen am ganze Buch, deen en Numm huet, all déi aner hunn entweder en Titel oder e Spëtznumm.

D'Professore hëlt de BUD mat heem an alles leeft perfekt, bis si puer Deeg fort muss an de Roboter mat der Kaz eleng an der Wunneng bleift.

No enger immens enttäuschender Rees, si ass u sech fort fir e Virtrag iwwer hier Erfindung ze halen, brécht hier Welt reegelrecht zesummen.

Awer dat alles geschitt ganz lues a ganz subtil. Et si kleng Unzeechen, déi weisen, datt de Roboter awer net esou mécht, wéi hie soll.

Spannend an onheemlech

D'Claire Schmartz ka wonnerbar schreiwen, de Lieser an eng verschwomme Welt, ouni Wäermt, ouni Gefiller, ouni Konture mathuelen, alles ass kal a gro, trist a feindlech.

An awer esou pointéiert a prezis. Eng wëssenschaftlech Sprooch, déi spannend an onheemlech ass, an op emol weess een net méi an dëser ganz onperséinlecher Atmosphär vun der Wëssenschaft, vum perfekte Wunnen: wou ass de Mënsch a wou ass d'Maschinn?

Et ass och e ganz flotte Layout vum Buch, deen Éditions Hydre oder d'Schrëftstellerin sech hei afale gelooss hunn, déi eenzel Kapitele ginn a binären Zuelen ugekënnegt, wou mol e reset oder en den een oder aneren error dertëschent ass.

Op alle Fall ass et keen Error dës Geschicht ze liesen, déi esou guer net no Science-Fiction kléngt an dat beréiert net just dem BUD seng Nerven.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Samson und Nadjeschda Buchcover
Buchkritik

E Krimi virun enger historescher Kuliss: Dem ukraineschen Auteur Andrej Kurkows säi Romanheld Samson ermëttelt 1919 zu Kiew, déi zu deem Ament vun der Rouder Arméi besat ass.

Das Leben eines Anderen
Buchkritik

Einfach einen Strich ziehen und unter einem neuen Namen mit einer neuer Biografie ganz von vorne anfangen. In "Das Leben eines Anderen" beschäftigt sich Keiichiro Hirano mit dem Thema Identität.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen