Radioen

On air

De Moien  |  Björk & Rosalia - Oral

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt guer keng Kulturpolitik"

Chamberwahlen 2018

"Et gëtt guer keng Kulturpolitik"

Walfer Bicherdeeg, Lëtzebuerg op der Frankfurter Buchmesse, Autoreresidenzen, finanziell Ënnerstëtzung, Vermaarte vun de Bicher. An de Wahlprogrammer gëtt villes versprach, awer wéineg Neies. Wéi eng Plaz huet d'Lëtzebuerger Literatur a wat sinn d'Revendicatiounen, Virstellungen a wéi ass d'Vue op den aktuelle Literaturbetrib?

auto_stories

3 min

De Guy Rewenig an d'Nathalie Ronvaux kritiséieren d'Kulturpolitik vun der Regierung.

De Guy Rewenig zielt, datt hie vill Kulturministeren erlieft hätt an der Meenung gewiescht wier, datt et "méi déif" net méi kéint goen. "Duerno koum d'Madamm Nagel, an do ass et nach vill méi déif an de Keller gaangen", seet hien.

"D'Madame Nagel huet do misse goen, well si einfach inkompetent war. Si ass entlooss ginn an d'Trap erop geworf ginn. Dat däerf een net vergiessen. Et erënnert e bëssen un de Fall Maaßen an Däitschland, wou een, dee sech dernieft beholl huet, d'Trap erop geworf gëtt a senger Karriär."

D'Kulturpolitik vun dëser Regierung wier en eenzege Fiasko, fir d'Literatur wier guer näischt gemaach ginn. Zum Schluss wier dat esou eng Aart Fotofinish, mee dat wier "Mimikri". "Sou kuerz virun de Wahle gesäit dat esou aus, wéi wa mir ganz vill gemaach hätten."

Kultur gëtt vu Politiker benotzt

D'Nathalie Ronvaux mengt esouguer, datt et "guer keng Kulturpolitik" géif ginn. "Dovu brauch ee guer net ze schwätzen", mengt si. Et géif natierlech de Kulturentwécklungsplang ginn, dee vum Jo Kox ausgeschafft gouf, mee "fir mech ass dat eng Evaluatioun", seet si.

"Fir mech ass dat eng Zesummefaassung vun Iddien, déi et scho gouf, vu potenziellen Outilen, déi de Ministère ka benotzen. Mee dat ass fir mech nach laang keng Kulturpolitik. An un där feelt et an ech mengen, do si keng Visioune fir d'Literatur."

D'Frankfurter Buchmesse wier éischter en Outil wéi eng Visioun. Et wier zwar gutt, datt do eppes ënnerholl géif ginn, mee et wäert vun de Politiker benotzt ginn. "Elo, wou eppes geschitt, ass et wichteg, datt mir hannendru bleiwen, datt mir dat alles beobachten, datt mir e Feedback ginn, datt mir fir déi nächst Joren weider dru schaffen, an dat besser gestalten an dat ouni Intérêt politique", esou d'Nathalie Ronvaux.

Keng Kommunikatioun a keng Transparenz

De Guy Rewenig ass iwwerzeegt, datt wann et de Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) nach géif ginn, "da wier dat alles net esou passéiert, wat mat Frankfurt passéiert, datt d'Politik sech ëmmer alles ënner den Nol rappt".

Datt op eemol "staatlechen Dirigismus" do wier, datt d'Editeuren einfach "schachmatt gesat ginn", datt eng Kommunikatioun do wier, keng Transparenz, "dat wier mat engem LSV net dra gewiescht", esou de Guy Rewenig.

Lëtzebuerger Sprooch an d'Literatur

De Guy Rewenig mengt, datt all déi Saachen op Lëtzebuergesch, déi elo géifen erauskommen, "déi hunn näischt ze doe mat deenen nationalisteschen a patrioteschen Tendenzen". Et wier éischter eng Géigestréimung. "D'Sprooch ass do Kommunikatioun an net d'Instrument fir Politik ze maachen", seet hien.

D'Nathalie Ronvaux mengt, datt Lëtzebuerg e klengt Land wier, an datt d'Weltsituatioun, an där ee sech befënnt, Angscht géif maachen. "Mee d'Leit sollen hir Scheiklappen opmaachen." Et géif ville Leit gutt goen an datt een ouni Grenzen, mee mam europäesche Gedanke misst iwwerleeën. "Mir mussen elo erwächen."

Politik soll sech aus inhaltleche Saachen eraushalen

Weider mengt d'Nathalie Ronvaux, datt d'Schrëftsteller gefërdert solle ginn, an datt d'Politik sech aus inhaltleche Saache soll eraushalen. "Dat geet guer net." Et misst een och méi um Terrain maachen, an net ëmmer an d'Ausland goen. "Mir mussen an d'Inland, do si mir nach laang net ukomm", mengt si.

Et wier immens wichteg Schrëftsteller ze fërderen, datt si am Ausland a Residenze geschéckt kéinte ginn an datt et seriö Echange géife ginn, "sou datt si am professionelle Milieu de Schrëftsteller an Editeure kënne begéinen, datt do en Netzwierk entsteet, an datt doduercher och Schrëftsteller kënne liewen".

Si géif hoffen, datt dee Kulturentwécklungsplang, dee fir si kee Kulturentwécklungsplang wier, mee eng "Mallette à outils", weiderentwéckelt géif ginn mat de richtege Visiounen, mat de richtege Missiounen a mat richtegen Objektiver, an datt do d'Literatur ganz seriö géif studéiert ginn.