Radioen

On air

Kultur um 5  |  An enger rouder, grénger Wüüst

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Là, où les chiens aboient par la queue

Literaturfestival "étonnants voyageurs"

Là, où les chiens aboient par la queue

"Là, où les chiens aboient par la queue", ass den Titel vum aussergewéinleche Roman vun der Estelle-Sarah Bulle. Eng Erzielung, déi eis déi rezent Geschicht vun der Gouadeloupe méi no bréngt, an dat op eng ganz poetesch an empathesch Manéier. D'Valerija Berdi ass der Schrëftstellerin zu Saint-Malo um Literaturfestival étonnants voyageurs begéint.

auto_stories

4 min

Prix Stanislas du premier roman 2018, Prix carbet de la Caraïbe et du Tout-monde, Prix APTOM an de Prix Eugène Dabit, fir just déi Präisser ze nennen, déi d'Estelle-Sarah Bulle mat hirem éischte Roman "Là, où les chiens aboient par la queue" kritt huet.

Mee éier een de Roman iwwerhaapt liest, trëllt ee schonn iwwer dësen aussergewéinlechen Titel, "Là, où les chiens aboient par la queue". D'Estelle-Sarah Bulle erkläert, datt et sech ëm e kreoleschen Ausdrock handelt, deen an der Iwwersetzung u sech "Perdu dans la pampa" heescht, mee si hätt e bewosst wuertwiertlech iwwersat, sou datt et all Mënsch irritéiert. An dat wier en Entre-deux, dee si selwer gutt géif representéieren, well si selwer wier jo weder richteg vun dohannen nach richteg vun hei. Si wier am Fong geholl esou, wéi den Titel vum Buch.

Eng skurril Familljegeschicht, déi e Bild vun der Gesellschaft an den Antillen zeechent

De là-bas ... domat ass d'Guadeloupe gemengt. De Papp vun der Autorin ass op der Guadeloupe gebuer a si besicht och reegelméisseg d'Karibikinselen, well si wëllt, datt hir Kanner och d'Insel vun hirem Grousspapp kenneléieren.

D'Guadeloupe ass dann och d'Plaz, wou sech der Estelle-Sarah Bulle hire Roman ofspillt, eng skurril Familljegeschicht, déi e Bild vun der Gesellschaft an den Antillen zeechent, eng autobiographesch ugehauchten Erzielung, well eng wichteg Protagonistin ass eng Niess, déi an der Paräisser Banlieue gebuer ass, esou wéi d'Estelle-Sarah Bulle selwer.

Déi Niess kritt dann d'Geschicht vun hire Virfare vun hirer Tatta gezielt, vun hirer Kandheet, hirer Plaz als Meedchen an enger duerch an duerch patriarchalescher Gesellschaft an hir Rebellioun géint dës agefleescht Reegelen.

Firwat e Roman iwwer déi eege Geschicht?

Beim Schreiwe wier si sou no wéi méiglech bei der Wourecht bliwwen, och wann et Fiktioun ass. Si wollt och weiblech Personnagen an de Virdergrond stellen, keng schwaach oder ënnerworfe Fraen, déi just duerch Männer, mat deene si zesumme sinn, definéiert ginn. Mee éischter staark Fraen, ouni awer hir Schwächten ze verstoppen. Frae wiere komplex wéi all Mënsch, et soll ee si net idealiséieren, awer och net méi kleng maachen, et soll een hinnen hir richteg Plaz ginn, grad esou wéi d'Männer se hunn. Et gouf jo schonn ëmmer komplex Männerpersonnagen, et muss grad esou Fraepersonnagë ginn, erkläert d'Estelle-Sarah Bulle.

Fiktioun, awer och Mystik a Mythologie, Geeschter an all hire Formen - bei der Estelle-Sarah Bulle begéint een dem magesche Realismus - ganz an der Traditioun vun der Karibik-Literatur. Si huet dëse Roman geschriwwen, well si sech gefrot huet, wie si iwwerhaapt ass. Huet mat hiren Eltere geschwat, mee wat war dann de Grond fir mat 45 Joer den éischte Roman ze schreiwen, deen déi eege Geschicht zum Thema huet?

Si huet sech gefrot, wie si iwwerhaapt ass, vu wou si kommen, firwat hire Papp 8.000 Kilometer méi wäit ewech gebuer ass wéi si. An dat hätt déi ganz Geschicht opgerullt. Um Ufank wollt si méi iwwer sech schwätzen an hir Erfarungen als eng Métisse-Fra, déi an der Paräisser Banlieue gebuer ass, mee lues a lues ass d'Buch awer an d'Richtung vun der Geschicht gaangen, déi sech virun hirer Zäit ofgespillt huet an esou si mir an der Guadeloupe vun de 40er Joren.

Verschidde Vuen a verschidde Memoiren

Och wann am Roman "Là, où les chiens aboient par la queue" d'Geschicht vun der Tatta erzielt gëtt, sou sinn awer och anerer déi zu Wuert kommen, déi hir Siicht op d'Behuele vun der rebellescher Tatta beschreiwen, eng Vue, déi dann natierlech net ëmmer positiv ass an dës Fra, deemools e jonkt Meedchen, net just an e positiivt Liicht stellt, virun allem ass de Brudder ganz kritesch.

D'Memoire gehéiert net enger eenzeler Persoun. An och wann een dat Selwecht erlieft huet, erlieft een et anescht. Ob een als Leschte gebuer ass, oder als Mann oder Fra, wier dat och ënnerschiddlech. Si wollt weisen, och wann ee Brudder a Schwëster ass, empfënnt een net d'selwecht. "Et ass awer och fir mech eng Manéier, déi ganz Komplexitéit vun der antillescher Gesellschaft a Geschicht ze weisen. Ech wollt de Lieser d'Fräiheet loossen, hiren eegene Wee ze goen, ech wollt net, datt d'Antoine si mat der Hand vun der Autoritéit hëlt."

"Elo Member vun der Geschicht vun der antillescher Literatur"

An dann - wat natierlech d'Lieserinnen an d'Lieser hei bei eis irritéiert - ass den Numm vun der Protagonistin: Si heescht Antoine, mee op der Guadeloupe ass et ganz geleefeg, datt Meedercher e Jongennumm kréien an d'Jonge Meederchersnimm.

Hire Roman ass op der Guadeloupe ganz gutt opgeholl ginn.

Um Ufank hat si Angscht virun hire Reaktiounen, well si jo zu Paräis gebuer ass, an och kee Kreolesch schwätzt. "Si hätte kënne soen, ech wier net legitim fir dës Geschicht ze erzielen. Mee schlussendlech ass just de Géigendeel geschitt, si hu mir Merci gesot, datt ech iwwer dës Geschicht geschwat hunn a si hu mech do empfaangen, als Member vun der Geschicht vun der antillescher Literatur."