Et sinn nach iwwer véier Joer bis d'Joer 2022, mä am Hierscht muss eng weider Etappe gepackt ginn. Dann nämlech kéint déi europäesch Jury eng positiv Decisioun en vue vun Esch 2022 als Europäesch Kulturhaaptstad huelen. Den Direktiounsduo vun Esch 2022, d'Janina Stroetgen an den Andreas Wagner schaffen den Ament um Konzept. Et soll eng Zesummenaarbecht mat de sëllechen Veräiner ginn, well "de Süden eng ganz lieweg Veräinskultur" hätt, seet de Coordinateur General Andreas Wagner. E wichtege Schratt wier et och, wann déi aach involvéiert Gemenge géingen zesummeschaffen. "Zesummen ass ee méi staark an zesummen droe sech d'Finanze besser".
Europäesch Perspektiv
D'Gemengen zu Lëtzebuerg hätten eng gesond Konkurrenz ënnerteneen. D'Kulturhaaptstad wier eng Méiglechkeet, sech an enger neier Perspektiv ze gesinn. "Et ass déi éischte Kéier, datt eng europäesch Perspektiv sech op de Süde riicht an net nëmmen op d'Stad Lëtzebuerg. Et ass en neit Lëtzebuerg, dat mir weise kënnen," seet den Andreas Wagner.
Vernetzung vun de Gemengen
Nieft der kultureller Entwécklung géing et bei der Kulturhaaptstad och ëm en touristeschen Developpement goen. De Süde vum Land wëll sech ganz kloer touristesch entwéckelen, si sech den Andreas Wagner an d'Janina Stroetgen eens. "D'Regioun kann hei eng Nohaltegkeet produzéieren, d'Gemengen eleng kënnen dat net. Dowéinst ass d'Vernetzung immens wichteg," seet d'Janina Stroetgen.
Den Ament ginn d'Linnen definéiert an da wëllen déi Responsabel vum Projet Esch 2022 zesumme mat de Leit um Terrain konkret Projeten ausschaffen. Hei ginn et awer kloer Kritären.
Europäesch denken
All d'Projete missten elo mat den europäesche Partner ausgeschafft ginn a mussen d'Diversitéit vun der europäescher Kultur an och grouss europäesch Sujeten traitéieren. "Dat ass hei kee Problem, well déi europäesch Diversitéit hu mir direkt lokal verankert. Dat ass och eng ganz spezifesch Qualitéit, déi de Süde vu Lëtzebuerg huet."
All Projet muss donieft eng Relatioun hu mat enger längerfristeger, kultureller Strategie. "Mir hu keng national Kulturstrategie, mä mir sinn am gaangen, dorun ze schaffen. Ouni esou eng Strategie ass dat Kulturjoer iwwerhaapt net denkbar," seet den Andreas Wagner. Bis de 15. September muss de Projet Esch 2022 elo schrëftlech agereecht ginn.
Renovatioun vum Resistenzmusée
Am November ass eng Visite vun deenen zwielef Membere vun der europäescher Jury an der Regioun. Si kucke sech d'Infrastrukturen, mä awer och d'Natur un. Dono ass am November en Debat am Kulturministère, bei deem de Projet Esch 2022 presentéiert gëtt an da fält eng Decisioun.
Viru kuerzem elo gouf zu Esch och de Projet vun der Renovatioun an der Vergréisserung vum Nationale Resistenzmusée zu Esch virgestallt. Dee Musée soll dann eng Roll am Kulturjoer 2022 spillen. "Mir sinn am gaange scho Projeten zesummen z'entwéckelen. Et ass wichteg, sech haut an eiser Gesellschaft nach emol Gedanken ze maachen, wat de Widderstand oder d'Resistenz sinn," esou d'Janina Stroetgen. D’Escher Buergermeeschtesch Vera Spautz hat esouguer proposéiert, fir den Gedanke vum Resistenzmusée am Kontext Widderstand z'erweideren. Nämlech an de Musée national de la Résistance et des droits de l’homme.
Recht op Kultur
D'Mënscherechter wieren ee vun de Kärsujeten an der Demarche vum Projet Esch 2022, esou den Andreas Wagner. De Sujet wéilt een erweideren an eng Diskussioun iwwert d'Recht op Kultur lancéieren. "D'Diskussioun iwwert den Droit culturel ass eppes, dat hei zu Lëtzebuerg feelt. Jidderee soll d'Recht an den Zougang zur Kultur hunn."
Brécke baue mat anere Stied
Dat géing et och erméiglechen, Brécken ze bauen, zum Beispill mat der litauescher Stad Kaunas. Dës Stad wier wéi Esch och déi zweet gréisste Stad am Land. "Kaunas huet mat ähnleche Problemer ze kämpfen, wéi Esch. An den 30er Jore war Kaunas eng ganz multikulturell Stad. Haut si 96 Prozent vun der Bevëlkerung aus Litauen. Déi Diversitéit vun de Leit, déi ganz spezifesch fir de Süden ass, ass eng ganz fragil Konstruktioun, mat där mir schaffen."
De Stéchdatum ass also November 2017, da gëtt decidéiert, ob Esch an aacht Südgemengen de Label Europäesch Kulturhaaptstad 2022 kréien oder net. Da wär ëmmerhi schonn no 1995 an 2007 déi drëtte Kéier, datt déi Europäesch Kulturhaaptstad zu Lëtzebuerg wier.