Radioen

On air

Espresso Beats  |  Dumbo Tracks, Smile & Julian Stetter - Daughter Of Flood Feat. Rubee Fegan

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erënnerungen un eng verluere Generatioun

Literaresch Rares

Erënnerungen un eng verluere Generatioun

Den däitsche Schrëftsteller Uwe Timm erzielt a sengem autobiographesche Roman "Am Beispiel meines Bruders" seng Kandheet. Erënnerungsfatzen, vermëscht mat Bréiwer vu sengem Brudder an u säi Brudder an Auszich aus deem sengem Tagebuch. Dem Brudder, dee fir d'Waffen-SS an der Ukrain gekämpft huet an do mat 19 Joer säi Liewe gelooss huet.

auto_stories

5 min

Den Uwe Timm mécht nodenklech, beréiert a léisst een och laang no der Lecture net méi lass.

Et ass net ëmmer evident, vun engem gudde Schrëftsteller een eenzegt Wierk ervir ze hiewen. Dat gëllt och fir den Uwe Timm. Dësen Auteur schreift wonnerbar Literatur. Egal ob hien iwwer seng Frëndschaft mam Benno Ohnesorg schreift. Oder iwwer den Opstand vun den Herero an Nama an Däitsch-Südwestafrika Ufanks vum 20. Joerhonnert. Iwwer skurril Aventure vun engem Schrëftsteller, oder wann hien e Wierk schreift wéi "Die Entdeckung der Currywurst", dat u Sensibilitéit bal net z'iwwertreffen ass.

Den Uwe Timm mécht nodenklech, beréiert a léisst een och laang no der Lecture net lass.

Mäi Choix ass op "Am Beispiel meines Bruders" gefall. Wahrscheinlech, well et e besonnesch sensibelt Thema behandelt. An ech nach keen Auteur gelies hunn, dee mat esou vill Takt, Empathie an intelligenter Distanz iwwer déi intiimst Erfahrung a Gedanken am Krich an an der Nokrichszäit an Däitschland geschriwwen huet.

"Die Lüneburger Heide. Der Totengrund. Schleswig-Holstein. Bad Segeberg. Sontagnachmittag. Das Spazierengehen um den See. Der Vater mit Hut und im leichten Sommermantel, in der Hand die Lederhandschuhe., die Mutter im Kostüm, einem hellen Staubmantel, Garnhandschuhe, das Kind in hellen Hosen, weißen Kniestrümpfen, so gingen wir am Seeufer spazieren . Die Erinnerung daran ist Lähmung, eine Lähmung beim Atmen, eine Lähmung beim Denken, eine Lähmung der Erinnerung. Und noch etwas, oft wurde auf diesen Sonntagsausflügen von ihm geredet, oder ist dieses oft eine starke Übertreibung dessen, was wirklich war, nämlich ein hin und wieder, und hatte es sich nur mir so eingeprägt, weil es auch immer ein Reden, zumal wenn es sich nicht an mich richtete, war, das mich in Frage stellte?"

Wat sinn Erënnerungen a wéini fänken se un? Entspriechen si der Realitéit? Oder sinn si verwëscht, duerchernee geheit an erëm nei zesummegesat? E Konstrukt aus Angscht a Verdrängen? Aus Freed a Wonschdenken?

Wéi e Mosaik

Dem Uwe Timm seng Erënnerunge si wéi eng Lähmung. Erënnerungen un e Brudder, deen hie fir d'lescht am Alter vun zwee Joer gesinn huet. Dës Erënnerungen huet hie wéi e Mosaik mat Fragmenter zesumme gesat.

1942 huet dem Uwe Timm säi Brudder sech an d'Waffen-SS gemellt. Ee Joer drop ass hien an der Ukrain gestuerwen. Wat dem Uwe Timm vu sengem Brudder bliwwen ass, sinn d'Bréiwer, déi de jonken Zaldot Heem geschriwwen huet, en hellblot Heft mam Titel "Notizen", eng Foto, op där d'Gesiicht net z'erkennen ass, d'Erënnerungen u seng Mamm an Trauer an d'Beschreiwunge vum Papp.

De Bléck op de Krich

Den Uwe Timm beschreift och déi ënnerschiddlech Relatiounen zu sengen Elteren. Seng Mamm konnt sech ni duerchsetzen, och net, wéi de grousse Brudder an de Krich zéie wollt a si vehement dogéint war. Si hat vun Ufank un e regelrechten Haass op Uniformen, de Militär an de Krich.

De Papp, dee gäre vu sengen Aventuren aus dem Éischte Weltkrich erzielt huet, am Zweete Weltkrich bei der Loftwaff war, an och nom Krich militärescht Optriede gär gesinn huet.

Dertëschent Fragmenter aus de Bréiwer vum Brudder Heinz, deen säin Entsetzen iwwer d'Ermuerde vun der Zivilbevëlkerung matdeelt. Deen awer a kengem Wuert säin Zaldoteliewen a Fro stellt an am "Russ", wéi hien déi feindlech Arméi bezeechent, déi abstrakt Mass gesäit, déi muss vernicht ginn.

Froe vun der Nokrichsgeneratioun

An dann den Ëmgang mat der Fro vun der Schold nom Krich. Diskussioune vun den Erwuessenen, wéi de Krich awer hätt kënne gewonne ginn. Och mam Wëssen iwwert den Holocaust an trotz dem Verloscht vun eegene Kanner.

Keng Jeans, kee Jazz an um 10 Auer doheem sinn – d'Relatioun mam Papp geet d'Baach an, wéi den Uwe 16 Joer al gëtt. An deem Alter widdersetzt hie sech de strengen Erzéiungsmethode vu sengem Papp. Hie fänkt un ze begräifen, wat an Hitler-Däitschland geschitt ass. D'Buch beschreift säi Wee zu de lenken Iddien a Parteien an dann awer déi verhaassten Ausbildung, déi de Papp him operluecht huet.

Et ass wuel eng Geschicht, déi honnert Dausende vu Familljen an Däitschland esou oder ähnlech erlieft hunn. Mee den Uwe Timm erzielt seng eege Geschicht bal dokumentaresch, esou wéi wann hien ee Beobachter vum eegene Liewen wier.

Ouni Jugement

Trotzdem ass tëschent de ganz sachlech wierkende Sätz, aus deenen ni e Reproche eraus ze liesen ass, ni eng Beuerteelung vum Geschéien a vum Verhale vun de Protagonisten, esou vill Sensibilitéit dran, datt een dem Timm seng Gefiller erkennt a spiert. Et begräift een, wisou hien dës autobiographescht Wierk eréischt schreiwe konnt, wéi kee vu senger Famill net méi um Liewe war.

Et huet manner mat Récksiicht op d'Elteren ze dinn. Mee méi mat der Fräiheet a mat der Distanz, déi ee wuel just erreecht, wann déi Betraffe fir ëmmer fort sinn. Et liest een eng verstoppten Trauer an e Wëssen ëm eng verluere Kandheet, déi vu Millioune vu Mënsche gedeelt ginn. An awer huet seelen een se esou ouni Pathos op d'Blat bruecht, wéi den Uwe Timm.

Banalitéit vum Béisen

Et fält engem der Hannah Arendt hier Banalitéit vum Béisen hei an, et gëtt een sech erëm eng Kéier bewosst, datt et keng Monstere waren, déi déi ganz Maschinerie vum Krich erméiglecht hunn, mee Mënsche mat Gefiller, mat Léift, mat Ängschten a Suergen. An dat weist méi d’Grugelegkeet vun Nazi-Däitschland wéi all Krichszeen dat kéint.

"Am Beispiel meines Bruders" ass e Roman, dee wuel ni un Aktualitéit verléiert.