Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Reklamm, eng Plainte, e Shitstorm

Sexismus

Eng Reklamm, eng Plainte, e Shitstorm

Ass d’Gesellschaft konditionéiert fir dat sexualiséiert Fraebild an der Publicitéit net méi als schlëmm z'empfannen? Analys vun de Reaktiounen op eng Plainte vum “CID - Femmes”. Wat um Spill steet geet iwwert deen Eenzelfall eraus.

auto_stories

7 min

© CID-Femmes

Hefteg Reaktioune konnt een déi lescht Woch an de Kommentar-Sektioune vu verschiddene soziale Netzwierker observéieren. Ëm wat goung et? D’ASBL Cid-Femmes, Fraen a Genderhat eng Plainte bei der Ethikkommissioun agereecht géint eng Reklamm vun enger Lëtzebuerger Kellerei: virum Hannergrond vun enger Polarlandschaft, eng Fra am Bikini, déi hannerrécks iwwert d’Schëller an d’Kamera, dat heescht op de Spectateur kuckt. D’Fra huet eng Fläsch Cremant an der Hand.

De Cid-Femmes huet dëst Bild als sexistesch bezeechent a krut virun der Ethikkommissioun Recht. D’Kellerei sot sech verwonnert. Et wier ee sech net bewosst gewiescht, datt d’Reklamm sexistesch sollt gewiescht sinn.

Shitstorm

Um 12h40 war deen Dag ee vu sëllechen Artikelen an der Online-Press publizéiert ginn, eng zwou Stonnen drop waren op Facebook scho 70 Kommentaren erakomm. Virun allem gouf sech gefrot, ob de Cid-Femmes näischt Besseres ze dinn hätt, d’Reklamm wier harmlos. Dacks waren dës Argumenter gekoppelt mat engem relativ simplistesche Verweis op Ästhetik. “Les goûts et les couleurs”…

Stilistesch waren d’Kommentaren dacks a relativ graffer Sprooch geschriwwen, mat Uspillungen op ënnerstallte sexuell Frustratioune vun de Membere vum Cid-Femmes, wann net esouguer behaapt gouf, dës Frae wiere jo ellen a just jalous. Déi meeschte Remarquen op Facebook froe sech awer éischter wat de ganzen Zodi soll. Et wier jo just eng Reklamm, keen hätt d’Fra gezwonge sech auszedoen.

Firwat hält de Cid-Femmes d’Reklamm da fir sexistesch?

De Fall Crémant ass net fir sech eraus gesicht ginn, mee als Beispill fir an der Gesellschaft verankert Biller an Tendenzen. Eng Gesellschaft an hire Wäertesystem loosse sech net vun haut op mar änneren. Wann eng Gesellschaft hier eege Strukturen net erkennt, gi se als natierlech wouer geholl. Wann d'Fraen an de Medie permanent sexualiséiert duergestallt ginn, da verfestegt sech d’Bild vun enger op hire pure Kierper reduzéiert weiblech Persoun, mat där Produite verkaf ginn.

An och dat vill gebrauchten Argument vum Choix brécht hei zesummen. De sougenannte Choix vun der individueller Fra, am Bikini an enger Reklamm opzetrieden, déngt hei als ideologesch Justifikatioun. Et ass ëmmer erofloossend fir e Mënsch aus kommerziellen Zwecker op e pure sexualiséierten Objet reduzéiert ze ginn. Gewise gi méi dacks Frae wéi Männer. D’Fra réckelt domat an eng sozial méi niddreg Positioun. Duerch d’Widderhuelung vun esou Biller gi mer desensibiliséiert, d’Positioun vun der Fra erschéngt als natierlech, an de Choix vum Konsument, e Produit ze kafen oder och net, ass a Wierklechkeet kee méi.

Systematesch Geschlechterënnerdréckung

Wa Fraen als mannerwäerteg ugesi ginn, dann ass et och net méi wäit bis zu engem System, deen ënnerdréckt – deemno wéi och mat Haass respektiv verbaler a kierperlecher Gewalt. Wa Frae sech géint d’Sexualiséierung wieren, da gëtt dat – wéi beispillsweis vun engem Här - esou kommentéiert: "Owes doheem am Liederstring deen Aale plakesch an der Hondsléngt duerch d’Haus joen an déi schlëmmste Sexspillsaachen am Nuetsdësch leien hunn". Wann da souguer d’Kritik u Frae sexualiséiert gëtt, ënnermauert dat ironescherweis d’Argumentatioun vum Cid-Femmes.

Eng Partie Kommentare riichte sech direkt géint d’Personal vum Cid-Femmes. Eng Fra schreift: "ech stelle mir lo grad lauter verklemmten a knaddereschTattae fir, déi matt Jesuslaatschen a laangewäite Räck duerch d’Géigend lafen". Et ass ëmmer méi einfach, eenzel Persounen unzegräife wéi e Konzept, oder souguer z’akzeptéieren, datt ee vläicht selwer och sozial konditionéiert ass.

Am beschte gefall huet mer iwwregens deen heite Kommentar: "De Cid Femmes ass eng Gefor fir eis pluralistesch Gesellschaft wou all Persoun soll soen an sech esou expriméierekenne ewéi se dat wëllen." Ech huelen un, all Persoun ausser de Membere vum Cid-Femmes? Ech weess, ech knadderen ze vill, dofir ginn ech elo meng Jesuslaatsche sichen, well mäin Aale waart schonns mat der Hondsléngt op mech.