Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng relativ Befreiung

Literatur

Eng relativ Befreiung

Am autobiographeschen Text ''Couleurs de l'intime'' (Editions Phi) beschreift d'Michèle Frank hir Kandheet a Jugend, déi vun der Geschicht a schwierege Familljeverhältnesser belaascht waren.

auto_stories

4 min

Zwee Joer no hirem komplett ratéierte Roman ''Blessures sans cicatrices'' (Phi) leet d'Michèle Frank, déi och als Molerin bekannt ass, eng strikt autobiographesch Erzielung vir. Wärend si am viregte Buch déi schwiereg Liewensgeschicht vun hirem Ex-Mann verschafft hat, setzt sech d'Autorin elo a ''Couleurs de l'intime'' (Phi) mat hirem eegene Liewen auserneen. Et muss ee soen, datt déi Form hir besser läit ewéi d'Fiktioun.

Déi 1940 zu Châtellerault gebueren Autorin beschreift hire Parcours bis den Ufank vun den 1960er Joren, wéi si hire fréiere Mann Jürgen Frank zu Saarbrécken kennegeléiert hat. Et ass d'Erzielung vun enger relativer Befreiung.

Vum Brudder getrennt, an d'Lorraine geplënnert

Hire Papp hat si net méi konnte kenneléieren : dee war als jonken Zaldot fréi am Krich gestuerwen. Mat hirer Mamm haten dat klengt Michèle an den dräi Joer méi ale Brudder Roland bei de jüddesche Grousselteren (den Eltere vum Papp) op der Atlantikküst, an den vun däitschen Truppe besate Landes verbruecht. Wéi de Krich eriwwer war, goufen déi zwee Kanner getrennt. D'Mamm, déi wärend dem Krich fir en Däitsche geschafft a sech dowéinst verdächteg gemaach hat, war mat der Duechter bei hir Elteren an d'Lorraine geplënnert.

De Wiessel vun de Plagë vu Mimizan an déi gro an deelweis duerch Bombardementer zerstéiert Industriestad Forbach erlieft d'Kand als Schock. Ofgesi vum relative sozialen Deklassement an der Konfrontatioun mam frieme loutrengeschen Dialekt, sinn et besonnesch déi méi rau mënschlech Relatiounen, déi dem Meedchen d'Liewe schwéier maachen.

Rau mënschlech Bezéiungen

Mat der autoritärer Bomi gëtt et nach eens. Problematesch ass dogéint d'Bezéiung zur Mamm, déi elo eng Wiertschaft bedreift. D'Duechter kritt vun hir permanent d'Gefill vermëttelt, net op der Héicht ze sinn, leit un deem Manktem u Mammeléift. Aus enger interioriséierter Geréngschätzung entwéckelt sech en Hang zur Selbstbestrofung :

''Je vivais avec cette idée que m'avait inculquée ma mère que j'étais une bonne à rien, que la vie n'était qu'un éternel combat pour survivre, que le travail n'était pas une occupation qui pouvait procurer du plaisir, mais la condamnation à une existence de bête de somme en quelque sorte."

Doduerch, datt et sech fir seng eege Famill schummt, dovunner dreemt, eng Kéier Theater ze spillen, sammelt d'Michèle awer och déi néideg Energie, fir d'Flucht ze woen : fir d'éischt iwwer d'Schoul an d'Bicher, dann iwwer divers kleng Posten als Kannermeedchen oder Surveillante, a spéiderhin de Studium am deemools vu franséischen Truppe besate Saarland. Dësen decisive Schrëtt hat sech mat Hëllef vum Hausdokter erginn.

Nieft dem u sech schonn interessante perséinleche Parcours liwwert ''Couleurs de l'intime'' och e Beispill vun enger dach typescher Jugend am erstéckende Konformismus vun de Fofzeger Joren. Eng Zäit, déi fir jonk Leit a besonnesch fir Fraen net déi einfachst war, ënnert anerem wéinst der permanenter Angscht virun enger Schwangerschaft.

Psychanalismus amplaz Erzielung

De Problem vum Buch ass, datt hei verschidden Aspekter reproduzéiert ginn, déi schonn am Roman ''Blessures sans cicatrices'' penibel waren. Och dat heite liest sech bal ewéi de Compte-rendu vun enger Psychanalyse. Esou gëtt d'Erzielung iwwerluede mat psychologeschen Interpretatiounen. Et gëtt driwwer spekuléiert, wéi eng autobiographesch Elementer elo wéi eng Charakterzich bei der Erzielerin ervir bruecht hunn, respektiv dëst an dat Bild vun der spéiderer Molerin Michèle Frank erklären.

Stilistesch ass et alt erëm d'Widderhuelung vun der Tournure ''sans doute''. Dee Schreiftick geet awer bei wäitem manner op d'Schlappen ewéi d'Accumulatioun vu Froen, Froen iwwer Froen, Froen en cascade, déi beim Lieser nëmme kënnen d'Gefill vu Gejéimers a Gesouers verstäerken.

An dat ass Schued. Well d'Matière vu ''Couleurs de l'intime'' ass ganz interessant. Verschidde Passagen ouni psychologiséierende Ballast, déi sech mat renger Erzielung zefridde ginn, si gutt. D'Autorin stellt och eng gewëssen Observatiounsfäegkeet ënner Beweis, huet duerch déi eegen Erfarung e Gespier fir sozial Differenzen entwéckelt. Am beschte Fall kann esou eppes en Annie Ernaux ervir bréngen.