Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Presenz an der Nuecht

Poesie

Eng Presenz an der Nuecht

A sengem Recueil "Mes Nuits sont plus folles que mes jours" (Editions Phi) versicht den Giulio-Enrico Pisani, seng verstuerwe Léift present ze halen - eng Form vun Trouscht an den Ausdrock vun déiwer Trauer, och ëm déi eege Vergänglechkeet.

auto_stories

4 min

45 Joer laang ware se zesummen, den Dichter an d'Fra, déi en iwwer alles gären hat. Den Doud huet se getrennt, si ass virun him gaangen, si méi jonk ewéi hien - u sech e Skandal, well d'Reiefolleg net respektéiert gouf. "Il n'y a pas eu de divorce, rien de plus qu'une séparation'', schreift den Giulio-Enrico Pisani.

De Moment vun där Trennung gëtt kloer datéiert: 23. Januar 2015. Virun allem gëtt déi verluere Léift genannt: Claudine. Iwweregens schonn den Titel vun enger viregter Gedichtsammlung, déi den Auteur 2016 verëffentlecht hat.

''(...) depuis fin janvier 2015, Elle n'était qu'absente

et restait lumineuse, immense, rafraîchissante,

mais, pour moi, de jour, intangible.

Cependant mes nuits sont,

par bonheur, plus folles

que mes jours''.

E Liewen ouni d'Fra, déi e gären hat

Fir de Poet ass d'Claudine awer net fort. D'Fra wunnt elo just anzwousch anescht, mol net esou wäit ewech, nämlech um Märeler Kierfecht, wou en se reegelméisseg besiche geet. Si begéine sech reegelméisseg, haaptsächlech nuets, a sengem Bett, dat heescht a sengen Dreem. ''Mes Nuits sont plus folles que mes jours'' ass dat neit Buch iwwerschriwwen.

Eng Form vun Trouscht, mee och den Ausdrock vun déiwer Trauer, net eleng wéinst dem Bewosstsi vun der eegener Vergänglechkeet. Den Auteur, Joergang 1943, weess, datt hien déi beschte Jore scho laang hanner sech huet - spéitstens dann, wann eng flott jonk Fra sech un hien adresséiert, fir en ze froen... ob et ëm gutt geet. Am Dag gëtt et net méi vill ze erliewen...

Al wäiss Männer

Bei der Lektür vum Giulio-Enrico Pisani senge Gedichter fillt ee sech staark un de Lambert Schlechter erënnert, deen och schonn zënter laange Jore versicht mat senger Fieder iwwer den Doud vun där vun him vergëtterter Fra ewech ze kommen, an dee seng Vitalitéit gréisstendeels u senger Fäegkeet moosst, fir kënne weiderhin ze verféieren.

An déi al wäiss Männer liest ee gär, zemools well se net drop aus sinn, fir sech selwer ze verherrlechen. Neen, déi dote kucke mat Respekt zeréck, si voller Regreten, déi wéi dinn a Strof genuch sinn. Den Giulio-Enrico Pisani entschëllegt sech nodréiglech bei senger Mamm:

''Tu ne fus que la deuxième, car la vie est immonde.

Mais ton fils, cet ingrat, ne l'a que trop payé.

En perdant à mon tour l'amour de toute ma vie (...)''

Stellungnamen

Den Dichter ass an engem Alter, an deem hien den Tri gemaach huet an engem jonke Mënsch de Rotschlo ka mat op de Wee ginn, dat ze maache wat e selwer fir richteg hält. Als iwwerzeegte Kommunist an Immigrant ass hie revoltéiert iwwer den Ëmgang mat de Flüchtlinge an eise Länner; mat de Passeuren, de sougenannte Schlepperbanden, well hien net ze streng sinn.

Wat d'Covid-Pandemie betrëfft, rifft hien zur Vernonft op: "Soyons responsables, mais n'en faisons pas des masses'', anerer hätten ëmmerhin un dausend aneren Ursaachen ze leiden. Eng Pique huet en dann och fir kal abstrakt Dichter iwwereg, déi sech och nach iwwert e Manktem u Lieser beschwéieren: ''Taisez-vous donc, faux poètes d'aujourd'hui''.

"souffrant/désir"

Grad ewéi beim Lambert Schlechter fënnt een och hei eng ganz Rëtsch Hommagen u literaresch Virbiller. Den Giulio-Enrico Pisani trëtt reegelrecht an den Dialog mat vergaangene Gréissten ewéi Louis Aragon oder Jules Supervielle, andeems en op ganz bestëmmte Gedichter mat engem thematesch an/oder stilistesch änleche Gedicht äntwert, un d'Virbild uknäppt, et mat enger eegener Interpretatioun weiderspënnt, ganz an der Traditioun vum arabesche ''mou'aradha'', op déi den Auteur ausdrécklech verweist.

Dem Giulio-Enrico Pisani seng Verse si fräi, net seele si se gereimt, ouni wierkleche System. Ganz rar benotzt hien dogéint déi klassesch Form vum Sonnett, zwee Véierzeiler an zwee Dräizeiler, dat Ganzt an engem strenge Reimschema gehalen. Et ass, wéi wann d'Gedicht wéilt op sech opmierksam maachen: ''La nuit, le jour, inséparables!'', wou et natierlech ëm den Giulio-Enrico a säi Claudine geet. Um Enn dann zwee Wierder, déi iwwer déi strikt Form vum Sonnett eraus debordéieren: ''souffrant/désir". Mat deem Widdersproch wäert hie musse bis zum Schluss liewen...