Radioen

On air

Tockcity  |  Madness - Round We Go

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng poetesch Biographie vun der Donau

Een Thema, e Buch

Eng poetesch Biographie vun der Donau

Den italienesche Germanist an Intellektuelle Claudio Magris hat 1986 mat sengem Buch "Danubio" der Donau-Regioun ee beandrockend Denkmal gesat. Reesbericht, Kulturgeschicht, Reflexioun iwwer d'Zäit, iwwer Krich a Fridden, an iwwer Europa, eisem Thema vum Mount.

auto_stories

8 min

"(...) guardando quest'acqua giovane e sottile del neonato Danubio mi chiedo se, seguendolo fino al delta, fra popoli e gente diverse, ci si inoltra in un'arena di scontri sanguinosi o nel coro di un'umanità nonostante tutto unitaria nella varietà delle sue lingue e delle sue civiltà."

("Während ich das junge Wasser der frisch entsprungenen Donau betrachte, frage ich mich, ob ich, wenn ich ihr zu den unterschiedlichen Völkern und Volksgruppen bis hin zum Delta folge, in eine Arena blutiger Schlachten gelangen oder in den Chor einer Humanität eintreten werde, die ungeachtet der verschiedenen Sprachen und Kulturen dennoch einheitlich ist.")

Den italienesche Germanist an Intellektuelle Claudio Magris, Joergang 1939, hat sech ufanks de 60er Joren en Numm gemaach mat der Publikatioun vu senger Dokterthees iwwer den Habsburger-Mythos an der moderner éisträichescher Literatur. Gutt 30 Joer drop war dem gebiertegen Triestiner de grousse Worf gelongen, deen hien international berühmt sollt maachen.

''Danubio'', 1986 fir d'éischt op italienesch erauskomm, war ee ganz perséinlechen, poetesche Bericht vun enger 3.000 Kilometer laanger Rees laanscht d'Donau, tëschent dem Schwarzwald an dem Schwaarze Mier, een Andauchen an eng Joerhonnerten al Kulturgeschicht vum sougenannte ''Mitteleuropa'', mat senge Schrëftsteller, senge Philosophen, senge Wëssenschaftler; mat senge bedeitenden Evenementer, - jiddefalls déi, déi d'Geschichtsbicher zeréckbehalen hunn -, a senger Hellewull u wéineg bekannten Anekdoten; mat senge Mythen a Legenden; mat senge politesche Perséinlechkeeten a soss markante Personnagen, mee och mat senger Mass vun anonymme Mënschen, déi vun der Geschicht gedriwwe goufen an all ze dacks ënner den Entscheedunge vun Aneren hu misste leiden; et ass eng Reflexioun iwwer d'Zäit, iwwer Krich a Fridden, iwwer Liewen a Stierwe vu ganze Räicher - a kuerze Wierder gefaasst: ee Buch iwwer Europa.

Gefill fir d'Totalitéit

''Danubio'' liest sech bal wéi e klassesche Reesguide, an deem een och grad esou gutt einfach nëmmen dra bliedere kéint, wéi et engem passt. Mee da géif engem eppes ganz Wichteges entgoen: nämlech d'Gefill fir d'Totalitéit, fir déi Onmass un Nimm a Fakten, déi unenee gereit ginn, déi fléisse wéi d'Waassermasse vun der Donau, an déi de Mënsch versicht ze kontrolléieren, sou wéi dat nom Zweete Weltkrich schonn een däitschen Ingenieur gemaach hat, a sengem 2.164 Säite laange Liewenswierk iwwer d'Geschicht an d'Geographie vum Floss:

"Ogni totalità - anche quella hegeliana, diceva con faziosa acutezza Kierkegaard - si offre al riso degli dèi. (...) Questo lato comico non sminuisce certo la grandezza di Hegel o di Heidegger; ogni pensiero veramente grande deve aspirare alla totalità e questa tensione comporta sempre, nella sua grandezza, anche un elemento caricaturale, una punta di autoparodia."

("Jede Totalität - auch diejenige Hegels, wie Kierkegaard mit parteiischer Schärfe formulierte - ist den Göttern Anlaß zu Heiterkeit und Gelächter. (...) Dieser komische Aspekt mindert gewiß nicht die Größe Hegels oder Heideggers ; jeder wirklich große Gedanke zielt zwangsläufig auf Totalität, un diese Spannung enthält immer in seiner Größe auch ein Moment der Selbstkarikatur, der Selbstparodie.")

Et ass och eng Rees queesch duerch d'Zäit, et spréngt een hin an hier an der Geschicht, mol ass een am 18. Joerhonnert, mol an der Antiquitéit, mol am 20. Joerhonnert - fir de Claudio Magris ass d'Zäit souwisou eppes Relatives:

"Si vivono come contemporanei eventi accaduti da molti anni o da decenni, e si sentono lontanissimi, definitivamente cancellati, fatti e sentimenti vecchi di un mese."

("Ereignisse, die vor vielen Jahren oder gar Jahrzehnten sich zugetragen haben, sind so gegenwärtig, als ereigneten sie sich heute, und Tatsachen und Empfindungen, die kaum einen Monat vergangen sind, werden als weit zurückliegend, definitiv abgeschlossen, wahrgenommen.")

Mee dat wat wierklech zielt, sou de Magris, dat ass de Moment selwer:

"La persuasione, ha scritto Michelstaedter, è il possesso presente della propria persona, la capacità di vivere a fondo l'istante senza l'assillo smanioso di bruciarlo presto, di adoperarlo e usarlo in vista di un futuro che arrivi più rapidamente possibile e dunque di distruggerlo nell'attesa che la vita, tutta la vita, passi velocemente. Chi non è persuaso consuma la propria persona nell'attesa di un risultato che ha sempre da venire, che non è mai (...)"

("Die Überzeugung, schreibt Michelstaedter, ist der gegenwärtige Besitz des eigenen Lebens und der eigenen Person, die Fähigkeit, den Augenblick bis zum Grunde auszuschöpfen, ohne den begierigen Trieb, ihn rasch aufzuzehren, ihn zu gebrauchen und im Hinblick auf eine Zukunft zu nutzen, die so rasch wie möglich eintrefffen soll, und ihn folglich durch die Erwartung zu zerstören, daß das Leben, das ganze Leben, schnell vergehen möge. Wer nicht übereugt ist, verzehrt sich in der Erwartung von etwas, das immer zu kommen hat und niemals ist (...)"

Afloss vun der däitscher Kultur

D'Geschicht vun der Donauregioun - notéiert de Magris - gouf entscheedend beaflosst vun der däitscher Kultur, déi an der Rivalitéit tëschent dem Hellege réimesche Räich vun der däitscher Natioun an dem éisträicheschen an duerno éisträichesch-ungaresche Räich ënner der Habsburger-Dynastie hire politeschen Ausdrock fonnt hat. De Germanist Claudio Magris interesséiert sech fir d'Spuere vun däitschsproocheger Literatur a Géigende wéi beispillsweis Transsylvanien oder dem Bannat, do also, wou sech viru Joerhonnerten déi sougenannten Donau-Schwaben oder Donau-Sachsen, dorënner och Mënschen aus eiser Regioun, niddergelooss haten:

"la presenza tedesca nella Mitteleuropa è stata un grande capitolo di storia e la sua eclisse è stata una grande tragedia, che il nazismo, responsabile della sua degradazione e della sua disfatta, non può far dimenticare. Interrogarsi sull'Europa signfica, oggi, interrogarsi anche sul proprio rapporto con la Germania."

("Und doch ist die deutsche Präsenz in Mitteleuropa ein großes Kapitel in der Geschichte, ihr Zusammenbruch eine große Tragödie gewesen, die der Nationalsozialismus, der für ihre Entwertung und ihre Niederlage verantwortlich ist, niemals vergessen machen kann. Eine Ausandersetzung mit Europa bedeutet heute, sich auch mit dem eigenen Verhältnis zu Deutschland auseinanderzusetzen.")

Eng literaresch Rees

"Potesse questa sera non finire mai, e noi non arrivare mai a Dillingen, come non si arriva mai oltre l'orizzonte. Il fiume della vita fluisce nelle nostre vene, come per il maestrino Maria Wuz e ad ogni battito deposita in noi, come in lui, una goccia del limo del tempo, che un giorno salirà fino al cuore e fino a ricoprirci, ma in questo momento quel torrente non ci travolge, bensí ci culla."

("Würde doch dieser Abend niemals enden und wir niemalsnach Dillingen gelangen, wie man auch niemals den Horizont erreicht ! Der Fluß des Lebens rinnt durch unsere Adern, und mit jedem Schlag des Herzens läßt er, wie bei dem Schulmeisterlein Maria Wuz, etwas von dem Schlamm der Zeit in uns zurück, bis dieser eines Tages auch zum Herzen ansteigen und uns ganz bedecken wird ; doch reißt uns in diesem Augenblick der Strom nicht mit sich fort, sondern wiegt und schaukelt uns.")

Jean Paul, Franz Grillparzer, Robert Musil, Elias Canetti, Franz Kafka, an nach vill anerer: ''Danubio'' ass och ee laange Katalog vun de Gréissten aus der Weltliteratur, déi op iergend eng Manéier mam Floss verbonne sinn, sief et, datt si bei der Donau gebuer goufen oder do gelieft hunn, sief et, datt d'Schicksal si dohinner bruecht huet, wéi de Louis-Ferdinand Céline, deen um Enn vum Zweete Weltkrich als Nazi-Kollaborateur mat der Vichy-Regierung op Sigmaringen an Däitschland geflücht war. Berühmt Schrëftsteller, mee net nëmmen: de Claudio Magris ernimmt och Auteuren, déi en Androck hannerlooss hunn, dorënner déi eng oder aner talentéiert Fra, wéi d'Marieluise Fleisser oder d'Marianne Jung, déi am Schied vun engem Brecht respektiv engem Goethe verstoppt bliwwe sinn, Männer, déi hiert Talent fir hir eege Renommee ausgenotzt haten.

Et si Schrëftsteller wéi de Joseph Roth, déi de Gemittszoustand vun der ganzer Donauregioun a Wierder gefaasst hunn, virop d'Melancholie:

"la nota dominante di Vienna e della Mitteleuropa; una tristezza da colegio e da caserma, la tristezza della simmetria, della fugacità e della disillusione. A Vienna si ha l'impressione che si viva e si sia sempre vissuti nel passato, le cui pieghe nascondono e proteggono anche la gioia."

["das dominante Merkmal Wiens und Mitteleuropas, Traurigkeit des Internats oder der Kaserne, Traurigkeit der Symmetrie, der Flüchtigkeit und der Desillusionierung. In Wien gewinnt man den Eindruck, daß man in der Vergangenheit lebt und immer gelebt hat, in einer Vergangenheit, deren Falten auch Freuden bergen und behüten (...)"]

Europäesch Eenheet an der Diversitéit?

Et kéint gutt sinn, datt Europa um Enn ass, eng Provënz vun der Geschicht, déi ee vernoléissege kann, an iwwer déi am Knäpperchersräum vun anere Räicher decidéiert gëtt. Dat Gefill krut de Claudio Magris während senger Statioun zu Budapest - mir si Mëtt den 80er Joren, wéi d'Berliner Mauer nach stoung an nach net gewosst war, wéi sech de kommunistesche Block, wéi sech Europa am grousse Ganze géife weiderentwéckelen:

''Certo a Budapest si puó avvertire questo senso di un'Europa doppo lo spettacolo, ma essa non è, come Vienna, solo un palcoscenico della rimembranza di glorie passate, bensí anche una città robusta e sanguigna, che suggerisce quale forza potrebbe e dovrebbe avere l'Europa, se sapesse far tesoro della sua dispersiva molteplicità di energie e le unificasse anziché logorarle in un'elisione perpetua, in uno stallo permanente."

("Sicherlich kann man in Budapest den Eindruck haben, man befinde sich in einem Europa, in dem der Theatervorhang bereits gefallen sei, doch ist es nicht - wie Wien - nur eine Erinnerungsbühne verflossener Herrlichkeit, sondern eine kräftige, lebensvolle Stadt, die erkennen läßt, welche Kräfte Europa besitzen könnte und müßte, wenn es seie überreichen und weit verstreuten Energien zu nutzen und zu vereinigen wüßte, staat sie in einer unablässigen gegenseitigen Aufhebung, in einem ewigen Patt zu zermürben.")