Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Etapp fir de Konschtmarché

Luxembourg Art Week

Eng nei Etapp fir de Konschtmarché

19 Galerie wäerten déi nächst Woch un der éischter Lëtzebuerger “Art Week” deelhuelen. An engems ass an der Victor Hugo Hall um Lampertsbierg och d’Ouverture vum CAL, vum Salon vum Cercle artistique. Duerch d’Associatioun vu Galerie-Vertriedungen an dem Salon vum lëtzebuerger Konschtveräin, erwaard sech ee vun den Haaptorganisateuren, de Galerist Alex Reding, eng méi grouss Resonanz beim Lëtzebuerger konschtinteresséierte Publikum.

auto_stories

5 min

Zu Lëtzebuerg ass de Reseau vum Konschtmaart nees a Beweegung. Dat och wéinst enger Galerielandschaft,déi sech iwwert déi läschte Méint nees geännert huet. Et si Galerien dobäi komm, wéi déi vun dem Michael Krome, dee d’Ausstellungs-Architektur vun der fréier Galerie Beaumont op der Avenue Gaston Diderich iwwerholl huet. Oder och d’Galerie vum fréiere Sammler Hervé Lancelin, deen elo eng privat Galerie opgemaach huet an dobäi direkt e Konschtpräis lancéiere konnt.

Den Zentrum iwwert di läschte Joer war de Fëschmaart, mat der Galerie vum fréieren Direkter vun der Préfiguratioun vum Mudam, de Bernard Ceysson an der Galerie vum Alex Reding. De Bernard Ceysson huet säi Galerie-Reseau iwwert déi lescht Méint vergréissert. Zu Paräis, zu Saint-Etienne, huet hien och Galerien. Rieds geet och vun  engem Projet zu New York an d’läscht Joer réischt huet hien e grousse Galerie- a Stockage-Raum um Wandhaff opgemaach.

D’Ouverture vun de neie Raim vun der Galerie Zidoune-Bossuyt an der Stater Tilleschgaass  ass och en neien Deel vun der lëtzebuerger Galerie-Landschaft. Virdrun hat den Nordine Zidoun dem Alex Reding seng fréier Galerie op der Stroossbuerger Plaz iwwerholl, wéi deen op de Fëschmaart geplënnert ass. Elo ass dat restauréiert Haus am Gronn mam ugebauten Hannerhaff, just ënnert dem Helleggeeschtplateau och en Deel vum lëtzebuerger Konschtmaart, deen nach ni esou aktiv war wéi bis elo.

Mat der Art Week ass elo eng nei Etapp dobäi komm. D’Decisioun gouf séier, ganz séier geholl. Réischt am Juni dëst Joer gouf en Datum festgeluecht, wéi gesot déi d’nächst Woch vum 3. bis 8. November an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg.

Während der Woch si Visite guidéeën organiséiert, mee virun allem ginn et zwee Ronndëschgespréicher: Dat éischt Donneschdeg Owes de 5. November, mam Titel: « les dessous des collections d’Entreprise » an déi zweet Samschdeg Mëttes um 5 mam Titel « Table des matières », wou et em d’Inhalter vun der aktueller Konschtproduktioun zu Lëtzebuerg geet.

De Konschtmarché vun de Galerien ass och national a regional opgedeelt. D’Audrey Bossuyt vun der der Galerie Bossuyt-Zidoun am Stater Gronn preziséiert, dass de Standuert Lëtzebuerg an deem Sënn och e Virdeel huet. International renomméiert Kënschtler deelen hier Produktioun tëscht grousse Galerien an de verschiddene Stied op an d’Galeriste sief et zu Berlin, sief et zu Paräis hunn dacks exklusiv Verträg fir hire Standuert mat deene Kënschtler. De Standuert Lëtzebuerg ass an deem Fall nach net wierklech beluecht an et schéngt nach méi einfach grouss Nimm fir eng Galerie hei ze verflichten.

Den Alex Reding vun der Galerie Nosbaum a Reding am Stater Fëschmaart preziséiert awer, dass international bekannt Kënschtler op Lëtzebuerg komme well sinn eise Marché extra interesséiert. Do leeft den Accord anescht. Et geet hei drëms ob eng Galerie vill op international Konschtfoiren, wéi elo der Fiac zum Beispill ausstellt. Den Alex Reding bedeelegt sech an der Moyenne u sechs Foiren am Joer. E logisteschen a finanziellen Opwand, dee riseg ass fir eng Galerie mat dräi Mataarbechter. D’Argument, dass hie Kënschtler op internationale Plattforme wéi d’Bréissler, d’Basler oder d’Paräiser  Konschtfoire vertrëtt hëlleft dem Alex Reding fir eng international Lëscht vu Kënschtler ze féieren.

Zu Lëtzebuerg ass déi gréissten international Plattform fir Kënschtler, déi bilden, awer nach ëmmer eng Bedeelegung un der Konschtbiennale vu Venedeg. Dëst Joer ass et de Filip Markiewicz, deen eist Land an der Ca’ del Duca, dem lëtzebuerger Pavillon an der Lagune-Stad vertrëtt. Ma och do ass di economesch Realitéit net evident. Kënschtler, wéi d’Su Mei Tse, huet mam gëllene Léif, dee si zu Venedeg krut, hier international Carrière réischt richteg ugefaang a bis elo mat Succès gefouert. D’Martine Feipel an de Jean Bechameil, liewen och vun hirer Konscht an och fir si ass déi economesch a finanziell Realitéit vun hirer Kënschtler-Existenz ganz wichteg. De Kënschtler-Duo, deen am Moment an der neier Galerie Zidoun Bossuyt ausstellt, produzéiert dacks Skulpturen, déi mat hiren Dimensiounen e gréissert finanziellt Investissement verlaangt. Dobäi kommen och Käschte fir de Stockage am Atelier-Raum. Alles dat mëscht och de Kënschtlerstatut, net deen um Pabeier, mee deen am richtege Liewen aus.