Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Schampes-Pipeline fir Mäertert

Buch

Eng Schampes-Pipeline fir Mäertert

E Bestietnes, dat Enn den 1920er Joren nawell fir Schlagzeile gesuergt hat: am Alter vun 61 Joer hat d'Viktoria zu Schaumburg-Lippe, Schwëster vum leschten däitsche Keeser, dem 34 Jore méi jonken Alexander von Zubkoff d'Jo-Wuert ginn. ''Zoubkoff. Le roman (vrai) d'un séducteur oublié'' (L'Harmattan) vum Tsé Katchour zeechent de Parcours vun engem russeschen Hochstapler no, deen no senger kuerzer Glanzzäit zu Lëtzebuerg ënnergoung.

auto_stories

5 min

Anescht ewéi hie senger neier Flam verklickert hat, war de Baron Alexander von Zubkoff awer guer keen Adelegen - d'Partikel ''von'' hat hien erfonnt. An och soss war un där Léift, op d'mannst vu senger Säit aus, net vill echt.

Fir de Zubkoff war et en Alibi fir a kuerzer Zäit räich a berüümt ze ginn. Mee seng nei Fortune konnt hie grad esou séier nees verpolveren. Sou datt zwee Joer drop seng Fra Viktoria op engem Scholdebierg souz a gezwonge war, Familljebesëtz ze verschierbelen, ier se am November 1929 un enger Longenentzündung verscheet war.

D'Geschicht vun engem Näischnotz

Vill méi hat de Zubkoff och net opweises - eng Karriär als Dänzer zu Paräis respektiv als Acteur zu Hollywood si Wonschdenke bliwwen. Datt et deem wäisse Russ gelonge war, an der nach jonker Sowjetunioun dem Erschéissen duerch d'Kommunisten z'entkommen, kann een him nach zegutt halen. Vläicht och nach, datt hien, wéi et schéngt, deen éischte Fallschirmsprénger zu Lëtzebuerg war...

De Lëtzebuerg-Openthalt tëschent 1928 bis zu sengem Dout 1936 ass wuel den Haaptgrond, firwat mer eis fir dësen Nofollger vum Hauptmann von Köpenick kënnen interesséieren.

Den Tsé Katchour, Pseudonym vum Lëtzebuerger Diplomat Conrad Bruch (dee selwer russesch Originnen huet), huet de Parcours vun deem Hochstapler nogezeechent. ''Zoubkoff. Le roman (vrai) d'un séducteur oublié'' ass eng Zort Chronik vun där Existenz, déi den Auteur unhand vu Bio- an Autobiographien, Zeitungsarchiven, dem Batty Weber senge Kalennerbliedercher oder och nach der Inna Ganschow hiert rezent Standardwierk iwwer déi russesch Immigratioun hei am Land rekonstituéiert huet.

D'Hohenzollern ware manner begeeschtert...

Den Alexander Zoubkoff kënnt aus engem guttbiergerleche Milieu a Russland. D'Oktober-Revolutioun hat de jonke Mann an den Exil gezwongen, wou hie sech als Matrous, als Serveur a mat klenge Gaunereien iwwer Waasser gehalen hat. Mat Hëllef vu sengem sozialen Habitus an enger Mëschung aus Eleganz, Prestanz a groussem Culot war et him du gelongen, d'Schwëster vum Wilhelm 2., dem leschten däitsche Keeser ze bestueden.

D'Hohenzollern-Dynastie, scho wéinst dem Éischte Weltkrich diskreditéiert an degradéiert, war alles anescht ewéi enchantéiert, wéi d'Viktoria mat deem russesche Beau parleur geschäert koum. Wéinst enger peinlecher Passgeschicht gouf deen aus Däitschland expulséiert, an och an anere westeuropäesche Länner war de Zoubkoff persona non grata - ausser hei zu Lëtzebuerg!

Lescht grouss Party zu Mäertert

E Land, dat hien esou kleng an esou langweileg fonnt hat, mee wou en ëmmerhi seng lescht Méint am Floribus konnt liewen. Am luxuriéise Parc-Hôtel zu Mäertert ass de Schampes fir den Alexander a seng russesch Clique nëmmen esou gefloss. Et koum esouguer een op d'Iddi, d'Partygesellschaft via eng Pipeline ze beliwweren! Finanzéiert hat de Zubkoff dat alles mam Virschoss op seng Autobiographie an de Suen, déi d'Viktoria ëm op Waasserbëlleg droe komm war - bis zu deem fatalen Dag, wou den Alexander senger Fra wéinst engem Sträit eng op de Bak geschloen hat. Enn vun der Idyll.

Wéi kee Wak méi do war, hat den Alexander missten am Garer Quartier an der Stad zerwéieren oder Kuele schleefe goen - wéi et schéngt war hien och un deem engen oder aneren Trafic mat Kokain bedeelegt. Dem Zoubkoff seng lescht Jore waren traureger, vu senger - kuerzer - Glanzzäit ware just nach Autogrammkaarten iwwereg a méi oder manner appetitlech Anekdoten, déi en a Stater Cabareten zum Beschte ginn hat.

Schlechte Stil

D'Buch liest sech eigentlech wéi e laange Paris-Match-Artikel, allerdéngs däitlech méi schlecht geschriwwen. Net fir näischt huet den Auteur schonn an der Aleedung gemengt sech mussen z'entschëllegen fir déi ''qualité littéraire (...) modeste et médiocre''. Dat ass och keng falsch Bescheidenheet, mee einfach nëmmen éierlech.

Och am Schlusskapitel, wou mer eng Aschätzung iwwer dem Alexander Zoubkoff seng Karriär geliwwert kréien, ass leider net vill ze retten. Zwar kritt deen eng ''personnalité fort complexe'' attestéiert. Wéi passt dat awer bei dee Saz, dee mer méi fréi am Buch gelies hunn : ''Pour Zoubkoff, comme pour tous les grands séducteurs, toutes les femmes sont des putes, à l'exception de sa mère''?

Eng verpasste Chance

Weider heescht et, datt et dem Zoubkoff gelonge wier, d'Press eng Zäit laang ze manipuléieren. Direkt am nächste Saz widdersprécht sech den Auteur: ''Les journalistes complaisants se prêtent volontiers à ce jeu puisqu'ils doivent alimenter le public en scandales en provenance du monde des nantis et des vedettes.'' D'Skandalpress, déi tëschent den zwee Weltkricher opgebléit war, hätt ee kéinte méi ausféierlech thematiséieren - hei ass se just eng Randnotiz wäert.

Trotz dem dach dënne Contenu hätt ''Le roman (vrai) d'un séducteur'' kéinten e flott Sachbuch ginn, wann den Auteur méi op d'Liewen am Gare Quartier oder déi russesch Immigratioun zu Lëtzebuerg agaange wier. Net ze schwätze vun deem, wat en talentéierte Romancier aus deem Stoff gemaach hätt... Avis aux amateurs.