Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eldorado - zwëschent Realitéit a Fiktioun

Filmfestival 2016

Eldorado - zwëschent Realitéit a Fiktioun

D'portugisesch Immigratioun kritt elo hir Plaz am Kino. "Eldorado" weist ënnerschiddlech Geschichte vu Mënschen, déi zu Lëtzebuerg hiert Gléck sichen. Den Documentaire vum Riu Abreu, Thierry Besseling a Loïc Tanson evitéiert dobäi all d'Klischeeë vum Sozialreportage.

Christian Mosar / ys

auto_stories

3 min

©Samsa Film

Eldorado ass eng Zesummenaarbecht vun dräi Cineasten: De Rui Abreu, den Thierry Besseling an de Loïc Tanson. Si hu sech all d'Aarbechte gedeelt: Den Den Toun, d'Kamera an d'Mise en Scène. Den Thierry Besseling bezeechent dës reduzéiert Art a Weis als Guerilla-Filmmaking. D'Aarbechten hu sech iwwer siwe Joer gezunn.

Fokus op Migranten aus Portugal

Portraitéiert gëtt een Deel vun der Lëtzebuerger Populatioun, dee bis elo nach ni am Kino gewise gouf, deen awer e grousse Pourcentage vum Land ausmécht: Portugisesch Immigranten. An Eldorado kritt een Ablécker an d'Liewe vu véier ganz verschidde Personnagen aus véier verschiddene Generatiounen:

  • Eng Fra, déi aus perséinleche Grënn aus Portugal fortgaang ass, an hiert Liewen zu Lëtzebuerg nei opgebaut huet.
  • Een Aarbechter, dee just eréischt zu Lëtzebuerg ukomm ass, a sech mat temporären Jobs iwwer Waasser hält.
  • Ee Schüler aus dem Modulaire, dee probéiert säi Wee ze fannen.
  • E jonke Kapverdianer, deen zu Lëtzebuerg opgewuess ass, an no an no Problemer mat der Justiz krut, an am Prisong war.

© Samsa Film

E laange Bou um Liewenswee

Eldorado dokumentéiert eng laang Period an dëse Liewensgeschichten. Zwee Joer sinn zum  Beispill vergaang, ier d'Filmequipe hir Sujeten nees nei getraff huet, fir dee leschten Drëttel vum Film opzehuelen. Et wär schwéier, fir an engem Documentaire een erzieleresche Spannungsbou ze spanen, erkläert de Rui Abreu. "Och wann et keng sou grouss Bouleversementer wéi an engem Fiktiounsfilm ginn, ass et eis gelong fir Changementer an de Liewensweeër anzefänken." 

Déi laang Zäit vun der Realisatioun hätt et awer och erlaabt, datt eng Zort Konnivenz mat de Personnagen entstan wär. Dëse Bond wär iwwer d'Joere méi grouss ginn, an hätt méi ee Rapprochement un dat richtegt Liewen erlaabt.

Zwëschent Realitéit a Fiktioun

D'Cineaste wollten awer bewosst de Klischeeë vum Sozialreportage aus dem Wee goen. "Am Documentaire hu mir keen een Entretien Face Caméra," erkläert den Thierry Besseling. "Mir probéieren déi ganzen Zäit, d'Leit a Situatioun ze setzen. An eiser Mise en Scène hu mir eis iwwerluecht: Wou ass d'Plaz vun der Kamera? A mir wollten déi véiert Mauer net briechen. Datt een d'Impressioun huet, et géif een ee Fiktiounsfilm kucken."

Besonnesch d'Schlusszeen weist d'Spill mat Fiktioun a Realitéit, deen Eldorado ausmécht: Op eng Kéier fänken d'Botzfraen op hirer Aarbecht u mat danzen. "Déi Danzsequenz hate mir scho ganz fréi am Projet am Kapp," zielt de Loïc Tanson. "D'Ufanksiddi war, aus hirer Realitéit erauszegoen, an déi mat hiren Dreem ze vermëschen." Dës Schlusszeen soll eng Reflektioun beim Spectateur ervirruffen, an appelléiert kloer un d'Gefiller.

©Samsa Film

Eldorado ass fir de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie Documentaire nominéiert a leeft beim Luxembourg City Filmfestival an der Competitioun. De 16. Mäerz kënnt de Film an d'Kinossäll. Produzéiert gouf den Documentaire vum Anne Schroeder fir Samsa Film.