Radioen

On air

Notturno  |  Sun Glitters - Too Much To Lose

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eischt Mierscher Theaterdeeg

Festival

Eischt Mierscher Theaterdeeg

An Zesummenaarbecht mam Nationale Literaturarchiv organiséiert d'Mierscher Kulturhaus déi éischt Mierscher Theaterdeeg vum 6. bis den 9. Mee. Den Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller, déi fir den Theater schreiwen eng Plattform ginn, en Echange erméiglechen an eng Festival-Stëmmung opkomme loossen, sinn d'Intentiounen vun den Organisateuren.

auto_stories

3 min

An der éischter Editioun vun de Mierscher Theaterdeeg, déi eigentlech d'lescht Joer ëm dës Zäit hätt sollen d'Welt erblécken, wëll een e Bléck hanner d'Kulisse woen: d'Autorinnen an d'Auteuren, déi fir den Theater schreiwen, stinn am Mëttelpunkt.

De Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Kulturhaus erkläert:

"Zënter enger Rei Joren ass d'Bün entdeckt gi vun enger Partie Leit fir ze schreiwen, Dat ass ganz flott, mee et gëtt esou wéineg iwwer de Contenu geschwat, (...) fir eis (war) wichteg, datt mer reflektéieren. wéi huet den Theater an d'Inzenéierunge sech an de leschte Jore verännert an ebe wichteg, wat passéiert an der nächster Saison?"

Den Direkter wënscht sech, datt de Public ka sou munches zu Miersch entdecken an datt villäicht esou guer Festivalstëmmung opkënnt: wann et erlaabt ass, kéint een och eng Terrass am Bannenhaff opriichten.

Auteure stinn am Mëttelpunkt

Bei de Mierscher Theaterdeeg handelt et sech net ëm eng isoléiert Initiativ: Et ass eng Zesummenaarbecht tëschent dem Mierscher Kulturhaus, dem Nationale Literaturarchiv an Inclusioun vu Kreateuren a Kreatioune vun Neistart Lëtzebuerg, wou de Kulturministère am Kontext vun der Pandemie enger ganzer Rei Kënschtler Optragsaarbechte ginn huet.

An deem Kader kruten zéng Produktioune fir aacht verschidden Haiser gréng Luucht a wäerten d'nächst Saison presentéiert ginn.

Bal all gëtt et bei de Mierscher Theaterdeeg a Form vun enger Liesung als Avant-première: Nathalie Ronvaux, Tullio Forgiarini, Rafael David Kohn, Olivier Garofalo an Elise Schmit liese wäerte selwer aus hiren Theatertexter liesen. D'Auteuren erzielen och iwwer hire Schreifprozess. Wichteg wier et och, esou de Claude Mangen, "fir Stécker ze weisen, déi an der leschter Saison representativ si fir d'Entwécklung vum Schreiwen ze Lëtzebuerg."

D'Sarah Rock, Artiste en résidence am Mierscher Kulturhaus am Kader vun Neistart Lëtzebuerg, begleet d'Mierscher Theaterdeeg als Dramaturgin. Si wéilt do "déi zwou Aarten ze schreiwen erausschielen (...) engersäits AuteurInnen, déi ee langen Text schreiwen a weiderginn un e RegisseurIn" awer och "SchauspillerInnen, déi zesummen en Text entwerfen", wéi elo zum Beispill d'Catherine Elsen, d'Frédérique Colling an d'Claire Wagener.

Nei Synergien

Et géif hei ëm d'Produktioun an ëm d'Reflexioun vum Theater an Theaterschreiwe goen, erkläert d'Nathalie Jacoby, Directrice vum Mierscher Literaturarchiv. Do géif ee sech als Archiv mat engem Kulturhaus exzellent ergänzen.

Fir d' Postcorona-Zukunft schwieft den zwee Organisateuren och fir, déi zwee Haiser, also d'Servais-Haus an d'Kulturhauus als Plattform fir d'Mierscher Theaterdeeg ze notzen, mee d'Synergie schéngt elo scho gefestegt:

"Déi Publikatioune ronderëm schreiwen hu jo och schonn Nidderschlag fonnt am CNL bei der Publikatiounsrei "Rede vom Theater" an do och a Kombinatioun mam Kulturhaus Miersch. An elo kënnt eng nei Publikatioun vun der Larisa Faber, déi elo och gläichzäiteg a Residence un engem Stéck schreift an dëst Stéck hei och wäert ëffentlech prouwen."