Radioen

On air

Notturno  |  Dick Annegarn - Coutances

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een historescht Dokument

Amanda Gorman - The Hill We Climb - Den Hügel hinauf

Een historescht Dokument

Déi amerikanesch Lyrikerin Amanda Gorman huet vill vu sech schwätze gedinn, wéi si am Kader vun der Inauguratioun vun dem neien President vun de Vereenegte Staate hiert Gedicht "The Hill We Climb" virgedroen huet.

auto_stories

3 min

Déi US-amerikanesch Lyrikerin an Aktivistin Amanda Gorman reit sech an d'Linn vun deene jonke Fraen an, déi sech géint Ënnerdréckung, Rassismus a Gewalt engagéieren.

Am Januar dëst Joer hat d'Amanda Gorman d'Éier, bei der Inauguratiouns-Feierlechkeete vum 46. President vun de Vereenegte Staaten, dem Joe Biden, hiert Gedicht "The Hill We Climb" virzedroen. Si war mat 23 Joer déi jéngst Lyrikerin, déi jeemools bei esou engem Event optriede konnt.

Dëst Inauguratiouns-Gedicht, mat engem Virwuert vum Oprah Winfrey, ass elo an enger zweesproocheger Ausgab bei Hoffmann und Campe erauskomm.

Ee "Powerhouse"-Charakter

D'Amanda Gorman, 1998 zu Los Angeles gebuer, huet op Harvard Soziologie studéiert a gouf 2017 mat dem prestigiéisen National Youth Poet Präis ausgezeechent. Am Februar dëst Joer ass si vun der fréierer First Lady Michelle Obama am Time Magazine interviewt ginn a koum bei der Geleeënheet och op d'Titelsäit.

D'Gorman gëtt ëmmer erëm als "Powerhouse"-Charakter duergestallt, där hir Biographie all véierzéng Deeg muss à jour gesat ginn.

Historesch Momenter an der Geschicht vun den USA

Wéi si hiert Gedicht bei der Inauguratiouns-Feierlechkeet den 20. Januar virgedroen huet, do louch d'Erstiermung vum Kapitol duerch Sympathisantentum vum Donald Trump just 14 Deeg zeréck. D'Gorman evoquéiert am Gedicht dës gravissime Evenementer nach emol, an hieft an deem Kontext weider historesch Momenter ervir, déi hiert Land markéiert hunn.

Wou si hir eege Biographie zur Sprooch bréngt, do nennt si sech dat "skinny Black girl descended from slaves", dat dënnt schwaarzt Meedchen, dat vu Sklaven ofstaamt.

D'Gorman gräift an dem 110 Verse laange Gedicht a fräie Verse geschéckt op poetesch a rhetoresch Stilfiguren zeréck a spillt gekonnt mat Assonanzen, Widderhuelungen an Zeilespréng.

D'Schrëftbild vum Gedicht weist ganz onverkennbar, datt et aus enger performativer Traditioun ervir gaangen ass. Leider deet d'Iwwersetzertrio mat der Traductrice Uda Strätling, der Politikwëssenschaftlerin Hadija Haruna-Oelker an der Autorin Kübra Gümüşay déi rhythmesch a klanglech Momenter vermëssen, déi d'Gorman geschéckt asetzt, an déi d'Musikalitéit vun dësem Text ausmaachen.

Dogéint sinn d'Umierkunge vun den Iwwersetzerinnen zum Schluss vum Buch ganz opschlossräich. Hei weisen si e. a. op Bibelzitater, op geschichtlech Hannergrënn, oder op Extraiten aus de Riede vum Martin Luther King a vum Barack Obama hin, déi een an dësem Text begéint.

Differenzen an Divergenzen aus dem Wee schafen

"The Hill We Climb - Den Hügel hinauf" beschreift déi zwee antagonistesch politesch Lager, déi sech an Amerika géintiwwer stinn. Deem engen ass et dru geleeën, d'Land ze splécken, wärend et deem aneren dorëms geet, et ze conciliéieren. D'Gorman ënnersträicht de Wäert vun enger pluralistescher Gesellschaft, déi grad elo, wou d'Fundament vun der Demokratie ënnergruewe gëtt, en historesche Moment erlieft, an d'Geleeënheet hätt, sech erëm opzeriichten, fir deene subversive Beweegunge paroli ze bidden.

"Wir haben tief in den Abgrund geblickt.

Wir haben gesehen, dass Ruhe nicht immer gleich Friede ist,

unsere Anschauungen u Auslegungen dessen,

was scheinbar recht ist, nicht immer gerecht."

... schreift si, an deit domat un, wat déi viregt Presidentschaft a véier Joer u Chaos an Dissens op nationalem an internationalem Plang hannerlooss huet. D'Gorman ënnersträicht awer och, wéi wichteg et ass, d'Hoffnung net opzeginn, a weider drun ze schaffen d'Differenzen an Divergenzen aus dem Wee ze schafen, fir mat Zouversiicht der Zukunft kennen entgéint ze goen.

"The Hill We Climb - Den Hügel hinauf", bei Hoffmann und Campe erauskomm, ass an dem Sënn net nëmmen e Gedicht, et ass en historescht Dokument vun enger Autorin, vun der ee sécherlech an Zukunft nach wäert héieren.