Radioen

On air

Resonanzen  |  Victor Ewald - Quintett Nr.1, Op. 5, III. Allegro moderato - Les Siècles (Quintette de cuivres)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een deieren Tintin ouni Text

Bande-Dessinéeën

Een deieren Tintin ouni Text

E Sonndeg huet eng Versioun ouni Text vun "Tintin au Congo" de Besëtzer gewiesselt. E Sammler huet 39.000 Euro dofir bezuelt. Et ass net dee beschten Tintin, awer deen ëmstriddensten.

auto_stories

7 min

Cover vun der "Édition universelle" (Quell: catawiki.com)

Eng seelen Album-Versioun vum Hergé sengem "Tintin au Congo" huet dëse Sonndeg fir 39.000 Euro de Besëtzer gewiesselt. Beim holläneschen Internet-Auktiounshaus Catawiki war d'Buch ugebuede ginn.

"Tintin au Congo" ass den zweeten Album vun der Serie vun den "Aventures de Tintin". Deen Éischte war den "Tintin chez les Soviets" vun 1930. 1931 sinn eng 10.000 Albumen vum "Tintin au Congo" direkt verkaaft ginn. Dat war deemools en enorme Succès.

D'Geschicht vun der "Edition universelle"

Elo ass eng Versioun vun 1949 beim Online-Auktiounshaus Catawiki versteet ginn. Dat ass en "Tintin au Congo" vun enger Edition universelle. Den Editeur Casterman hat an den 30er Joren der Zeitung vum "Vingtième sciècle" d’Rechter vum Tintin ofkaaft, a vun deem Moment un zesumme mam Hergé publizéiert. Et ass gewosst, datt den Titin relativ fréi international Succès hat. E sollt an esou vill Länner wéi méiglech kënnen exportéiert ginn. Do koum de Problem vun de Sproochen vum Export dobäi.

D'Albume sollten deemools vu Casterman gedréckt ginn, an dann eréischt a Sous-traitance vun aneren Editeuren an Distributeuren an d'Ausland kommen. Dofir hat Casterman e puer Muster vun der 1946er Versioun vun "Tintin au Congo" ganz ouni Titel an Texter an de Spriechblosen (de sougenannte Phylactères) drécke gelooss. An deene Bicher (et ass net sécher, ob et der iwwerhaapt méi wéi zéng gëtt), war keen ee Schrëftzeechen, mee just Biller.

Am Ausland wollt een domadder weisen, datt ee just misst den Text dobäi drécken. Dee war schwaarz-wäiss, an d’Käschten deementspriechend niddreg fir déi verschidden international Fassungen. Den "Tintin au Congo" an dëser Fassung, déi "universelle" genannt gëtt, ass eng Kuriositéit, awer genee déi Zort Buch, déi bei Sammler gutt ukënnt.​

Et ginn der nach sécher siwe Stéck. Dat ass nach ze vill fir e Präis iwwer 100.000 Euro z'erreechen. Original gezeechent Säite kënnen ouni Problem 250.000 Euro erreechen. 2010 hat d’Auktiounshaus "Arcturial" schonn esou eng Versioun, ganz ouni Texter, fir 48.750 Euro verkaaft.

Polemik iwwer "Tintin au Congo"

Den 28. Abrëll 2010 hat de kongolesesche Staatsbierger Bienvenu Mbutu Mondondo um Bréisseler Geriicht geklot, fir datt "Tintin au Congo" an der Belsch net méi dierft verkaf ginn. Wann dat net méiglech wier, misst een op d'mannst e rout Kartonsband iwwert den Deckel falen.

1931 war dem Georges Rémy, (alias Hergé, phonetesch no den Initiale vu sengem Numm), seng éischt Versioun vun dësem Tintin erauskomm. Vun där Versioun sinn nëmme 500 Exemplairë gedréckt ginn, an et gëtt geschat, datt et der dovunner haut nach just eng Dose gëtt. Et ass eng Geschicht aus der Kolonialzäit, wéi de Kongo nach vun der Belsch dominéiert ginn ass. An dësem haut ganz bekannte Billerbuch, weist an zeechent den Hergé op eng éischter primitiv Manéier, eng zesummegeklauschter Versioun vum klenge Reporter sengen Abenteuer am Congo Belge. D'Zeechnungen haten en episdodenhafte Charakter, well se deemools fir d'éischt an der illustréierter Zeitung-Bäilag vum "le Petit Vingtième" erauskomm sinn.

Den Hergé weist d'Kongolesen als eng Grupp vun infantile Leit, déi an hirer naiver, ongeschéckter Manéier ouni d'Hëllef vum wäisse Mann, vun hirem belsche Kolonialhär, net eens ginn. Den Tintin ass vu senge Schong bis zum Colonialcasque ganz wäiss ugedoen. Esouguer de Milou billt zu engem Moment: "Allez, tas de paresseux, à l'ouvrage!"

Zwou Säiten aus der original-Versioun vun "Tintin au Congo"

"Tintin au Congo" ass en Artefakt aus enger anerer Zäit, och wann en 1946 nach eng Kéier komplett nei iwwerholl an dës Kéier an enger faarweger Fassung gedréckt gouf. Dat ass déi Versioun, déi een och haut nach an de Librairië kritt.

An där éischter schwaarz-wäiss-Versioun ass zum Beispill eng Zeechnung, op där den Tintin de klénge Kongolese Schoul hält an hinnen erkläert, datt d'Belsch hir eigentlech Heemecht ass. An där zweeter Fassung vun 1946 ass dësen Text duerch eng Rechenaufgab ersat. Eng Fassung, déi scho virun 2010 ëmstridde war. A Südafrika wëllt keen d’Iwwersetzung op Afrikaans drécken, well se als rassistesch empfond gëtt.

Zu Brooklyn, New York hu se dem Hergé säin "Tintin au Congo" aus der allgemenger Gemengebibliothéik geholl. Nëmmen op speziell Nofro kritt een en ausgeléint. Grad esou wéi "Mein Kampf", awer och dem Henri Miller säin "Tropic of the Capricorn".

Déi allmächteg "Société Moulinsart"

An der Belsch ass et déi allmächteg "Société Moulinsart" déi d’Rechter vu bal allem, wat den Tintin ugeet, verwalt an notzen däerf. Si ass besonnesch gefaart vun all deenen, déi jee probéiert hunn, eng Parodie op de weltberühmte Personnage vum Hergé ze publizéieren. D'Moulinsart SA huet ganz effikass Affekoten, déi oppassen wat mat der Ierfschaft vum Tintin geschitt.

Wat awer d’Virwërf vu rassisteschen Zeechnungen an Texter am "Tintin au Congo" ugeet, bleiwe si kategoresch. Et wier falsch, an esouguer en Zeechen vun intellektueller Onéierlechkeet, wann een eng Bande-Dessinée vun 1931 mat eng exklusiv aktueller Positioun géing kucken: "Lire en plein XXIe siècle un album de Tintin, datant de 1931 demande un minimum d'honnêteté intellectuelle. Celle-ci nous garde de sombrer dans les anachronismes faciles et trop couramment complaisants", huet d’Moulinsart sa 2010 an engem Pressecommuniqué geschriwwen. Den "Tintin au Congo" ass bal iwwerall weider fräi am Handel.