Radioen

On air

Resonanzen  |  Antonio Vivaldi - Concerto fir Gei a Cello a Sol Majeur, RV 814 "per Chiaretta e Teresa", I. Alle - Marianne Piketty (Gei/Dir.), Le Concert Idéal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Krimi, inspiréiert vun der politescher Realitéit

Marco Schank - Todfeind

Ee Krimi, inspiréiert vun der politescher Realitéit

"Parteifrënd ass Doudfeind" heescht et am Marco Schank sengem aachte Krimi. De fréieren CSV-Ëmweltminister huet sech dës Kéier "eng Grimmel" vu senge politeschen Erfahrungen inspiréiere gelooss, erkläert hien am Gespréich mam Jean-Pol Roden. Déi virgezunnen Neiwahle vun 2013, grad wéi eng Konferenz zu Kiew iwwer dee maroden Atomreakter vun Tschernobyl spillen dobäi eng Roll.

Pia Oppel

auto_stories

4 min

(©Op der Lay)

Den neiste Krimi vum Marco Schank spillt op e puer Niveauen. Den Haapt-Plot dréit sech ëm déi gréng Ëmweltministesch Katia Antony, déi op enger internationaler Konferenz fir nuklear Sécherheet zu Kiew wéinst Heroinbesëtz verhaft gëtt. Zur selwechter Zäit sicht hir Partei ee Spëtzekandidat fir déi virgezunnen Neiwale vun 2013. Näid, Gemauschels an Intrigen dominéieren dann e Parteikongress ënnert dem Motto "Parteifrënd heescht Doudfeind".

De Kommissär Robert Mathieu an déi däitsch Polizistin Ulrike Schaeffer enquêtéieren, well d'Ministesch no hirer Entloossung aus engem ukrainesche Prisong verschwënnt. Si ass mat hirer Duechter ënnergedaucht, fir där iwwer den illegalen Organspendermaart eng nei Nier ze besuergen. Mamm an Duechter geroden an e Mafiakrich tëscht rivaliséierende Banden. Eng vun de Schauplaze vum Roman ass Prypjat, d'Geeschterstad nieft der Atomruin vun Tschernobyl.

Eng Grimmel Politik

D'Schreiwen hëlleft dem Marco Schank fir ofzeschalten, "well wann s de nëmme Politik méchs an u Politik denks, da gëss de jaus." A wéi et schéngt hëlleft d'Schreiwen och beim Verschaffe vun Erfahrungen. Datt d'Atomkraaft an d'Ukrain am éischten Deel vum Krimi eng Roll spillen, kënnt dohier, datt de Marco Schank 2011 als Minister zu Kiew war op enger Konferenz op där et ëm d'Sécherheet vun der Atomruin vun Tschernobyl goung. Um Enn hätt déi Konferenz sech als eng Reklamm fir d'Atomenergie "entpuppt" an dat hätt hien deemools genéiert.

Dass et a sengem Roman heescht "Parteifrënd ass Doudfeind" géif net automatesch heeschen, datt all Parteikolleg e Feind ass: "Ganz am Géigendeel, et ass wéi am richtege Liewen." An enger Partei hätt ee Frënn grad wéi Leit mat deenen een net sou gutt eens gëtt. A sengem Krimi beschreift de Marco Schank eng Partie politesch Gefechter. No de virgezunne Chamberwahle vun Oktober 2013 hätt hie wëllen e bëssi Politik an de Roman era bréngen, "awer nëmmen eng Grimmel".

"Mäin Häerz schléit ecologesch"

Dass de Roman sech ëm eng gréng Ëmweltministesch an d'Thema Atomenergie dréit huet och eppes mam Marco Schank senge politeschen Interessen ze dinn. Sech selwer beschreift de Marco Schank als "Ecolo": "Ech sinn am Mouvement Ecologique grouss ginn." Hien hätt sech awer fir d'CSV entscheed, well et wichteg wier, datt Leit sech a grousse Parteie fir d'Ëmwelt asetzen.

E weidert Thema an Todfeind ass e Mafiakrich an deem et och ëm Organ-Transplantatioune geet. Och dëst ass inspiréiert vun der Realitéit: Viru puer Joer ass een Organhändler-Reseau an der Ukrain opgeflunn. "Et heescht, dat wier ee vun de lukratiivste Geschäfter nom Waffenhandel." D'Thema Organspende läit dem Auteur perséinlech uewen. Hien selwer géif Leit kennen, déi laang op en neit Organ hu misse waarden. Et wier wichteg, dass jiddereen een Organspenderpass hätt

Showdown am Éislek

De Schluss vun Todfeind spillt op enger Klappjuegd am Éislek. Ob den Auteur hei un e bestëmmte CSV-Politiker geduet huet? "Neen", seet de Marco Schank, "a scho guer net un de Michel Wolter, mat deem ech e ganz entspaant Verhältnis hunn. Hien hätt awer e Bezuch zum Thema Juegd: Säi Papp an deem seng Bridder wieren op d'Juegd gaang an als Minister hätt hien d'Juegd a senge Kompetenze gehat. Mee virun allem hätt hien ee flotte Showdown am Éislek gebraucht.

Vu sech selwer seet de gebiertegen Ettelbrécker, hie wier dem "Regionalkrimi verfall". De Marco Schank ass begeeschtert vum Tom Hillenbrand a sengem Krimikach Xavier Kieffer. An der Eifel ass de Marco Schank regelméisseg op Liesungen derbäi. Dacks mat aneren Auteuren zesummen, wéi dem Jacques Berndorf an dem Ralf Kramp.

Todfeind wier Material fir en Tatort, fënnt de Jean-Paul Roden (deem seng Rezensioun vum Buch een an der Mediathéik lauschtere kann). Et géif hie reizen, dass emol ee vu seng Krimie géif verfilmt ginn, seet den Tatort-Fan Marco Schank op Nofro hinn. Mee bis elo hätt awer nach keen him dat proposéiert.