Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Jugendfilm, Gewënner um CinEast 2016

CinEast 2016

E Jugendfilm, Gewënner um CinEast 2016

Fir säi Filmdebut "Mellow Mud" krut de Realisateur Renars Vimba schonn op der Berlinale de kristallene Bier fir de beschte Jugendfilm. Déi geheimnisvoll lettesch Bëscher, Kuliss fir eng hällewull fantastesch Geschichten hunn och de Jury vum CinEast iwwerzeegt, an de Film ka sech elo d'Kroun als beschte Film opdoen.

auto_stories

2 min

Mellow Mud. Foto: CinEast

"Mellow Mud" vum Realisateur Renars Vimba erzielt vun engem jonke Meedchen, dat sech ëm sech selwer a säi klenge Brudder muss bekëmmeren, well d’Mamm an England ausgewandert an d’Boma gestuerwen ass. Fir d'Jurys-Presidentin, déi serbesch Actrice a Regisseurin Mirjana Karanovic war dëse Film eng grouss Decouverte, déi sech anengems och iergendwéi op en dokumentareschen Niveau erofsetzt:

"D'Meedchen am Iwwergang zur Fra, dat awer nach dat kanneregt, onerfuerent a vulnerabelt a sech huet. D'Entwécklung vum Film erlaabt keng Distanz. Et heescht Kino huele vun deem wat um Ecran geschitt. Wat de Film méi dauert wat en ee méi a seng Geschicht eranzitt. Dernieft ass déi visuell Identitéit einfach phenomenal, esou voller einfacher Natierlechkeet a grad esou voller duerchduechter Visualiéit. Eng Ästhetik déi esou gutt bei d'Geschicht passt, sou wéi d'Charakteren an de Zeenario. Besonnesch d'Roll vun dësem Meedchen. Si (Elina Vaska) ass eng phänomenal Actrice."

De Spezialpräis geet un d’Gangster-Komedie "Kills On Wheels" vum Ungar Attila Till.

De Kritikerpräis kritt den erfuerene polnesche Regisseur Jerzy Skolimowski fir säin "11 Minutes".

E weidere polnesche Film, déi romantesch Komedie "Planet Single" huet dem Publikum am beschte gefall huet.


Um CinEast-Festival gouf vum 6. bis den 23. Oktober eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer gewisen.


D'Presidentin vum Jury iwwer Mellow Mud

Mirjana Karanovicplay_arrow