Radioen

On air

Kultur um 5  |  Pilot-Projet "Perspectives" am Stater Conservatoire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Bléck zeréck op Esch2022

Kultur um 5

E Bléck zeréck op Esch2022

Dat éischt Kapitel vun Esch 2022 ass ofgeschloss an Nohaltegkeet huet eng grouss Bedeitung fir Esch2022, seet d'Nancy Braun. Eng Weiderféierung vum Projet misst awer och politesch gedroe ginn, seet d'Generaldirectrice vun Esch2022.

auto_stories

2 min

D'Nancy Braun ass Generaldirectrice vun Esch 2022

Fir d'Nancy Braun stellt sech d'Fro, ob et och politesch Zousoe fir eng Weiderféierung vun Esch 2022 gëtt.

Am 100,7-Interview erkläert d'Nancy Braun, si hätte vill Partner fir de kulturelle Programm, awer och fir déi aner Facettë wéi de Tourismus gehat: den Développement durable als Sujet, de Business for Culture Club, déi schonn am Virfeld matgeduecht an -opgebaut hunn an elo ass et mat de Partner, déi responsabel sinn, dat nächst Kapitel ze schreiwen.

Weider hätt d'Stad Esch schonn hir Folgestruktur am Virfeld (mam Kulturentwécklungsplang a mat der Asbl FrEsch) kreéiert, esou sollen d'Projeten, déi zu Esch ugestouss gi si weider entwéckelt ginn. E wichtegen a grousse Partner wier ProSud als Syndikat, et wiere ganz vill Elementer an hirem Programm, déi vu ProSud kéinte weider developpéiert ginn.

Esch 2022: Iwwer 160 Projeten

Den 22. Februar dëst Joer war de Startschoss mat enger virtueller Rakéit an a gutt zwou Wochen, den 22. Dezember, ass d'Ofschlossfeier vum Kulturjoer.

Zéng Lëtzebuerger ProSud Gemengen an aacht franséisch Gemenge vun der Communité de Communes Pays Haut Val d'Alzeuette sinn Deel vun der Europäescher Kulturhaaptstad.

Mat iwwer 160 Projeten an ënner dem Leitmotiv "Remix" sollt d'Ëffentlechkeet sech aktiv un Esch 2022 bedeelegen.

D'Generaldirectrice Nancy Braun huet an eisem Gespréich net just op d'Joer zeréck gekuckt, mee betount, datt elo den éischte Kapitel vun dësem Projet ofgeschloss ass an datt Nohaltegkeet eng grouss Bedeitung fir Esch 2022 huet.