Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Bléck hanner de Covid-19 am Kulturhaus Niederanven

Kanner a Corona

E Bléck hanner de Covid-19 am Kulturhaus Niederanven

Eng Ausstellung déi nach bis den 28. Juli am Kulturhaus zu Nidderaanven ass, soll engem jonke Public d'Wëssenschaft hanner der Corona-Pandemie méi nobréngen. De Ben Kobs war dës Ausstellung fir eis besichen.

auto_stories

3 min

D'Covid-Pandemie huet vill nei Froen opbruecht. Froen, déi virun allem fir Kanner onméiglech ze beäntweren schéngen. D'Ausstellung "D'Geschicht vun engem Virus" am Kulturhaus Nidderaanwe soll derbäi hëllefen. Hei kréie Kanner tëscht sechs an eelef Joer op eng spilleresch Aart a Weis bäibruecht, wéi ee Virus funktionéiert a sech verbreet.

Fokus op Accessibilitéit a Liichtegkeet

D'Ausstellung gouf an Zesummenaarbecht mam Fonds National de la Recherche organiséiert a setzt ee staarken Fokus op Wëssenschaft, sou den Andreas Welter vun Duktor, der Designboîte hanner dem Projet:

"Jetzt gerade haben wir eben die Situation, dass gerade Wissenschaftler mal in den Fokus gerückt sind, so wie es eigentlich noch nie der Fall war. Und wir möchten eben, dass jetzt der Wissenschaft eine kleine Bühne bereitet wird. Und das ist natürlich besonders interessant für Kinder um deren Wissenschaftsdrang zu erwecken und das ist auch das Thema was hier oben drüber schwebt."

An dräi Themeberäicher, opgedeelt op zwee verschidden Raim, kënne Kanner an d'Welt vun der Wëssenschaft andauchen a sech mat Theeme wei Globaliséierung, Infektioun a Virebekämpfung vertraut maache. Dobäi gëtt virun allem op einfach Accessibilitéit an Liichtegkeet gesat.

"Es gibt hier eben eine kleine Einführung in das Thema Corona, ich meine das ist auch den Kindern natürlich schon bewusst. Sie kennen auch viele Sachen, aber hier wird nochmal alles ein bisschen aufgeschlüsselt. Dann geht es dann schon ein Stück weit in die Tiefe, wenn es um die wissenschaftlichen Dinge, die im Körper vonstatten gehen, geht: Was macht das Virus im Körper? Wie dringt es in die Zellen ein? Also es wird dann schon etwas komplex, aber dennoch haben wir versucht, das eben mit sympatischen Illustrationen kindgerecht aufzubereiten, so dass dann auch jedes Kind Spaß dran hat, und aber dennoch die Inhalte vermittelt werden."

Mat engem Buch méi léieren

Nieft der Ausstellung solle Workshops an ee Buch de Kanner hëllefen d'Matière ze verdéiwen. An de Workshops, organiséiert vun der ASBL "Déi kleng Fuerscher", léieren d'Kanner méi iwwer de Coronavirus an bedeelegen sech aktiv un Experimenter wéi zum Beispill der Hierstellung vun eegenem Desinfektiounsmëttel.

Mam Buch, wat all Visiteur gratis kritt, soll d'Ausstellung een Laangzäitwäert kréien, sou den Andreas Welter, Designer vum Buch:

"Es sind Suchbilder. Es sind Wimmelbilder, mehr oder weniger. Da entdeckt man auch immer nochmal viel Neues. In jedem Buch ist eine Rotfilterlupe enthalten, man muss sich das so vorstellen, dass die Illustrationen in Rot und Blau aufgebaut sind, und wenn man nun mit der Rotfilterlupe über die Illustrationen geht, entdeckt man eben, was unter den roten illustrationen ist. Und so kann man eben auf die Suche nach dem Virus gehen oder nach verschiedenen Schutzmaßnahmen. So werden eben die verschiedenen Themen aufbereitet. Das heißt, da wird schon der Entdeckungsdrang gefördert und eben dieses wissenschaftliche Arbeiten ein Stück weit propagiert."

No hirer Zäit am Kulturhaus soll d'Ausstellung nach op weider Platzen wanderen an do weidere Kanner d'Thema Pandemie méi no bréngen.