Lëtzebuerger Filmpräis Dräi Präisser fir "Eng nei Zäit"

Um Samschdeg Owend goufen am Groussen Theater d'Lëtzebuerger Filmpräisser verdeelt. De Christophe Wagner gewënnt fir d'zweete Kéier hannerteneen de Präis fir de beschte Lëtzebuerger Film. De Luc Schiltz gëtt beschten Acteur. Obwuel et dofir nach guer keng Kategorie gëtt.

Christian Mosar / ys

Christophe Wagner-01.jpg
Christophe Wagner ©Palma

Um Samschdeg Owend huet de Lëtzebuerger Film sech selwer gefeiert. Déi siwent Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis goung am Groussen Theater iwwer d'Bühn. Dat ass ee staarke Kontrast zum fréiere Supermarché mat Street-Art-Dekoratioun, wou d'Präisser virun zwee Joer iwwerreecht goufen.

Et war ufanks eng Te Deum-Stëmmung, bis de gefilmtene Prolog um groussen Ecran deen éischten Applaus krut. Et war e Plädoyer fir e multikulturellt Lëtzebuerg mat Zeien-Aussoe vu villen Auslänner, déi hei am Filmgeschäft schaffen. Duerch den Owend hunn de Claude Frisoni an d'Eugénie Anselin gefouert. De Filmpräis ass ganz op Franséisch virgestallt ginn.

"Eng nei Zäit" kritt dräi Präisser

Den Nokrichsdrama "Eng nei Zäit" ass de grousse Gewënner vum Owend. Dat ass keng Iwwerraschung, de Film war fir eelef Präisser nominéiert. Dräi Präisser konnt d'Equipe mat heem huelen:

  • Deen Haaptpräis fir dee beschte Lëtzebuerger Film goung, wéi och schonn 2014 un de Regisseur Christophe Wagner.
  • D'Kamera-Aarbecht vum Jako Raybaut gouf mam Präis fir déi bescht technesch Contributioun ausgezeechent.
  • De Luc Schiltz krut de Präis fir déi bescht artistesch Contributioun fir d'Haaptroll an "Eng nei Zäit".

De Christophe Wagner huet op der Bühn bei der Präisiwwerreechung vun engem ambitiéisen a komplizéierte Projet geschwat. Bemierkenswäert ass, datt bei "Eng nei Zäit" ronn 30 Lëtzebuerger Acteure bei klengen a grousse Rolle virun der Kamera stoungen.

De Luc Schiltz huet eng eenzel Präiskategorie fir d'Schauspiller gefuerdert. De Lëtzebuerger Filmpräis huet bis elo d'Eegenaart, datt all artistesch Contributioune matenee konkurréieren. Vun der Filmmusek iwwer den Zeenario bis bei d'Acteuren.

"Groussen Know-how zu Lëtzebuerg"

16 Filmer waren an der Course ëm déi beschte Fiktiouns-Koproduktioun. Den Direkter vum Filmfong, Guy Daleiden, huet vun der Geleeënheet profitéiert fir den Know-how vun de Produzenten zu Lëtzebuerg ze luewen. Gewonnen huet do "Le Tout Nouveau Testament" vum Jaco van Dormael. De belsche Regisseur huet präziséiert, datt hien ee Schauspiller wéi de Marco Lorenzini just hei zu Lëtzebuerg hätt kéinte fannen.

De Präis vum beschte Kuerz-Animatiounsfilm krut "The Light Eater". Een éischter düstere Kannerfilm vum Sean McCormack, produzéiert vu Fabrique d'Images.

Beschte Kuerzfilm gouf "Quenottes" vum Gil Pinheiro a Pascal Thiebaux. Produzent ass d'Firma "Zeilt", déi scho fir "Monsieur Hublot" en Oscar krut.

"Song of the Sea" vum Tom Moore krut de Präis fir déi bescht  Animatiouns-Koproduktioun. Vu Lëtzebuerg war Melusine Productions bedeelegt.

De Präis vum beschten Dokumentarfilm goung un de Sean Clark an un de Jean-Louis Schuller fir "Black Harvest". De Jean-Louis Schuller huet dem Filmfong Merci gesot, well si ee Sujet finanzéiert hätten, deen net direkt eppes mat Lëtzebuerg a senger Thematik ze doen hätt.

Méi zum Thema

scuto.jpg
Geschicht

“Eng nei Zäit” ass fir den Denis Scuto net nëmmen e schauspilleresch, szenaresch, a visuell gelongene Film. E weist och wat eng Fiktioun, wat kënschtleresch Imaginatioun, der Geschicht an enger Erënnerungs-Politik kënne bréngen.

20140902-eng-nei-zäit-.jpg
Kino

Scho viru senger Sortie huet "Eng nei Zäit" vill vu sech schwätze gedoen. Elo ass de Film an de Kinoe – an hält wat e versprécht. Mat staarke Biller a mat enger Geschicht déi et a sech huet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen