Theater Dosenfleisch: Iwwer d'Net-méi-spieren

D'Regisseurin Anne Simon mécht d'Bühn vum TNL zu enger Tankstell, op där sech Péng, Doud an Obsessioun Rendez-vous ginn. An "Dosenfleisch" geet et ëm Leit, déi sech erëm spiere wëllen.

Valerija Berdi / cwi

Dosenfleisch
"Dosenfleisch" erzielt vu leit, déi sech erëm spiere wëllen. Foto: TNL

E Camionschauffer, dee wéinst engem Accident muss op enger Raststätt bleiwen. Eng blond Schéinheet, där hire perfekte Kierper vu Blessure gezeechent ass. D'Besëtzerin vun der Tankstell, déi eppes ze verstoppen huet. An en Assurancen-Employé, deen op Accidenter waart, well der grad op dësem Deel vun der Autobunn aussergewéinlech vill geschéien. ... De Mann ass awer net op dës Tankstell komm, fir seng Aarbecht ze maachen an der héijer Unzuel vun Accidenter op d'Spuer ze kommen. Hie sicht selwer de Kick fir sengem groen Alldag z'entfléien.

"Dosenfleisch" ass ee Stéck, dat d'Loscht un der eegener a friemer Péng thematiséiert. Enger Péng, déi am Stéck duerch Autosaccidenter entsteet. "Et geet ëm Léit, déi sech net méi spieren an di sech erëm spiere wëllen", seet d'Regisseurin Anne Simon. D'Sich nom Kick vun der Vitesse wier ee ganz aktuelle Sujet. "Mir haten déi lescht Zäit Accidenter, déi wierklech an déi dote Richtung gaange sinn." Dat Net-méi- spiere wier eng Gesellschaftskrankheet an an "Dosenfleisch" géif déi op eng extrem Manéier ausgedréckt ginn. An de leschte Joerzéngte wier dëst Phänomen awer méi dacks an der Literatur thematiséiert ginn. Zum Beispill am Roman "Crash" vum J.G. Ballard. Et géif ëm d'Iwwersexualitséierung an der Gesellschaft goen.

Artificiell Sprooch

D'Sprooch am Stéck ass voller Wuertspiller, déi sech op de Stroosseverkéier bezéien. "Ein sprachkompositorisches Raststätten- und Versicherungsdrama, gespickt mit sprachlichen Highlights", esou d'Jury vun de Berliner Autorentheaterdeeg. Si hat decidéiert, fir "Dosenfleisch" vum Éisträicher Ferdinand Schmalz um Wiener Burgtheater, dem Züricher Schauspielhaus an dem Deutschen Theater Berlin uropféieren ze loossen.

D'Anne Simon huet "Dosenfleisch" zu Salzburg op d'Bühn bruecht, iert den Ensembel elo d'Stéck am TNL spillt. De Ferdinand Schmalz ass hirer Meenung no en Auteur mat enger ganz prägnanter Signatur. D'éisträichesch Auteuren hätten dacks ee kënschtlechen Ëmgang mat der Sprooch. "Et huet eng artificiell Qualitéit, déi gutt bei dat hei d'Stéck passt." An d'Lëtzebuerger hätten een ähnlechen Ëmgang mat der Sprooch, wéi d'Éisträicher, fënnt d'Regisseurin

Ee villsäitegt Stéck

Op der Bühn ass vill Metall, dat och fir e kale Kaméidi suergt ... Eisekette verweisen op de Blech, deen déi déidlech Passioun an Obsessioun an "Dosenfleisch" verkierpert. Tëschent den Evenementer ass ëmmer erëm d'philosophesch Stëmm vum Camionschauffer ze héieren, deen op eng expressiv a kategoresch Manéier d'Tëschefäll an d'Gesellschaft kommentéiert.

An "Dosenfleisch" gi vill Themen op ganz ënnerschiddlechen Niveaue verschafft. Et ass en Drama awer och e Krimi. D'Sprooch ass mol witzeg a sarkastesch, mol nodenklech a beréierend.


"Dosenfleisch" gëtt den 28. an 30. September an den 1. an 2. Oktober am TNL opgefouert.

An der Mediathéik:

Kultur / / Valerija Berdi
Lauschteren

Méi zum Thema

Revue 2016
Lëtzebuerger Theater

D’asbl Lëtzebuerger Theater confirméiert: 2017 gëtt et keng Revue. D'asbl, déi all Joer déi bekannte Cabaret-Show produzéiert, ass a finanzielle Schwieregkeeten an huet ënnert anerem d'Museker net bezuelt.

Hate Radio  Daniel Seiffert.jpg
Hate Radio

De Genozid vu Ruanda gouf zum Deel duerch e Radiosender erméiglecht, deen de Public systematesch indoktrinéiert huet. "Hate Radio" stellt eng Emissioun no. Mat Schauspiller, déi deemools Zeie waren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen