Zäitgenëssesch Konscht documenta fifteen: Eng politesch geluede Konschtausstellung zu Kassel

Den 18. Juni ass den Optakt vun der 15. Editioun vun der documenta zu Kassel. Dëst Joer waart op d'Visiteuren eppes Ongewinntes, well d'Konschtausstellung fir d'éischt Kéier net vun eenzele Kënschtler, mee vun engem Konschtkollektiv geleet gëtt. Sou gouf de Programm vum indonesesche Kollektiv "ruangrupa" op d'Been gestallt. Laanscht Kritik kënnt d'Ausstellung awer net.

Ben Kobs / sam

documenta fifteen: ruruHaus zu Kassel
documenta fifteen: ruruHaus zu Kassel. Foto: Nicolas Wefers

Dëse Samschde verwandelt d'Stad Kassel an Hessen sech fir 100 Deeg an e Mekka fir Fans vun zäitgenëssescher Konscht. No fënnef Joer start déi mëttlerweil 15. Editioun vun der documenta.

En neit Konzept

Fir d'éischt Kéier a senger Geschicht steet d'documenta net ënner der Leedung vun eenzele Kënschtler, mee engem ganze Kollektiv. Esou huet dat indonesescht Konschtkollektiv "ruangrupa" probéiert, de Fokus manner op grouss Ausstellunge vu prestigiéisen, international renomméierte Kënschtler ze leeën.

Kär vun dësem neie Konzept ass de "lumbung", dat indonesescht Wuert fir eng Räisscheier an där de Surplus vun all Recolte fir de Besoin vun der Communautéit gelagert gëtt. Heiduerch solle Wäerter wéi Generositéit an Transparenz ervirgehuewe ginn.

D'kënschtlerech Leedung fënnt, dass speziell déi kollektiv Praxis vum "lumbung" interessant ass, well dës op dynamesch Aart a Weis duerch Interaktioune verännert ka ginn. Heimat trëtt d'Zesummeliewen och an de Mëttelpunkt.

Dat gesäit een och um Programm vun der documenta fifteen, wou Kënschtler:innen aus aller Welt hier Wierker presentéieren.

Des Weidere kommen eng Rei Konschtkollektiver a politesch Organisatiounen op der documenta zesummen, fir de politeschen an artistesche Status Quo a Fro ze stellen. Klimawandel, Rassismus, Queerness, mental Gesondheet a sozial Ongläichheete ginn duerch en extrem diverse Spektrum vu Stëmmen an de Fokus gesat.

Net ouni Kritik

Den intensive Fokus op de politesche Volet vun der Konscht huet och seng Kritik mat sech gezunn. D'Organisatioun krut eng Rei polariséierend Antisemitismusvirwërf opgrond vun der Participatioun vum palestinensesche Kollektiv "The Question of Funding".

De Problem wieren d'Sympathie vun dem palestinensesche Kollektiv fir de BDS; der "Boycott, Divestment and Sanctions" Beweegung géint Israel, sou de Lëtzebuerger Konschtkritiker Lucien Kayser. Hie seet, dëst wier eng Problematik déi de konstante Wandel vun der Konschtwelt verbildlecht a gréisser Froen opwërft:

"Et si keng Wierker méi, déi hei an Diskussioun stinn, mee politesch Attitüden, politesch Aktiounen. An dat seet och ganz vill iwwer d'Konscht vun haut aus. Wat fir eng Wierker gëtt et - wann et der iwwerhaapt nach gëtt - [...] déi kënnen als Mark, als Kennzeeche vun der documenta fifteen gëllen, an dorëmmer kënne verbreet ginn an der Press?"

Déi traditionell Definitioun vum Konschtwierk verschwëmmt duerch Ausstellungen, déi dëse Status Quo hannerfroen. An dësem Sënn huet d'documenta fifteen d'Ambitioun anescht ze ginn. Et ass ee progressiivt, politescht Experiment, wat probéiert d'Traditioune vu senge Virgänger hannert sech ze loossen a mat engem Communautairen Geescht no fir ze kucken.

"Ruangrupa" proposéiert eng Weltkunstschau, déi warscheinlech am Konflikt mat den Erwaardungen vun engem Deel vun de Visiteuren ass. Dëse Konflikt, kann awer e positiven Impakt mat sech bréngen. Ob dat gelénge wäert, wäert sech an deene nächsten 100 Deeg weisen.

An der Mediathéik:

Kultur / / radio 100,7 Lucien Kayser
Lauschteren

Méi zum Thema

20170607_135321.jpg Meenung
Géigewaartskonscht

17 Curateuren hunn ënnert der Leedung vum Adam Szymczyk um Ausstellungsprogramm vun der documenta 14 geschafft. Eng "Weltausstellung der Kunst", déi net ëmmer hirem Usproch gerecht gëtt.

documenta
Zäitgenëssesch Konscht

Déi nei Editioun vun der documenta steet ënnert dem Motto "Vun Athen léieren". D'Konschtausstellung soll provozéieren an a Fro stellen, wat d'Mënsche fir selbstverständlech halen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen