Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “D’Leit a Südserbien ware frëndlech mat de Migranten”

Cineast Filmfestival

“D’Leit a Südserbien ware frëndlech mat de Migranten”

De serbesche Realisateur Želimir Žilnik huet sech fir d’Schicksal vu Migranten interesséiert, déi via Serbien probéieren an d’Europäesch Unioun anzereese fir do Asyl unzefroen. A sengem Documentaire “Logbook Serbistan” setzt de Filmveteran sech och mat de Reaktioune vun der lokaler Populatioun auseneen.

auto_stories

3 min

De Želimir Žilnik (© Margo Skwara)

Wéi hien iwwer Medie gewuer gouf, datt Migranten a Serbien ugegraff gi waren, wollt de Želimir Žilnik wëssen, ob sech a sengem Land eng nei Form vun Haass géif entwéckelen: “dës Kéier net géint eis fréier Bruddernatioune geriicht, mä och géint de Rescht vun der Welt”.

Während den Aarbechten un engem neien Dokumentarfilm huet sech dunn ee ganz anert Bild presentéiert. “Amplaz vun dësen negativen Astellunge si mer Leit begéint, déi sech frëndlech géigeniwwer de Migrante beholl hunn”.

A Südserbien versteet een d’Situatioun vun de Migranten

D’Resultat vun dëse Recherchen huet de Želimir Žilnik am Documentaire “Logbook Serbistan” zesumme gefaasst, deen zu Lëtzebuerg am Kader vum CinEast Festival gewise gouf. A Südserbien, wou de Film sech deelweis ofspillt, “gëtt et vill Leit, där hir Kanner a Westeuropa ausgewandert si fir ze schaffen – se verstinn also déi Situatioun”.

Ee weidere Grond fir de frëndlechen Empfang ass, sou de Žilnik, déi gemeinsam Relioun. An der Regioun Sandjak liewe vill Moslemen, déi meeschte Migranten aus Syrien oder Afghanistan sinn och Moslemen.

 

 

Želimir Žilnik, ee kritesche Realisateur

Et ass net fir d’éischt, datt de Žilnik sech mat Migratioun ausenee setzt, een Thema, deen hien aus perséinlecher Erfahrung eraus kennt. A senger Heemecht, dem fréiere Jugoslawien, war hee wéinst regime-kritesche Filmer zensuréiert ginn. Fir kënne weider ze schaffe war hien dunn an Däitschland ausgewandert.

De Želimir Žilnik – Joergang 1942 – huet sech fréi als kritesche Realisateur een Numm gemaach. 1969 schonn hat hien um Filmfestival vu Berlin de Gëllene Bier gewonne fir en Dokumentarfilm iwwert de Prager Fréijoer. Joerzéngte méi spéit, ugangs de 90er, war hien a Serbien ee prominente Kritiker vum deemolege President Slobodan Milosevic. “Ech hat dës Krichspolitik zimlech schaarf kritiséiert, an och zwee Filmer driwwer gemaach. Ech hat d’Land misste verloossen”.

 

 

“D’Desasteren no der Diktatur méi mënschlech wéi déi viregt Systemer?”

Säi schaarfe Bléck huet de Želimir Žilnik och an der aktueller Flüchtlingskriis bäibehalen, virun allem wat hir Ursaache betrëfft. “Fir mech si kuerzsiichteg Weltpolitike verantwortlech fir déi komplett Zerstéierung vu Syrien, Irak a Libyen.”

Dëse Länner eng Demokratie no europäeschem Modell wëllen opzezwénge wier illusoresch. “Natierlech ass Syrien eng Diktatur, och den Irak war eng. Mä sinn d’Desasteren no der Diktatur méi mënschlech wéi déi viregt Systemer?”

De Želimir Žilnik am Gespréich mam Michel Delage: