Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Die Hauptstadt"

Buchkritik

"Die Hauptstadt"

E Potpourri aus Fatalismus, Humor, skurrille Personnagen an onrationellen Doten an der europäescher Haaptstad Bréissel ass déi originell Zopp, déi de Robert Menasse zesummegebraut huet. Mam Däitsche Buchpräis 2017 ass dëst Wierk ausgezeechent ginn, dat trotz oder grad wéinst senger onkonventioneller Entwécklung, déi ganz nodenklech mécht.

auto_stories

3 min

"Ich wollte vom europäischen Traum berichten und beginne mit einem Alptraum," schreift de Robert Menasse a sengem Essayband "Heimat ist die schönste Utopie: Reden wir über Europa".

Dem Menasse säi Cauchemar ass hei, datt all europäescht Land seng eegen Zopp zerwéiert, amplaz datt si all zesummen an engem groussen Dëppe kachen.

Hien, de grousse Verfechter vun der europäescher Iddi, de vehemente Kritiker vun der Existenz vun Natiounen a Grenzen, huet hei e batterbéise Roman iwwer Europa geschriwwen ... oder besser gesot, iwwert e Grapp voll Leit, déi dës europäesch Iddi vertrieden a sech dofir asetze sollten ...

Europäesch Protagonisten

Och dëse Roman fänkt mat engem Cauchemar un. Op d'mannst muss et ee sinn, fir dat Schwäin, dat hei duerch Bréissel rennt an d'Lieser zu de Protagoniste féiert: Zu der griichescher Kulturbeamtin Fenia Xenopoulou, dem éisträichesche Beamte Martin Susmann - deem säi Brudder déi gréisste Schwéngsziichterei an Europa huet, bei de Kommissär Brinfault - e Polizist, deen e Mordfall net däerf opklären a bei den David De Vriend, en ale Mann, deen an engem Bréisseler Altersheim setzt a sech u seng Flucht als Kand aus Auschwitz erënnert, wou hie seng Elteren a säi Brudder verluer huet ...

Déi opgezielte Leit verbënnt e Projet vun der europäescher Kommissioun: Auschwitz soll déi nei europäesch Haaptstad ginn, well sech just mat der Erënnerung un dat grousst Verbrieche géint d'Mënschheet den nationale Gedanken iwwerwanne léisst ...

De Menasse léisst seng Protagonisten op Auschwitz-Birkenau reesen, an dëst Kapitel ass wuel och am bedeitendsten an expressiivsten an dëser Geschicht.

Grotesk Absurditéit

Deen op den éischte Moment befriemende Projet ass ganz aliichtend, logesch an nozevollzéien, mä dem Menasse geet et hei ëm eent: Déi ganz Absurditéit vum nationalen Denken ze weisen an awer och vun der Schwéierfällegkeet vun de Beamten, der Vermaartung vun enger Plaz, déi ëmmer soll drun erënneren, wat ni méi dierft geschéien. E groteskt Bild zeechent de Menasse hei a weist, wéi eng Farce sech hannert geheuchelter Betraffenheet verstoppt: Ass de Roman vun enger flotter Liichtegkeet an doucem Humor duerchwuess, sou erféiert ee bei verschiddene Beschreiwungen, Iwwerleeungen an Handlungen, déi an hirer Absurditéit kaum z'iwwertreffe sinn. Sief et, datt am Agang vum Konzentratiounslager de Gedrénksautomat "Enjoy" heescht, oder datt et um Site net erlaabt ass, ze fëmmen ...

Et ass dann och d'Kultur, déi sech als Stéifkand vun der Europäescher Unioun confirméiert a keen, deen zu Bréissel Karriär wëllt maachen, Loscht huet, an dësem Ressort ze schaffen. Kultur, dat wier nach manner sënnvoll wéi Monopoly ze spillen, eng Branche ouni Budget, ouni Poids an ouni Muecht an Afloss ...

Muecht an Afloss ass awer grad dat, wat d'Fenia Xenopoulou ze Bréissel interesséiert. An dofir scheit si och net, mat Ielebéi ze schaffen, an enger Stad, déi de Menasse an all senge Facetten an aus verschiddene Bléckwénkele skizzéiert.

Gekënschtelten Interessi

"Man muss auch für das Artifizielle ein natürliches Talent haben", mengt d'Fenia Xenopoulou, a genee dëst Raisonnement entlarvt de Menasse. De gekënschtelten Interessi, deen awer just deen Eenzele weiderbrénge soll, schwülsteg Wierder, déi ganz kalkuléiert sinn an de Refus, zesummen un engem Strang ze zéien.

"Die Hauptstadt" ass op den éischten Androck hin e ganz kuerzweilegen an erfrëschende Roman, deen awer op ganz villen Niveaue fonctionnéiert. Och wa sech de Menasse hei op den éischte Moment wéi en Europa-Skeptiker liest, ass et nach emol e Plaidoyer fir dat, wat him schonn ëmmer um Häerz läit: E friddlecht, oppent a solidarescht Europa. En Dram, deen ee gär mat him dreemt ...