Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ech gëtt en Hien

Literatur

Den Ech gëtt en Hien

Dem Tom Reisen säin éischte Roman "Miroir ambulant" (Éditions Phi) beschreift eng surrealistesch Enquête iwwer Identitéit. En imaginativen Traitement, deen abstrakt Problemer gräifbar mécht

auto_stories

4 min


D'Valerija Berdi an de Michel Delage iwwer dem Tom Reisen säin éischte Roman "Miroir ambulant" play_arrow


De Maurice Vankoff ass Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Paräis. Matzen an der Nuecht kritt hien d'Noriicht, datt an der Seine d'Läich vun engem Lëtzebuerger Staatsbierger fonnt gouf: e gewësse... Maurice Vankoff!

Ofgesi vum Numm entdeckt de liewege Maurice Vankoff nach weider Gemeinsamkeeten, an de Virwëtz dreift en un, fir d'Spuer vum mysteriéisen Homonym zeréck ze verfollegen.

Den Tom Reisen, Laureat vum Lëtzebuerger Buchpräis 2019 fir seng Kuerzgeschichtesammlung "Les Bulles" (Hydre Éditions), liwwert mat "Miroir ambulant'' (Éditions Phi) säin éischte Roman. De klassesche Ressort vun der Kriminalenquête ass just e Virwand, fir emol unzefänken. An de Realismus ass och just eng Fassad: am Fong huet een et mat engem surrealisteschen Exercice ze dinn.

Surrealismus

Net vun ongeféier ass d'Foto um Buchdeckel un engem berüümten Tableau vum belsche Surrealist René Magritte inspiréiert. "La Reproduction interdite" vun 1937 weist e Mann vun hannen, dee sech am Spigel kuckt, woubäi genee déi Perspektiv reflektéiert an domat verduebelt gëtt - u sech e kapitalen Hiwäis fir ze verstoen, wou d'Rees hiféiert.

Déi explizitt Referenz un dem Nietzsche seng Iddi vun der "ewigen Rückkehr" verweist op déi zirkulär Struktur vum Roman.

Déi Struktur erënnert och un dem David Lynch säi "Lost Highway". Mee anescht ewéi an deem Film soll hei net déi gespléckte Perséinlechkeet vum Haaptprotagonist zum Ausdrock bruecht ginn.

Sinn ech dee selwechte wéi virun 20 Joer?

D'Spléckung am ''Miroir ambulant'' ass eng, déi sech am Laf vun der Zäit vollzitt. De Roman ass eng Reflexioun iwwer den Afloss vun der Zäit, déi vergeet, op d'Entwécklung vum Individuum. Sinn ech haut nach déi selwecht Persoun wéi virun 20 Joer? Oder existéieren do noeneen zwou oder méi verschidde Persounen, d'Produkter vun engem Broch tëschent der Vergaangenheet an der Géigewaart?

" J'ai besoin de parler à quelqu'un qui m'a connu dans le temps, qui puisse faire le pont. Je n'arrive plus à relier le passé au présent, comme si à un moment donné une parenthèse s'était ouverte que je n'arrive pas à refermer."

Deementspriechend wiesselt d'Erzielperspektiv vum Protagonist Maurice Vankoff, mol gëtt an der éischter Persoun erzielt, mol an der drëtter. D'Spuere ginn esou verwëscht an et versteet een heiansdo net bei wéi engem vun den zwee Maurice Vankoffen ee grad drun ass.

Entfriemung

Den Auteur verschafft iwwer dee Wee d'Gefill vun der Entfriemung, tëschent engersäits dem frankophille Lëtzebuerger, déi sech a senger Heemescht net konnt adaptéieren, an anerersäits dem Kosmopolit, deen zu Paräis opgaangen ass a sech do praktesch eng nei Identitéit konnt opbauen.

Den Charly, e Frënd vum verstuerwene Vankoff, huet et op déi aner Säit vum Atlantik verschloen. Dee Personnage kann een als eng weider Ofspléckung interpretéieren - firwat net och vum Auteur selwer, deen eng Zäit laang an den USA gelieft huet.

Den Dualitéitsgedanke bezitt sech also och op den Tom Reisen, deen an engem prealabelen "Avertissement" d'Fiktioun an d'Realitéit strikt vun enee wëllt getrennt hunn. An awer sinn déi autobiographesch Elementer, quitt datt se am Roman liicht transforméiert sinn, evident, dorënner d'Diplomatekarriär, respektiv de Parcours als Journalist beim Tageblatt.

Verhält et sech tëschent der Fiktioun an der Realitéit éieren änlech ewéi, am Beräich vun der Konscht, mat der Koppel Original versus Fälschung, déi am Roman thematiséiert gëtt an dem Auteur d'Geleeënheet zu enger satirescher Pick géint de Paräisser Konschtmilieu bitt?

"Je ne règle pas de comptes (...)"

Leider ass dës spatz Fieder an de Passagen, déi sech zu Lëtzebuerg ofspillen, leider schéi stompeg ginn. Als fréieren, nach relativ onerfuerene Journalist, dee beim Tageblatt respektiv Tagesspiegel d'Trapen eropgefall war, hätt den Tom Reisen eis méiglecherweis e ganz aneren Abléck kéinte verschafe wéi seng dach brav Beschreiwung vum Duo Denise Beaumont-Arthur Lemaître alias Danièle Fonck-Alvin Sold.

Mee den Auteur hat eis jo a sengem ''Avertissement'' gewarnt : ''Celui qui voudrait donc lire dans ce roman des révélations en sera pour ses frais. Je ne règle pas de comptes et je ne solde pas mes amitiés.'' Op eng Manéier ass dat schued... Och déi Kapitelen, déi sech mat der Lëtzebuerger Literaturzeen befaassen oder mam USA-Trip vum Niewepersonnage Charly, sinn zimmlech platt geroden.

Mee iwwer déi Schwächte kann een ewechkucken. Am Tom Reisen sengem Roman ''Miroir ambulant'' iwwerweit den imaginativen Traitement vun engem Problem, mat deem iergendwa jiddweree mat e bësse Liewenserfarung konfrontéiert gëtt. Wie war ech? Wie sinn ech? Wie ginn ech? Abstrakt Froen, déi hei gräifbar gemaach ginn - domat ass schonn emol eng vun de wichtegsten Aufgabe vun der Literatur erfëllt.