Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Before

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ech am Mëttelpunkt

Kulturzäitschrëft

Den Ech am Mëttelpunkt

Sechs Mol am Joer kënnt d'Kulturzäitschrëft "Opus" eraus, woubäi all Kéier kulturell Eventer an der Groussregioun ervirgehuewe ginn. Nieft neien Ausstellungen, Concerten an Theatervirstellungen sinn och ëmmer aktuell Sujeten am Fokus vun der jeeweileger Editioun.

auto_stories

2 min

De Kulturmagasinn "Opus"

Wann een den Iwwerbléck iwwer déi aktuell Kulturlandschaft net just zu Lëtzebuerg, mee och iwwer d'Grenzen, virun allem déi vun Däitschland awer och e bësse vu Frankräich an nach manner bësse vu der Belsch a Glanzpabeierform wëll kréien, dann eegent sech de Kulturmagasinn "Opus" ganz gutt.

Et sinn net just Opzielunge vu Veranstaltungen, déi hei ze fanne sinn. Am Magasinn gëtt et doriwwer eraus Interviewen, Analysen a Kommentaren vu kulturellen Evenementer ze liesen an ze kucken.

Den Ego an all senge Facetten

Wat dës Zäitschrëft awer e bësse méi besonnesch mécht, ass dann ëmmer erëm hire Schwéierpunkt-Sujet, deen dës Kéier ganz am sozio-politeschem Trend läit. Bei dëser Editioun ass dee ganz kuerz an einfach: "Ech", oder méi komplex gesot, "Ich - Egozentrik und Egoismus".

Natierlech ass dëst keen neie Sujet an et sinn och net onbedéngt nei Erkenntnisser, déi een hei entdecke kann. Selbstverständlech gëtt de Mythos vum Narziss ausgegruewen an de Freud däerf och net feelen. E puer pseudopsychologesch Weisheeten iwwer de Gesondheetsgrad vum Egoismus an der Léift fir sech selwer ginn nei formuléiert, esou wéi déi eege Meenung op de soziale Medien.

Kënschtlech Intelligenz an toxesch Männlechkeet

Interessant ass de Bäitrag "Ohne Ich ist nichts" vum Reinhard Karger, dem Spriecher vum Däitsche Fuerschungszentrum fir Kënschtlech Intelligenz.

De Karger setzt sech mam Afloss vun der Ëmwelt op de Mënsch, senger Upassung a senge Verhalensprozesser auserneen, fir dann op den Afloss vu Publicitéiten op Internetsäiten anzegoen an zu enger vläicht iwwerraschender Erkenntnis ze kommen.

Den Historiker Wolfgang Schmale beliicht a sengem Artikel "Ich und Macht" den toxesche Mann. Dat traditionellt Familljebild wier néideg, fir dem duerchschnëttlechen toxeschen, männlechen Ech säi soziale Raum mat der negativer Entwécklung vun der Muecht ze garantéieren, seet de Schmale.

Hie kënnt zu der Konklusioun, datt keng Demokratie, kee Feminismus a kee Rechtsstaat et bis elo fäerdeg bruecht huet, en nohaltege Wandel vum männlechen Ech a senger Bezéiung zu der Muecht ze realiséieren.

Weider méi déifgräifend Artikelen analyséieren d'Doppelgänger-Motiv an der Literatur an den Ech an der Musek, an der bildender Konscht an am Kino.