Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Monaco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den "East Meets West"-Pionéier ass dout

CinEast 2016

Den "East Meets West"-Pionéier ass dout

De CinEast Filmfestival weist virun allem aktuell Filmer. Datt en och eng Retrospektiv mat Andrzej Wajda Wierker proposéiert, stellt sou eppes wéi eng Klammer a senger Programmatioun duer. Awer eng ganz pertinent, net just wéinst dem trauregen Zoufall, datt de polnesche Cineast während dem Festival gestuerwen ass.

auto_stories

3 min

Andrzej Wajda Foto: PISF

D'Begriefnes vum polnesche Realisateur Andrzej Wajda zu Krakau gëtt eng Privatfeier. Mee de grousse Mann vum polnesche Film gëtt awer och an enge sëllechen offiziellen Zeremonië geéiert. Den Zoufall wëllt et, datt hien och zu Lëtzebuerg en Hommage kritt. Dee war ursprénglech net fir säin Ofliewen - wat kee geplangt hat - mee fir säin 90. Gebuertsdag geduecht. De CinEast-Festival, deen elo scho fir d’néngte Kéier Filmer aus Mëttel- an Osteuropa weist, proposéiert haaptsächlech rezent Filmer. An nawell eng jett, déi op aneren, international bekannte Festivale wéi Berlin oder Locarno, Präisser gesammelt hunn. Do ass esou eng Mini-Retrospektiv éischter esou eppes wéi eng Klammer.

Andrzej Wajda: E pertinenten awer richtege Choix

Den Andrzej Wajda war ee Mann, dee bis ganz um Schluss aktiv war. Säi leschte Film ass déi polnesch Kandidatur fir d’Oscar-Nominéierungen dëst Joer. De Cineast huet am Laf vu senger laanger Carrière net nëmme wichteg Temoignagen iwwert déi onroueg polnesch Geschicht vum haaptsächlech zwanzegste Joerhonnert geliwwert. Déi politesch Repressioun, där hien ausgesat war, seng Reaktioun dorop, respektiv d’Ënnerstëtzung, déi en ausserhalb vu Polen, an notamment a Frankräich krut - dat Alles huet hien och an d’Ausland bruecht.

Do huet hie mat senge Filmer net just eng Fënster op deen anerwäerts zimlech zouenen Ostblock opgemaach. Datt hien dunn och am Westen, an dat deels nach während der Zäit vum sougenannten Eisene Rideau als Cineast aktiv war, mécht, datt hie fréizäiteg eppes verkierpert huet, wat eng Manifestatioun wéi de CinEast sech haut nach als Zil virhëlt: "East Meets West".

1957 éischt Auszeechnung um Filmfestival Cannes

De Wajda, oscariséiert fir säi Liewenswierk am Joer 2000, hat un der renomméierter Filmschoul vu Lodz geléiert. 1957 krut hie sou eppes wéi en éischte Ritterschlag vun der internationaler Filmkritik, wéi seng Aarbecht "Canal", iwwert de Warschauer Opstand géint d’Nazien, zu Cannes mam Prix Spécial du Jury ausgezeechent gouf. Befliggelt vun der internationaler Unerkennung, déi him hei entgéint bruecht gouf, hat de Wajda d’Moyenen, fir schonns d’Joer drop "Cendres et Diamants" erauszebréngen. E Film, mat deem hie sech als ee vun deene Realisateuren, mat deenen een definitiv misst rechnen, a senger Heemecht etabléiert huet.

Virlage fir seng nächst Wierker ware polnesch Sujeten, aus der Literatur awer ëmmer méi dacks och aus der Aktualitéit. Esou huet hien 1977 um Internationale Filmfestival zu Cannes säi Regime-kriteschen "L'homme de marbre" virgestallt. Dräi Joer drop war et "L'homme de Fer", iwwert d’Gewerkschaftsbewegung Solidarnosc - och dat ee Film, deen de kommunistesche Machthaber a sengem Land géint de Stréch goung.

De Film war aus Polen erausgeschmuggelt an ënner grousse Precautiounen op Cannes bruecht ginn, wou en als Film-Surprise lafen an den Haaptpräis d'Palme d’Or gewanne sollt. A Polen gouf iwwerdeems den Ausnamezoustand verhaangen a Membere vun der Bewegung goufe verfollegt. Et heescht, et wier wéinst där prestigiéiser Auszeechnung an internationaler Opmierksamkeet gewiescht, datt dem Wajda selwer de Prisong erspuert blouf.

"Persona non grata" a Polen

Datt den Andrzej Wajda a Polen selwer Persona non grata war, huet de Cineast an d’Ausland gedriwwen. Esou datt ënner anerem an Däitschland an a Frankräich Filmer entstane sinn: "Danton" oder och "Eine Liebe in Deutschland". Déi polnesch Geschicht huet de Wajda weider zu grousse Filmer inspiréiert, wéi "Korzcak" a "Katyn". Eng kleng Selektioun vu senge Filmer war oder ass um CinEast ze gesinn. Weider Hommage-Retrospektive wäerten dee Verstuerwenen hoffentlech nach éieren.