B-Radio Déi Eeleft Stonn

Déi neiste Kreatioun vun der Ekipep vum B-Radio ass e Märchen. E Märchen, dat sech ëm d'Ausgangsspär vun eelef Auer ofspillt. Et si magesch Momenter virum Hannergrond vun enger batterer Realitéit.

Michel Delage

20-12-21 B Radio Eeleft Stonn.png

"An nach esou vill Autoen ënnerwee ... All déi Luuchten, déi duerch d'Nuecht flitzen ... All déi Aktivitéit zu där spéider Stonn ... Wou ware se dann all? Wouhi gi se? Fir wat ze maachen?

Datt d'Zäit méi knapp gëtt, datt ee méi ze dinn huet, schéngt es ... Et huet ee jo nach esou vill wëlles, gell? Lauter Saachen, fir déi ee virdru fir d'Vrecke keng Zäit hat, wärend all deene Stonnen a Stonnen, déi een d'Luucht aus gekuckt a sech gelangweilt huet ...

Mee da geet et ganz séier ..."


Am Stéck ''Déi Eeleft Stonn'' héiert Dir d'Stëmme vun: Michel Delage, Valerija Berdi, Kerstin Thalau, Pierre Reyland, Gohar Sharoyan ... an nach eng Partie plus ou moins reell Personnagen!

Playlist:

  1. Jonathan Goldsmith: "Dreamland"
  2. Massive Attack: "One Thought at a Time"
  3. id.: "I am Home"
  4. id.: "Psyche (Flash Treatment)"
  5. The Cure: "A Forest"
  6. Amy Grant: "Back in baby's arms"
  7. Camillo Felgen: "Sag warum"
  8. Billy Idol: "Shock to the System"
  9. Susy Lentz: "Oweslidd"
  10. Pierre Reyland: ''Film Music''
  11. Iam: "L'Empire du côté obscur"
  12. Angelo Badalamenti: "The Black Dog Runs at Night"
  13. The Marvelettes: "The Hunter Gets cCptured by the Game"
  14. Angelo Badalamenti : "Moving Through Time"
  15. Massive Attack: "Joy Luck Club"
  16. Hallo Kosmo: "Hallo Menschen"
  17. Petula Clark: "La Nuit n'en finit plus"

Iwwer de selwechte Sujet, am Kader vun eiser Partnerschaft mat Kuk - Dem Kulturkanal fir Lëtzebuerg, hei d'Contributioune vu Kuk zum selwechte Sujet wéi eise B-Radio:

Ausgangsspär mat der Mme Paname

Couvre-feu mam Cindy

An der Mediathéik:

B-Radio / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

B-Radio Décke Gas
B-Radio

Näischt ass dem Lëtzebuerger esou helleg wéi säin Auto. Hei héiert Dir alles - oder bal - wat een iwwer d'Welt vun de véier Rieder muss wëssen. Also: De Gurt ugemaach a lass geet et!

Bradio Industrie.png
B-Radio

Zoumuddung fir d'Ëmwelt? Verschampeléierung vun der Landschaft? A wouhier ... D'Industriezone si Pärele vun eisem nationale Patrimoine! A mir vum B-Radio hunn hiert Potenzial erkannt!

Äppel-Komplott.png
B-RADIO

D'Realitéit hannert der Realitéit hannert der Realitéit... Léif Frënn vun de Verschwörungen, Dir braucht net weider ze sichen: wat si eis ëmmer wollte verstoppen, dat hu mir elo alles erausfonnt!

Sabotage
B-RADIO

Zocker an de Motor schëdden, d'Toilette verstoppen, laang Reuniounen ofhalen ... Krichstaktik, Instrument vum Widderstand - mat Sabotage, souguer um klengsten Niveau, kann een dem Feind esou richteg schueden!

B-Radio
B-Radio

Virun 250 Joer - oder dorëmmer - ass hien op d'Welt komm, de Ludwig Van Beethoven. Gestuerwen ass hien ... ni richteg. En Hommage vum B-Radio un dee "verréckte Genie".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen