Radioen

On air

De Moien  |  Pour les jeunes brésiliens, le retour aux études est semé d’embûches

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Verankert an där hypokritescher Gesellschaft"

Theater

"Verankert an där hypokritescher Gesellschaft"

E Businessmann, deen d'Flemm mam Liewen huet, e Strummert, dee seng Plaz verdeedegt an eng jonk Fra, déi op der Strooss lieft a vun enger grousser Carrière als Topmodell dreemt. D'Eva Paulin féiert Regie an "Déi aner Halschent", eng schwaarz-humoristesch Farce iwwert d'Erausfuerderunge vum Zesummeliewen an eiser Konsumgesellschaft. Ee Stéck vun a mam Jean-Paul Maes.

auto_stories

6 min

De Claude Faber als Hengen an de Jean-Paul Maes als de Strummert Demi

Den Hengen ass Geschäftsmann, een deen d'Flemm mat sengem Liewen huet. Hien huet eng Decisioun getraff: déi, sech vum ierdege Misère ze befreien. Lo sicht hien no der perfekter Plaz fir déi Decisioun mat Hëllef vun engem Seel an d'Praxis ëmzesetzen. Bei dësem finale Projet gëtt hien awer vun engem Strummert gestéiert an dee probéiert him regelrecht e Stréck draus ze dréinen: den Hengen hat nämlech grad säin Territoire ausgewielt fir sech vu sengem Liewen ze verabschiden.

Den Strummert (Jean-Paul Maeserkennt séier d'Potenzial vum suicidären Hengen (Claude Faber), a probéiert hie vu engem Plang ze iwwerzeegen: Deen, säin Doud ze filmen an op Youtube ze setzen mam Ziel endlech räich ze ginn. Den Demi, sou heescht den Strummert, behaapt no diversen Discussiounen, dann och nach, hien wär dem Hengen seng aner Halschent. Mat dëser Behaaptung mécht hien de liewensmidden Geschäftsmann net grad méi frou.

"Deen deen d'Wourecht dierf soen"

Mee den Hengen a seng Intentioune gi net just vum Strummert, mee och nach vum Tammy (Fréderique Colling) gestéiert. D'Tammy huet e groussen Dram: hatt well um Heidi Klum sengem "Fleeschmaart" eng grouss Carrière maachen, ernäert sech just vu Jughurt a Kréischelen a gesäit am Hengen d'Briet, dat him de Sprong an di grouss wäit Welt vu Fashion an Glamour erméigleche soll...

Souvill zu der Geschicht vun "Déi aner Halschent". De Jean- Paul Maes spillt net nëmmen de Strummert, mee ass och Auteur vum Stéck. D'Eva Paulin féiert d'Regie am Wierk, dat op den éischte Moment wéi eng burlesque Komedie wierkt, sech awer déifgrënneg a kritesch mat eiser Gesellschaft an de Rollen, déi jiddereen dra spillt, ausenanersetzt.

Et ass e Stéck, dat an d'Konzept vum Jean-Paul Maes passt. Seng Wierker halen ëmmer rëm en entlarvende Spigel vir, an zwar deen vun enger egozentrescher a klengbiergerlecher Gesellschaft an där mer liewen a vun där mer alleguer en Deel sinn. De Personnage vum Strummert ass an deem Konstrukt fir de Jean-Paul Maes "deen deen d'Wourecht dierf soen". "Den Hengen ass een, deen d'Konventioune wëll anhalen, obwuel hien sech wëll erhänken. Hien ass verankert an där hypokritescher Gesellschaft déi ech ëmmer méi feststellen zu Lëtzebuerg", seet de Jean-Paul Maes

"Een epuréiert, exakt Stéck"

Fir d'Regisseurin Eva Paulin ass et net déi éischt Zesummenaarbecht mam Jean-Paul Maes. Si inszenéiert säi Stéck an huet hien als Schauspiller op der Bühn. Eng Kollaboratioun, déi kéint schwiereg sinn, well den Auteur kéint kloer Virstellungen hunn, wéi d'Resultat op der Bühn sollt ausgesinn. Mee d'Eva Paulin huet virun allem vill Luef fir de de Jean-Paul Maes iwwreg. "Hien huet esou eng Maturitéit an dem Stéck, datt eigentlech näischt iwwerflësseges méi do ass. Ech hu ganz e puer Saache gestrach – an hie wëll ni datt eppes gestrach gëtt – mee bei dësem Stéck hat ech Méi eppes ze fannen fir ze sträichen, an dat ass ee Kompliment", seet d'Eva Paulin, déi vun engem "epuréierten, exakte Stéck" schwätzt.  

Och fir den Jean-Paul Maes ass eng kloer Trennung tëschent dem Verfaasser an dem Schauspiller bedeitend, och wann et sech an dësem Fall um eng an di selwescht Persoun handelt. Hien gesäit sech net als “déi aner Halschent” vum Auteur wann hien op der Bühn steet: "Ech muss jo och selwer meng Roll fannen, sou wéi wann se op engem friemen Text géif baséieren". Et wier och "onglécklech sech do anzemëschen", sou nach de Jean-Paul Maes. "Den Text ass eng Virlag an d'Regie kënnt dobäi mat hieren Fantasien an Iddien fi datt et ee Ganzt gëtt, an da kënnt och nach d'Fantasie vun den Acteuren dobäi". 

Eng Farce voller schwaarzem Humor

Erauskomm ass am Fall vun "Déi aner Halschent" eng Farce voller schwaarzem Humor, wou d'Personnagen net engem dacks an de Käpp verwuerzelten, iwwerflächlechen an ondifferenzéierte Bild entspriechen, mee aus dëser virgefäerdeger Rumm ausbriechen. ​

Iwregens ass d'Eva Paulin net just fir d'Regie, mee ass och fir d' Bühnenbild verantwortlech. De Budget vum Kaleidoskop-Theater ass begrenzt a sou kënnt d' Kuliss vum Centre Culturel am Nëssert zu Biergem der Gestaltung vun der Szenographie entgéint.

"Déi aner Halschent" gëtt bis de 19. Abrëll gespillt, ofwiesselnd am Beetebuerger Schlass an am Kulturzentrum "Beim Nëssert" zu Biergem.