Radioen

On air

Notturno  |  The Nels Cline 4 - Imperfect 10

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dee méi séissen Zocker vum Alter

Literatur

Dee méi séissen Zocker vum Alter

Dem James Leader säi Gedichtband "High Talk" (Editions Phi - Graphiti) thematiséiert den éiwegen Zyklus vum Liewen, dat heescht vum Männerliewen, a feiert déi séiss Friichte vum héijen Alter.

auto_stories

3 min

De gebiertegen Englänner James Leader, deen zanter enger Rei Joren déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, kennt een als Laureat vum Nationale Literaturconcours 2016 fir säi Roman "The Venus Zone". No engem éischte Gedichtband ("Men Pleasing Women") an zwee weidere Romaner huet hien ënnert dem Titel "High Talk" (Editions Phi - Graphiti) eng zweet Poesiesammlung verëffentlecht.

Wat an deem a véier Partien agedeelte Volume virun allem ervir stécht ass seng Kohärenz. Dem Lieser soll suggeréiert ginn, wéi d'Zäit vergeet. Der chronologescher Suite vu Liewenszäitalteren (Jugend, Erwuessenenalter, Maturitéit, Senilitéit) entsprécht d'Folleg vun de Joreszäiten. Beim James Leader ass et en éiwegen, mythologesch begrënnten Zyklus vum mënschleche Liewen - aus der Perspektiv vum Mann.

Séisse Süden vs Rauen Norden

De roude Fuedem, dee sech duerch High Talk zitt, ass de Prinzip vun de Géigesäz. Engersäits hu mer d'Sehnsucht nom geographesche Süden, de Fréijoer an de Summer (mat der Sonn, den Zitrounen, de Figen), d'Jugend an déi sexuell Erfëllung. Anerersäits ass et den Norden, den Hierscht an de Wanter, an dann natierlech d'Al-sinn. Mee dofir awer d'Léift, déi de lyreschen Ech an der Jugend esou vermësst hat:

"I, though, am a disgrace

To my youth -

Young, and in Paris,

And not quite in love"

De grandiose shakespearianesche Schicksaler ("great man, great flaw, great fall") ginn d'Limitte vum richtege Liewen entgéint gesat ("It is the fictions we build ourselves/And cannot live in"), an ideal Séilelandschaften ("illumination in deserts, temples/on mountain tops") kontrastéiere mat engem all ze mënschlechen Alldag ("the baby prattles on the kitchen floor").

Deemools war d'Liewe liicht, genee esou wéi d'Fraen. Et war den Zäitalter vun der Libesgëttin Aphrodite. Hautdesdaags lafe martialesch Fraen mat Päerdschwanz dem Mann, dee sech a se verkuckt huet, beim Jogging fort: mir sinn am "Age of Athena". Mee ass déi positiv Virstellung vun der Vergaangenheet net vläicht eng verkläerte Visioun?

"Memory photoshops, like an artist

sentimental, unreliable,

and betrays us

with the glamour of the past."

D'Luciditéit, d'Fäegkeet, sech selwer mat enger gewëssener Distanz, dat heescht ironesch ze betruechten, gëtt beim James Leader als ee vun de groussen Acquise vum räifen Alter gefeiert. An e Liewen als vollkomm bezeechne kann dee jéinegen, deen och déi rau Schéinheet vum Wanter a vum Verfall z'erkenne weess:

"Perhaps too much simple sweetness

saps the soul down South

(...)

To know summer's elations, and

winter's desolations,

the highs, the lows,

makes perhaps a richer sugar,

as in those late grapes"