Filmfestival 2016 Dee klenge Kino

Wéi koum d'Faarf an de Kino? Wéi entsteet e Soundtrack? Beim Film Festival gëtt ee villsäitege Programm fir Kanner a Jugendlecher gebueden. Niewent dem Filmhandwierk ginn och aktuell Sujeten thematiséiert.

Maxi Pesch / ys

Crazy-cinématographe-Photo©CNA_Romain-Girtgen.jpg
Crazy Cinématographe ©CNA/Romain Girtgen

Dëst Joer läit de Fokus vun de Workshopen um Toun am Film. Et gëtt zum Beispill e Workshop fir Bruitage ugebueden. An ee fir Filmmusek-Kompositioun. "Mir hunn een Atelier mat Linster Studios, wou si weisen, wéi Filmer op Lëtzebuergesch synchroniséiert ginn", erkläert d'Anne-Marie Krettels, Responsabel fir d'Programmatioun fir de jonke Public beim Filmfestival. An deem Kader gëtt ee Casting organiséiert, wou ee seng Stëmm kann testen.

Filmer fir Jonker

Bei der Film-Affiche setzt de Festival op eng pädagogesch Approche. Virun allem aktuell Sujete ginn ugeschnidden. "De Film "Ma petite planète verte" ass schonn ab dräi Joer. Do ginn déi kleng drop opmierksam gemaach, wat grad an der Welt geschitt, mat der Ëmweltverschmotzung."

Bei spezielle Seance fir Lycéeë geet et ëm Theme wéi Flüchtlingskris oder Anorexie: "Et sinn Themen, mat deenen déi Jugendlech sech beschäftegen, a wou mir hinnen hëllefen een neie Bléck op d'Welt ze kréien."

Donieft ginn Diskussiounsronnen a Präsenz vun de Realisateure vun de Filmer organiséiert. Am viraus kréien d'Schoulen een Dossier Pédagogique fir de Film virzebereeden. D'lescht Joer hätte verschidde Klassen sech nach zwee Méint nom Festival mam Biergerkrich a Syrie beschäftegt, deen thematiséiert gi war.

Kino wéi fréier

De Crazy Cinematographe gëtt een Abléck, wéi de Kino a senge Pionéierjoeren ausgesinn huet. An engem Zelt gi Stommfilmer gewisen, déi vun engem Bonimenteur an engem Pianist live vertount ginn. D'Thema vun dësem Joer ass den "Zauber vun de Faarwen". Mat coloréierte Filmer kritt de jonke Public gewisen, déi d'Faarf an de Kino komm ass.

Ee Jugendjury aus 7 jonke Cinéphilë vergëtt um Enn vum Festival ee spezielle Präis. An eng Equipe vu Jugendreporter sinn um Tour fir déi flottste Momenter vum Festival am Bild festzehalen.

An der Mediathéik:

Kultur / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

popcorn.jpg
Filmzyklus Pop(Corn) Culture

Et muss net ëmmer Héichkultur sinn. Och manner serieux Filmer beaflossen eis Siicht op d'Welt. Wéi a firwat, ass Thema bei "Pop(corn) Culture", engem Projet vun der Uni Lëtzebuerg. Déi plënnert dofir an de Kino.

Alexis Juncosa.JPG
Filmfestival 2016

Dësen Donneschdeg leeft déi sechst Editioun vum Luxembourg City Film Festival un. De Programmkoordinator vum Festival, Alexis Juncosa, erkläert wat um Ecran a ronderëm leeft. A geet och op de Budget vum Festival an. 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen