Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Virus aus der Kran-Perspektiv

Literatur

De Virus aus der Kran-Perspektiv

"L'Année du Rat. Les métamorphoses de l'homme confiné" (Phi) ass eng Sammlung vu kuerzen essayisteschen Texter iwwer d'Covid-Kris vum Journalist a Buchauteur Gaston Carré. Vill Rhetorik a wéineg Grëffeges.

auto_stories

4 min

Lues a lues kommen déi Bicher op de Maart, déi een als Confinements-Literatur ugekënnegt respektiv ugedreet krut. ''L'année du Rat. Les métamorphoses de l'homme confiné'' vum Journalist an Auteur Gaston Carré ass eent dovun.

Et ass eng Sammlung vu 34 kuerzen Texter, alleguerten op genee annerhallef Säite kalibréiert, ongeféier d'Längt vu senge Leitartikelen iwwer Baussepolitik am Lëtzebuerger Wort. Et sinn Iwwerleeungen iwwer déi verschiddenste Facettë vun der Covid-Kris, aus der Siicht vum Gaston Carré. Ageleet ginn dës Texter all Kéiers duerch eng Gedankespläiter, eng Zort Aphorismus.

"(U)n temps du silence"...

Den éischten Text mam Titel ''Eloge de l'inquiétude'' enthält deen heite Passage :

''On a beaucoup glosé durant les semaines révolues. On a entendu des psychologues, des philosophes, des poètes. Leur parole la plupart du temps était précieuse, mais il semble qu'un autre temps s'impose désormais, un temps de silence, qui permette à chacun de se définir - les croyants diront 'se recueillir'.''

Dee Passage hätte kéinte programmatesch fir de Rescht vum Buch sinn, ass en awer net.

De Gaston Carré liwwert grad Glosen, also Kommentaren, Interpretatiounen, genee wéi déi uewe genannte Psychologen, Philosophen an Dichter, déi een all Dag an de Medien héieren hat, an déi effektiv dacks interessant Ablécker ginn haten opgrond vun hiren iwwerflächlechen Andréck, mam Zil, Sënn aus dem Evenement Covid-Kris ze maachen.

Den Auteur mécht sech also seng Gedanken iwwer de Confinement, iwwer déi eidel Stroossen, iwwer d'Renconter mat der Handvoll Mënschen an och alt emol wëllen Déieren, deenen ee wärend där Zäit dobausse konnt begéinen.

De Virus an "déi Al"

Hie setzt sech mam Wiese vun deem Virus auserneen, mat der Aart a Weis, wéi de Virus eis verännert huet, mat der Bedeitung vun de Masken. Hie kënnt natierlech op den Dout ze schwätzen, an op déi revoltant ëffentlech Diskussiounen, déi een a Bezuch op déi eeler Leit huet missten erdroen:

'"La crise sociale avait imposé l'idée que l'on pouvait " dégager " un parti ou un élu, la crise virale suggère que l'on pourrait " dégager " les vieux aussi. A demi-mot bien sûr, ce n'est pas dit, c'est in petto, mais l'idée suit son cours et l'on subodore que nous sommes prêts à l'accueillir".

stellt de Gaston Carré provokativ fest.

An engem vun de wéinegen Texter, déi mech am Buch wierklech beréiert hunn, a vun deem ech emol ausginn, datt en autobiographesch ass, schwätzt den Auteur vun engem Jong, dee seng Mamm am Altersheem besiche geet. Iwwer déi allgemeng ausgedréckte legitim Fuerderung, de kranken Elteren nach eng leschte Kéier kënnen Äddi ze soen, seet hien, grad esou legitim: ''Mais qui, mon Dieu, souhaite approcher un père ou une mère pour lui dire adieu?''

Mee dësen emotionale Moment ass eng Ausnam am Buch - bis op nach en aneren Text, wou et ëm Homosexualitéit geet.

Vill ze wéineg perséinlech Momenter

Et ass net ze verstoen, datt d'Editions Phi ''L'année du Rat'' an hirer Kollektioun mam Titel ''autobiograPHIe'' verëffentlecht hunn, wou deslescht och der Carla Lucarelli hir Kandheetserënnerungen erauskomm sinn. Perséinleches gëtt een hei vum Auteur bal näischt gewuer.

De Carré hält seng vun 0815-Anekdoten ofgeleeten Iwwerleeunge ganz allgemeng, hie placéiert sech op den Niveau vun de Philosophen, schwätzt dacks am Numm vun engem ondefinéierten ''nous'' - seng Faszinatioun fir Kranen op de Chantieren, vu wou aus ee schéin iwwer allem steet, kënnt net vun ongeféier.

Grandiloquent Rhetorik

Dem Carré seng Rhetorik ass och deementspriechend, wierkt pompös, iwwerlueden, hie gräift bei senger Wuertwiel vill op de sakral-reliéise Beräich zeréck, hantéiert mat Referenzen, asw. Dës billerräich, stiermesch a grandiloquent Sprooch soll engem Evenement vu bibleschen Ausmoosse gerecht ginn: ob mer elo wierklech an esou engem Zenario dra sinn, doriwwer léisst sech diskutéieren. Mee entsprécht esou e Stil dem néidege Recul, der "situation de lucidité", déi den Auteur fir sech an Usproch hëlt?

Jiddefalls ass et eng Rhetorik, mat där sech am Fong gutt verstoppe léisst, datt et am Buch wéineg originell a grëffeg Gedanke gëtt. Vun deenen Iddien, déi net schonn direkt no der Lektür vergiess sinn, bleiwe virun allem déi méi ewéi ëmstridden hänken.

Iwwer eng infizéiert amerikanesch Fra, déi an engem Supermarché Wueren ofgeleckt huet, déi si sech net konnt leeschten, fält dem Gaston Carré näischt aneschters an, wéi de Virus als ''une arme, une hache à double tranchant aux mains des misérables'' ze bezeechnen. Datt grad an Amerika déi Aarm déi éischt Affer vum Covid-19 sinn, ass dem Wort-Journalist kee Kommentar wäert.

Viru Wochen hat emol een - et fält mer net méi an, wien - gemengt, datt een zwee, dräi Joer misst waarden, fir déi éischt gutt Literatur iwwer d'Covid-Kris ze liesen. Dat dierft wuel dem ''temps de silence'' entspriechen, fir deen de Gaston Carré selwer am Ufank vu sengem Buch plädéiert.