Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis fir dat bescht Hörspill

100,7 radiopräis

De Präis fir dat bescht Hörspill

2017 ass den 100,7 radiopräis an déi drëtt Ronn gaangen. Op en neits konnten AutorInnen aus Lëtzebuerg an der Groussregioun hir Texter fir den Hörspill-Concours areechen. Am Virfeld vun der Präisiwwerreechung de 7. Februar 2018 gëtt de Juryspresident Claude Mangen en Abléck hannert d'Kulisse vum Concours.

auto_stories

4 min

Zënter 2015 vergëtt de radio 100,7 all Joer e Präis fir dat bescht Hörspill? Firwat grad dat Format?

Claude Mangen: Wa mir als ëffentlech-rechtleche Radio keng Hörspiller produzéieren, wien da soss? Mir empfannen et als eis Aufgab, SchrëftstellerInnen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun z'encouragéieren, sech dëser Disziplin ze stellen. Mir kéinten natierlech e Wierk an Optrag ginn, mä duerch e Concours stelle mir eis méi breet op. Domat verloosse mir eisen Daily Business, fir gesellschaftlech Realitéiten erëmzeginn, a fuerderen déi kreativ Leit eraus, fir sech deene Realitéite mat fiktive Geschichten, literaresch an artistesch ze stellen.

Wat war da bis elo den Impakt vum 100,7 radiopräis?

Mam 100,7 radiopräis kruten zwee bis dohin nach net esou bekannten a manner etabléiert Schrëftsteller eng grouss Opmierksamkeet. De Frédéric Zeimet 2015 mam Text "Jrriue" an de Charles Meder 2016 mat "CyberTrappEd". Béid Wierker goufen ënnert professionelle Bedingunge realiséiert. Domat konnt de radio 100,7 SchauspillerInne vu Lëtzebuerg an aus der Groussregioun Aarbecht offréieren an dem Nolauschterer eng Exklusivitéit ubidden.

Ënnert wat fir engem Thema stoung d'Editioun 2017?

Mir probéieren um Bols vun der Aktualitéit ze bleiwen. Nom Flüchtlingsthema 2015 a Social Media 2016 si mir fir déi drëtt Editioun méi allgemeng ginn. Inspiréiert vum Charles Dickens sengem Wierk "Great Expectations", wollte mir wëssen, wat fir Erwaardungen, Visiounen an Dreem d'Auteure fir d'Zukunft hunn. Nieft der literarescher Form vum Hörspill, dat eng ongewéinlech Disziplin bleift, ass et net evident sech esou engem Sujet ze stellen. Trotzdeem bleiwe mir iwwerzeegt vun enger thematescher Orientéierung an hale fir 2018 um Konzept fest.

Wéi vill Leit hu matgemaacht an a wat fir enger Sprooch hu si agereecht?

Mir krute siwe Manuskripter geschéckt, wou keent deem anere gläicht. Sou verschidde wéi d'Geschichten, sinn och déi literaresch Approchen. Genee sou divers schéngen d'Perséinlechkeeten hannert dëse Wierker ze sinn. Dat geet vun Newcomer a jonken Talenter bis zu Professionellen aus der Zeen, an hin zu etabléierte Kënschtler, déi ee bis ewell net mat Schreiwen associéiert huet. Dräi Texter sinn integral op Däitsch, een op Franséisch, an een op Lëtzebuergesch. Déi aner zwee mëschen déi zu Lëtzebuerg gewinnte Sproochen, woubäi bei engem Text dat Englescht dominéiert.

De Jury huet säi Choix scho gemaach an de Gewënner gëtt de 7. Februar verkënnegt. Wat sot de Jury iwwert d'Qualitéit vun de Manuskripter a wéi konnt de Gewënner iwwerzeegen?

De Jury huet laang an ausféierlech diskutéiert a sech mat de Wierker seriö a professionell ausernee gesat. All Manuskript hat seng Qualitéiten an et ass drëm gaangen, aus deene ville gudden ee Gewënner eraus ze filteren. Nieft der Originalitéit vum Sujet, der literarescher Form an dem dramaturgeschen Opbau, spillt d'Ecriture eng wesentlech Roll. Ass den Inhalt aktuell, bleift d'Story spannend, iwwerrascht se de Lieser, respektiv den Nolauschterer, asw.? Alles dat si Froen, op déi de Jury eng Äntwert sicht. De Gewënnertext entsprécht ville vun dëse Critèren, iwwerzeegt duerch seng grouss literaresch Qualitéit, eng raffinéiert an originell Approche zum Thema souwéi e besonnesch subtillen Humor.

Den 100,7 radiopräis gëtt de 7. Februar am Mudam iwwerreecht, mat engem ganz neie Konzept. Wat erwaart de Publikum deen Owend?

Mir wëlle mat neie Formater experimentéieren, wou et dorëms geet, d'Hörspill nach méi bekannt ze maachen. Virun der offizieller Präisiwwerreechung, vun 18:00 un, kann de Visiteur sechs verschidde Radiosspiller am Mudam lauschteren. Dës bleiwen dee ganzen Owend iwwer disponibel. No der Zeremonie mixt den 100,7-DJ Marc Clement Auszich aus dësen Hörspiller a probéiert mat passender Musek eng nei an ongewinnten Atmosphär ze schafen. Wa mir bei deenen zwou Zeremonië virdru just ee Gewënner bekannt ginn hunn, geet et dës Kéier drëm, all d'SchrëftstellerInnen an d'Vitrinn ze stellen an de Fokus op si an hiert Wierk ze leeën. Och wann nëmmen ee Wierk ka gewannen, sou hu mir et derwäert fonnt, fir all d'Texter public ze maachen, ze valoriséieren an hir Auteuren z'encouragéieren.

Wéi geet et weider mam 100,7 radiopräis? Huet de Jury Recommandatiounen ausgeschwat fir d'Zukunft?

Éierlech gesot géife mir eis wënschen, nach méi Manuskripter kënnen ze liesen. De Jury huet sech dowéinst méi allgemeng mam Format vum Hörspill auserneegesat. Eis Literaturzeen huet wéineg Erfahrung domat. Grad dowéinst ass et derwäert, fir virunzefuere mam 100,7 radiopräis. Vläicht misste mir méi sensibiliséieren a reegelméisseg Plaz maachen am Programm vum Radio fir dat geschwate Wuert, sief et als Hörspill oder mat méi experimentelle Klangformater.


Den 100,7 radiopräis gëtt de Mëttwoch, 7. Februar 2018 vun 18:00 un am Mudam iwwerreecht. Weider Detailer zum Oflaf vum Owend fannt Dir hei. Reservéiert Är Plazen op 44 00 44 800 oder op events@100komma7.lu.