Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Migranten e Gesiicht ginn"

Film

"De Migranten e Gesiicht ginn"

"Le Chant des hommes", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun (Tarantula), déi elo am Kino uleeft, erzielt d’Geschicht vun engem Hongerstreik vu "sans-papiers". Béid Realisatricë Bénédicte Liénard a Mary Jiménez schwätzen am 100,7-Interview iwwert hire Film, den Tournage an der Stater Méchelskierch, d’Duerstellung vu Migranten, d’Schwieregkeete vu Fraen an der Filmindustrie, an iwwer engagéierte Kino.

auto_stories

10 min

© Tarantula

"Le Chant des hommes ass eng Reflexioun iwwert de Kollektiv, iwwert d’Aart a Weis, wéi e Grupp sech forméiert", erkläert déi belsch Realisatrice Bénédicte Liénard. Am Film géifen 23 Nationalitéiten zesumme kommen, mat all der Komplexitéit, déi dës kulturell Diversitéit géif mat sech bréngen. De Film géif géint de Stroum vun der dominanter Ideologie goen. “Eis fundamental Wäerter, déi mënschlech Basiswäerter, ginn - iwwert d’Figur vum Migrant - absolut mat Féiss getrëppelt”.

Et hätt ee kee militante Film wéilte maachen. “Mee en engagéierte Film, deen eng Iwwerleeung zouléisst, et dem Spectateur erlaabt, sech an eppes eran ze versetzen, dat en net kennt”. Déi mënschlech Dimensioun stéing am Mëttelpunkt: “mir gehéieren all zu enger selwechter Mënschheet, hoffen ech emol”, sou d’Bénédicte Liénard.

"De Passeur ass eng Erfindung vun eise Staten"

De Film thematiséiert och d’Korruptioun, an d’Figur vun de Passeuren. “De Passeur ass eng Erfindung vun eise Staaten. "Wann et d’Beweegungsfräiheet géif ginn, géifen d’Schleiser net existéieren”, seet d’Mary Jiménez. D’Peruanerin forméiert mat der Bénédicte Liénard een Duo vu Regisseurinnen, déi sech an der “sans-papiers”-Bewegung fonnt hunn: déi eng hat fotograféiert, déi aner war Aktivistin. Deemools hätt sech tëschent den zwou Fraen eng Solidaritéit entwéckelt, déi een op anerer hätt kéinten erweideren, sou d’Bénédicte Liénard. Um Filmset ass een dann net einfach nëmmen zu zwee, et entsteet een Drëtten, seet d’Mary Jiménez. “Dat gëtt eng aner Dynamik, et geet méi séier.”

Hire Film iwwert en Hongerstreik vu “sans-papiersspillt gréisstendeels an der Stater Méchelskierch, “eng vun deene schéinste Kierchen am Land”. Keen einfachen Tournage fir dëse Huis-clos, erënnert sech d’Bénédicte Liénard. Vun de kierchlechen Autoritéite wier ee ganz gutt empfaang ginn, mat den Aussoe vum Film wier een op enger Linn gewiescht. “Dat wat an der Politik passéiert, widdersprécht dem Message vum Evangelium”. Dee Bléckwénkel gëtt am Film vum Paschtouer André (Sam Louwyck) verkierpert.

"Fraekierper, deen net sexy ass, ee politesche Kierper"

D’Dréibuch vum “Chant des hommessetzt sech ënnert anerem mam Verhältnis tëschent de Leadere vun de Flüchtlingen auserneen: ee Mann an eng Fra, woubäi d’Fra sech och duerchsetze kann. Dem Mary Jiménez no hätt ee wéilten en anert Bild vun der Fra weisen, “ee plakege Fraekierper, deen net sexy ass, ee politesche Kierper”.

Nieft den Haaptrollen (Maryam Zaree an Assaâd Bouab) spillen eng ganz Rëtsch vun Amateuren am Film - deelweis hir eege Roll. Ee vun hinne war a sengem Land Zeie vun engem Massaker an engem Fussballstadion. D’Haaptactrice Maryam Zaree ass am Iran an engem Prisong gebuer, hir Mamm war zum Dout veruerteelt. “’Le Chant des hommeskënnt vun intensiven individuellen Erfahrungen”, erkläert d’Bénédicte Liénard.

"All dës Gesiichter erzielen d'Welt"

Wat geschitt, wa Profie mat Amateure konfrontéiert sinn? “E professionnellen Acteur, dee seng Zeen dausend Mol geüübt huet, steet op eemol virun der Densitéit vun der Realitéit”, sou d’Mary Jiménez. “Hien ass gezwongen a senger Roll ze wuessen, fir dem Amateur gerecht ze ginn”. Stilistesch gëtt am Film vill op Gros planë gesat, si sollen d’Wichtegkeet vun de Gesiichter ënnersträichen. “All dës Gesiichter erzielen d’Welt, d’Gesiicht ass och en Deel vun der Séil”, seet déi Belsch Realistrice Liénard. “D’Migrante sollen e Gesiicht kréien”, kompletéiert d’Mary Jiménez.

Fir de Film goufen d’Schauspiller physesch virbereet. Se goufe vun engem Dietetiker suivéiert, waren am Fitness-Sall fir als Hongergréviste glafwierdeg eriwwer ze kommen. “Mir hunn eist Zil erreecht: si hu Gewiicht verluer. Mee doduerch huet sech och ee Grupp fonnt, ënnert den Acteuren huet dat eng Solidaritéit geschaf”, sou d’Bénédicte Liénard.

Keng zweet Chance fir Fraen an der Filmindustrie

Hu Fraen, déi Filmer wëllen dréinen, et méi schwéier wéi Männer? D’Mary Jiménez hätt - eegenen Aussoen no - perséinlech ni Problemer gehat, fir weiderzekommen. An awer: “Um Tournage vu "Le Chant des hommes" hunn ech ee gewëssent Mësstrauen, eng gewësse Veruechtung gespuert. Dat huet misste konfrontéiert an ausgeschalt ginn”. D’Bénédicte Liénard ass der Meenung, datt “an der Kinosindustrie besonnesch vun de Frae verlaangt gëtt, ganz performant ze sinn”.

Eng Fra dierft sech keng Feeler erlaben, zemools wann d’Budgete méi héich sinn. Dofir géif och praktesch keng Fra eng grouss Produktioun leeden. “Wann en éischte Long métrage net gutt ukomm ass, gëtt et keen zweeten oder drëtten”. Selwer hätt d’Bénédicte Liénard d’Chance gehat, am Ufank vun hirer Karriär zu Cannes an der Kategorie “Un certain regard” selektionnéiert ginn ze sinn.

"Déi eng oder aner Zeen wäerten d’Leit ni vergiessen"

D’Filmindustrie ass männlech”, seet d’Mary Jiménez. Alles wier hierarchiséiert, dat wier - wéi et schéngt - méi efficace. “Ech weess net, ob eng Fra dat esou organiséiert hätt, esou funktionéieren d’Fraen net. Ech wëll kënne Saachen experimentéieren, ech wëll mech och kënnen ieren”, sou d’Regisseurin, där hiren éischte Film direkt um Festival vu Berlin gewise gouf. “Et gëtt een zu enger Efficacitéit gezwongen, duerch déi d’Filmer méi aarm ginn”.

Béid Regisseurinnen erhoffe sech vun hirem Film “Le Chant des hommes”, datt e laangfristeg wierkt, net séier konsomméiert, mee vum Spectateur fir sech an Usproch geholl gëtt. “An do kann e politesch ginn, dat interesséiert eis”, sou d’Bénédicte Liénard. An deem Sënn wier en och engagéiert. “Ech si sécher, datt et am Film déi eng oder aner Zeen gëtt, déi d’Leit ni wäerte vergiessen”, prophezeit d’Mary Jiménez. “An da wäerten se handelen”.

Mary Jiménez, Michel Delage a Bénédicte Liénard