Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Mënsch an dat méi wéi Mënschlecht

Kënschtlech Intelligenz

De Mënsch an dat méi wéi Mënschlecht

Wat ass den Zesummenhang tëschent Kënschtlecher Intelligenz a Kolonialismus, Ëmwelt a Bewosstsinn? Iwwer deen Themekomplex huet sech d'Curatrice Lucia Pietroiusti viru Kuerzem an enger Videokonferenz fir de Casino - Forum d'Art contemporain ausernee gesat.

auto_stories

4 min

Vill Theoretiker, déi sech mat kënschtlecher Intelligenz befaassen, ginn iwwer de reng technologeschen Aspekt vun der artificial intelligence eraus fir d'Wiese vun dësen neie Forme besser ze verstoen. Amplaz eleng vu Roboteren a Maschinnen ze schwätzen, beruffe se sech op méi allgemeng Kategorien, wéi zum Beispill d'Kategorie vum "méi wéi mënschlechen". D'Bezéiungen tëschent dem Mënsch an der kënschtlecher Intelligenz ginn domat an e méi breede Kontext gesat. Se sinn, souzesoen, eng vun de villen Erscheinungsforme vun der Relatioun tëschent dem Mënsch a senger Ëmwelt.

Och d'Lucia Pietroiusti beschäftegt sech mat dëse méi allgemengen, komplexen Iwwerleeungen, déi sech iergendwou tëschent Konscht, Geschicht, Philosophie, Anthropologie an aneren Disziplinne beweegen. D'Curatrice huet de sougenannten General Ecology Project an der Londoner Serpentine Gallery gegrënnt, wou all dës Reflexiounen an Zesummenaarbecht mat Kënschtler a Wëssenschaftler zesummekommen.

"The Shape of a circle in the mind of a fish" ass eng breet ugeluechten Initiativ, déi sech mat der Kommunikatioun tëschent den Aarten a Froen ëm d'Bewosstsinn ausenaner setzt. D'Zil vun dësem Reflexiounsprozess ass et, sou d'Lucia Pietroiusti, fir eng ganz Rëtsch vun Iddie ronderëm de Mënsch als Zentrum vun der Welt a Fro ze stellen.

"Zum Beispill, datt ee Sprooch bräicht fir ze kommunizéieren; datt ee wéisst wat mat 'Ech' gemengt ass; datt Planzen inert wieren; datt de Buedem net lieweg wier."

Dat grousst Ganzt

Mënsch, Maschinn, Natur, alles dat ass als en zesummenhänkend Ganzt, als Kontinuitéit ze gesinn - och dëse bei Theoretiker, déi sech ëm kënschtlech Intelligenz bekëmmeren, verbreete Gedanke mécht sech d'Lucia Pietroiusti zu eegen. D'Maschinn, oder den Algorithmus, kann een deemno net als eng vum Mënsch radikal getrennten Eenheet ugesinn. Villméi si se Produkter vum Mënsch selwer, spigelen oder reproduzéiere seng Gedankewelt, respektiv d'Gedankewelt vu Konzerner, déi hir eegen Interessien hunn:

"De Computerwëssenschaftler Eugene Chang bezeechent kënschtlech Intelligenzen, déi Sprooch generéieren, als "Mond ouni Gehier'. Algorithme kënnen Aussoe produzéieren, ouni awer de moralesch-ethesche Kader ze verstoen, bannent deem se se produzéieren. Dat ass awer mënschegemaacht. En Algorithmus gëtt mat groussen Datevolumme gefiddert a reagéiert deemno op mënschlechen Input. Algorithmen, déi eis Interaktiounen a soziale Medie steieren, generéieren extreme Langage. Se sinn eben net programméiert, fir Mënschen zesummen ze bréngen, mee fir datt se esou laang wéi méiglech um Ball bleiwen."

Dës reng zweckgebonnen Notzung vun neien Technologien ass eng Form vun Exploitatioun, déi gedanklech net wäit ewech läit vum Ausbeuten an Zerstéiere vun natierleche Ressourcen, an deemno och d'Ausbeuten oder d'Versklave vu Mënschen duerch Mënschen, zum Beispill am Kontext vum Kolonialismus. Wann e Vulkan ausbrécht, de Buedem wackelt oder d'Klima verréckt spillt, huet dat fir eis Mënschen eppes Onheemleches. Dobäi gëtt vergiess, datt dës Phenomener dacks op mënschlech Aktivitéiten zeréckzeféiere sinn.

Bewosstsinn a méi wéi mënschleche Wiesen

D'Serie "Westworld" vun 2016, an där Androïde vu Mënsche benotzt gi fir hir Gewaltfantasien auszeliewen, interpretéiert d'Lucia Pietroiusti als eng Metapher fir de Kolonialismus. Genee ewéi d'Mënsche verschaffen dës Androïden hir traumatesch Erfarungen an Dreem. Forme vu Bewosstsi kommen esou bei kënschtlecher Intelligenz zum Ausdrock:

"Den Dram ass et, deen d'Figuren a Westworld zu méi wéi mënschlechem Bewosstsi féieren, an vun do aus zu enger Zort politeschem Gewëssen a Mobilisatioun. Domat drängt sech d'Fro op, firwat grad Dreem esou mat der Iddi vu Geescht verbonne sinn. A kéint een ëmgedréint dovunner ausgoen, datt déi hypothetesch Méiglechkeet vum Dram bei engem méi wéi mënschleche Wiesen op e Geescht hiweist?"

D'Mënschen, sou d'Lucia Pietroiusti, kënnen awer och mat der Natur, respektiv mat der méi wéi mënschlecher Realitéit zesummeschaffen. Si zitéiert d'Beispill vun de franko-kanadescher Kënschtlerin Kapwani Kiwanga, déi an hirer Installatioun mam Titel "Potomitans" gëfteg Planzen a Blieder gewisen hat, mat deene sech ënnerdréckte Populatioune géint hir Kolonialhäre gewiert haten.

"An engem Zeitungsinterview sot d'Kiwanga: wann ee keng Waffen huet, wa se engem ewech geholl goufen, da kann een Alliéierter an der natierlecher Welt fannen. An där Situatioun hu mer et mat enger Kooperatioun tëschent Mënschen a méi wéi mënschleche Wiesen ze dinn, an där Komerodschaft, Widderstand a géigesäiteg Hëllef an de Mëttelpunkt geroden, amplaz vun Extraktioun."

Esou oder änlech kéint deemno och eng Kooperatioun tëschent Mënsch a Maschinn ausgesinn, ewech vun enger radikaler Trennung tëschent de Kategorië mënschlech a méi wéi mënschlech.


D'Lucia Pietroiusti huet den 28. Januar fir de Casino - Forum d'Art contemporain d'Videokonferenz "Deep Time, Deepdream, Deepmind" gehalen. D'Presentatioun war Deel vum Konferenzzklus "Am I AI? Into the deep of AI".